D'Zäiten ännere sech. Den alen DS3 war emol e kompakte sportleche Citroën. Elo ass DS eng eegestänneg Marque an den DS3 ass e SUV mam Numm Crossback.

Dat heiten ass e Mirage 3. Gebuer an der zweeter Halschent vun de 50er Joeren, zäitgläich mam éischte Citroën DS. De Fliger war den Antrëttsticket fir Frankräich an déi aeronautesch Élite. An en Exportsuccès. Bei Kampfjets huet et geklappt. Bei Moud, Parfum a Wäin souwéisou. Just bei Luxusautoen hat déi French Touch et nach ëmmer schwéier fir de Mainstream z’iwwerzeegen. An den DS3 Crossback soll dat änneren.

Den DS3 dréit moudebewosst e SUV-Look. An ech behaapten emol dass de Kräsi vum Parking déi extremsten Offroad-Erfahrung a sengem Allrad wäert ginn. Ästhetesch ass e jiddefalls gelongen. A e bréngt Substanz mat fir seng Luxusambitiounen.

Diergrëffer, déi erausfueren wann ee méi no kënnt, sinn e léiwe Gadget. LED-Matrix-Luuchten awer e sënnvollen, deen an dëser Klass rar geséint ass. A wann der op Headup-Displays stitt, och dat ass ze kréien.

Analog Instrumenter ginn et hei keng méi. E breeden Touchscreen an der Mëtt, an en Display hannert dem Steierrad. Den Design ass bewosst anescht. Et soll een direkt spieren, dass en DS sech ofsetzt. Dat klappt ästhetesch an haptesch net schlecht. Och wann et e bëssen op d’Käschte vun der Ergonomie geet.

Esou sinn d’Knäppercher fir déi elektresch Fensteren net an den Diere mä onpraktesch an der Mëttelkonsol. Wou direkt niewendrun en identesche Knäppche fir déi elektresch Handbrems lauert. A jo, ech hu gebremst amplaz ze lëften. Awer nëmmen eemol. Ech si jo e Profi.

Eng grouss “bonne note” gëtt et fir déi viischt Sëtzer, wou DS mat neie Schaumstoffer schafft. Superconfortabel. Hanne setzt een och net schlecht, mä d’Raumgefill muss sech dem Design fügen. Lëfteg ass anescht. A bon, d’Mall ass net gigantesch. Mä et keeft jo och keen eng Vuitton-Posch well besonnesch vill drageet.

Mir ware fir den Test an der Géigend vu Monaco. Do lackelen d’Spéciale vum Rallye MonteCarlo. Mir haten dee stäerkste Crossback. Deen aus 1200 Kubik, dräi Zylinder an engem Turbo an e bësse Benzin 155 Päerd mobiliséiert.

Net genuch fir dem Loeb säi Schlof ze stéieren, mä méi wéi adäquat fir déi 8-Gang-Automatik op Trapp ze halen. E sympathesche Motor. Et ginn och zwee Dieselen an Enn vum Joer kennt dësen Auto esouguer an enger reng elektrescher Versioun, genannt E-Tense. Bis dohi si mir Fans vum Dräizylinder, deen extrem roueg leeft. Mä zeréck bei d’Thema Kéieren.

Dat hei ass wuel kee GTI an trotzdem ass de Chassis op dëse verwénkelte Stroossen a sengem Element. Et gëtt genuch Spaass a Präzisioun. Wat awer am meeschte beandrockt ass de Confort. Net nëmmen dee vun der Fiederung, dee wierklech gutt ass. Mä virun allem och de Geräichconfort, deen ëm e gudde Krack méi héich ass, wéi dat wat een an dëser Kategorie bis elo erwaart huet.

Dat gëllt allerdéngs och fir d’Präisser. E Crossback fänkt knapp ënnert 23’000 Euro un a ka gären u 35’000 knabberen. Luxus war nach ni bëlleg. Mä dat hei ass net einfach nëmmen en opgetakelte Citroën. An et muss een DS gutt halen, eng interessant Alternativ zum üblechen Teutonium unzebidden. Vive la différence!