Am rumänesche Schnéi konnt de Pascal Becker den Dacia Duster testen an iwwert d'Fro philosophéieren, wéivill Auto, dass een iwwerhaapt brauch.

Mir si verwinnt. Mir Automobilisten. Mir Journaliste souwisou. Heiansdo deet et gutt zeréck op de Buedem ze kommen. Back to basics. En Auto soll véier bis fënnef Leit an hiert Gepäck waarm an dréchen vun A op B bréngen. Dat ass d’Kärmissioun. De Recht ass Luxus. Hype.

Den Dacia Duster trëtt am Fong de Beweis un, dass och e gutt gemaachte Plat du Jour richteg schmaacht. Ouni dass een déi deier Kaart vermësst.

SUVs si Moud. An dem Duster säin Design versprécht déi kanteg Outdoor-Kompetenz vun engem Holzfällerhiem. Optionellen Allrad weist, dass dat keen eidelt Verspriechen ass. Traktioun ass och am rumänesche Wanter kee Problem.

En Deel vun der Dacia-Recette ass et, bewährte Renault-Ingrediente frësch opzekachen. Engersäits sinn esou Entwécklungskäschte schonn ofgeschriwwen, anerersäits kann een hoffen, dass Kannerkränkten auskuréiert sinn. Wat vläicht erkläert, firwat Dacia méi laang Garantie wéi Renault gëtt. Dräi Joer fir den Duster.

Bei dësem Wieder ass eng Sëtzheizung méi wäert wéi e Lane Assist. Leit, déi ëmmer dee leschte Modell Smartphone mussen hunn, wäerte wuel mat Opléisung a Gréisst vum Touchscreen net glécklech ginn. Déi aner notéieren, dass den Navi een awer un d’Zil bréngt an de Radio mol guer net esou schlecht ass. Grad wéi de Sëtzconfort an de Volume vun der Mall. De stateschen Deel vun der Basis-Missioun wier domatter méi wéi erfëllt.

Wéi gutt fiert sech den Duster? D’Konditioune sinn elo net wierklech optimal fir erauszefannen, op e wierklech 190 rennt. Par contre kann ech feststellen, dass d’Traktioun gutt ass, an den ESP säin Handwierk kennt. Och d’Fiederungschoixe sinn déi richteg. Confort huet kloer Prioritéit viru Sport. Wat net verhënnert, dass den Duster am normale Betrib gutt läit.

En ass esouguer iwwerraschend liichtgängeg am Ëmgang. Schaltung a Lenkung loossen sech mat zwee Fangere bedéngen. Am urbanen Terrain, am Shopping- a Schouldéngscht, wou déi meescht SUVs bei eis hiert Brout verdéngen, ass dat keen Nodeel, och wann et op Käschte vun der Réckmeldung geet.

Liicht ass en iwweregens och op der Wo. Ronn 1300 Kilo si wéineg fir en SUV. Dat ass positiv fir Fuerleeschtunge a Verbrauch, ënnert 6 Liter, an et erlaabt dem Duster, sech och am Offroad net ze blaméieren. Et gëtt zwar kee Redukter, mä den éischte Gang vun der Boîte ass extrem kuerz iwwersat.

Zäit fir iwwert Motoren ze schwätzen. De Leeschtungskatalog fänkt bei 95 un an hält bei 150 op. Wien Allrad wëllt, kritt automatesch 115 Päerd, Benzin oder Diesel. Den Diesel ass kräfteg a spuersam, de Benzinner lahm an duuschtereg. Mä 2’500 Euro méi bëlleg.

Iwwerhaapt de Präis. En Antrëtt bei 11’600 Euro, en Allrad-Diesel fir 19’000. Ouni vill grouss Schiermer an elektronesch Assistenten. Mä 3 Joer Garantie. Do gesäit d’SUV-Konkurrenz op emol richteg deier aus.