England géint Däitschland, Drama géint Sachlechkeet, AstonMartin Vantage géint Porsche 911. Deen een ass fir eng Nuecht, deen anere fir ze bestueden...

De Wanter kënnt, wéi se bei “Game of Thrones” soen. An e puer Joer erlaabt d’EU eis nëmmen nach selbstbremsend Sécherheetsapostelen. Elo wier also vläicht de richteg Moment, sech nach ee vun de leschte Carnivoren an d’Garage ze stellen, iert se definitiv kastréiert ginn oder ausstierwen. Mir sinn hei fir ze hëllefen. Porsche Carrera 4S oder AstonMartin Vantage V8.

Fir deen Auspuff duerch Sandweiler ze kréien, huet wuel d’Queen perséinlech intervenéiert. Gewënner Sound: Aston! A soss Affaire de Gout. Den 911 ass esou eppes wéi de Golf ënnert de Sportsween. Zäitlos elegant an awer iergendwéi schonn dausend mol gesinn. De Vantage dogéint ass opreegend, et ass de Kamasoutra op véier Rieder.

Net all Positiounen an deem Buch si confortabel. D’Sëtzer an eisen zwee Kandidaten awer schonn. Dass den Aston hei rout Akzenter mat Dominastudio-Flair kombinéiert, ass eng vu villen Optiounen.

Am direkte Verglach ass den Test-Porsche klinesch schwaarz. Dogéint kannt de Katalog hëllefen. Den 911 huet awer kloer dee méi modernen Infotainment a schéngt wéi aus engem Granitblock gemeesselt. Den AstonMartin ass zwar och net schlecht, mä huet méi en artisanale Feeling.

Et brauch ee just déi zwee Autosschlësselen niewenteneen ze leeën fir den Ënnerscheed ze dokumentéieren. Hei e klobege Plastiksblock, do e präzisiounsgefräste glatgeschlaffenen Artefakt. Finitiounsgewënner kloer Porsche.

“Handbuilt in England”, steet houfreg um Vantage. Hei keeft een also Agente-Flair. Bei Porsche éischter Boss vun der Staang. Esou de Message. Wann et allerdéngs zu engem haarde Brexit sollt kommen, hätt AstonMartin e ganz sérieuxe Problem. E klenge Constructeur kann haut net méi alles selwer maachen. Motor, Schalteren an Infotainment kommen näämlech vu Mercedes. Wat u sech net schlecht ass. Mä net esou exklusiv wéi erwaart. My name is Bond. Johannes Bond.

Den 911 huet zwar kee Schleidersëtz, mä e kann ëmmerhin d’Nues hiewen fir besonnesch béis Trottoiren z’entschäerfen. A wa mir beim Praxisdeel sinn: de Porsche seng viischt Mall ass net riseg. Plënnere kann ee mat kengem vu béiden, mä d’Aston-Mall ass e gutt Stéck méi grouss. Mä e Porschist weess sech ze hëllefen. Hannert de viischte Sëtzer ass Plaz fir Gepäck an esouguer kleng Kanner. Ouni Been.

Sou, dat war et fir de Pflichtdeel. Endlech fueren. A wa mir schonn eng Piste vun iwwert zwee Kilometer hunn, kënne mir direkt eppes kloerstellen.

De Vantage huet 8 Zylinder, 4 Liter, 510 Päerd, 685 Newtonmeter. Dat mécht aus dem 911 den Underdog. 2 Zylinder, 1 Liter, 60 Päerd an 150 Newtonmeter manner. En huet zwou Trompkaarten. Allrad fir Grip beim Start. A Gewiicht. De Porsche ass 150 Kilo méi liicht.

Mat phenomenaler Traktioun zitt de Porsche u wéi eng Kanounekugel. Dat war mam Allrad z’erwaarden. Méi iwwerraschend ass awer dass e säi Virsprong hale kann, trotz Leeschtungsdefizit.

De Vantage rennt theoresch 314 an der Stonn, 8 méi wéi de Porsche. Wou dat iwwerhaapt nach méiglech soll sinn, steet op enger anerer Säit. Esouguer hei op enger Fligerpist war bei knapp 280 Schluss, wann een nach wollt ouni Schierm stoe bleiwen. Mä egal. Mir hunn e Performance-Gewënner: Porsche 911 Carrera 4S.

Genuch gespillt an zeréck bei den haarde Business vum Testen. Hei op de Stroosse vum ricthege Liewen hu se allebéid Leeschtung am Iwwerfloss. A si sinn och erfreelecherweis kompakt genuch fir dass se op enke Stroossen am Alldag ëmmer Spaass maachen. Mä et ginn Ënnerscheeder.

Eigentlech sinn eis zwou Sportskanoune ganz passabel GranTurismoen. De Sëtzconfort ass a béiden Autoe gutt an d’Fiederung net iwwerdriwwen haart. Stéierend op laange Strecke sinn awer d’Ofrullgeräicher vun de breede Pneuen. An déi sinn nach méi present am Vantage. Wou een och net esou gutt erausgesäit. De Präis vum chicen Design.

Kéiere si bekanntlech d’Salz an der Zopp vum Fueren. An emol méi hu mer zwee iwwerzeegend Kandidaten, déi hiren eegene Wee ginn. Präzisiounsméisseg operéiert den Aston am Zentimeterberäich. Wougéint de Porsche scho bal a Milimeter rechent. Dat eent ass e schaarft Messer, dat anert e Skalpell.

Den 911 huet och optionell e System wou déi hënnescht Rieder intelligent matrenkelen. Bei nidderege Vitessen dréinen se deen anere Wee wéi déi viischt, wat den Auto méi handlech mécht. Bei méi héiche Vitesse da renkele se an déi selwecht Richtung, wat Stabilitéit bréngt. An dat funktionnéiert!

De Vantage ass e Risefortschrëtt par Rapport zuM Vantage. Gutt ausbalancéiert, mat engem elektronesch gesteierten Differential wat säi bescht mécht fir 510 Päerd iwwert nëmmen zwee Rieder op d’Strooss ze bréngen. Fun am Dréchenen. Mä op naasser Strooss brauch ee Respekt. Oder Talent a vill Plaz. Do léisst een am beschten Traktiounskontroll an ESP ageschalt.

De Porsche ass op d’mannst als Allrad-Carrera iwwerraschend guttmiddeg fir en Auto, deem säi Motor hanne läit. Och wann alles ausgeschalt ass. Den 911 ass och e gutt Stéck manner duuschtereg. Wat Leit, déi sech dës Zort vun Auto leeschte kënnen, net onbedéngt wuermt. 159’000 Euro fir den Test-992, woubäi et wéi ëmmer bei Porsche problemlos méiglech ass, nach vill méi an Optiounen ze stiechen. Am Katalog fänkt de Vantage do un, wou de Porsche ophält. Eisen Exemplaire koum mat Optiounen op 170’000. Dofir kritt een dann haaptsächlech méi Sound a méi Drama wéi beim 911. An dat ass absolut OK.

Eise Fazit: de Vantage gären ëmmer erëm fir eng wëll Nuecht. Mä wa mir ee misste bestueden, da wier dat de Porsche.

VIDEO: AstonMartin Vantage & Porsche 911
England géint Däitschland, Drama géint Sachlechkeet, AstonMartin Vantage géint Porsche 911. Deen een ass fir eng Nuecht, deen anere fir ze bestueden...