• De PLUS

    • Fuerleeschtungen & Verbrauch
    • Chassis
    • Finitioun
  • De MINUS

    • elektresch Servo ouni Feedback
    • Präis no Optiounen

Och wa BMW mat sengen X-Modeller op der SUV-Well reit, hu si hir klassesch Modeller wéi den 3er net vergiess. De Bilan vum Pascal Becker fält gemëscht aus.

Resistenz ka vill Formen unhuelen. Manifestéieren. Net follegen. Oder ganz einfach eng klassesch 4-diereg Limousine bauen. Wann all d’Marketingsdepartementer vun der Welt iwwerzeegt sinn, dass den urbane Keefer onbedéngt en SUV bräicht fir den Trottoir eropzeklammen.

Den neien 3er BMW léisst d’Trottoire deenen, deenen se gehéieren. Foussgänger a Bistrotsterrassen. A mir hunn en hei mat Allrad. Also gëtt et och am Wanter keng Excuse fir e Pseudo-Offroader.

Fir BMW ass den 3er esou eppes wéi d’Häerzstéck vun der Marque. Et ass nach ëmmer dee meeschtverkaafte Modell. An esou eppes däerf een net an de Sand setzen. Ästhetesch gëtt et hei näischt wat Traditionaliste kinnt verschrecken. Et spillt een op Muskelen ënnert dem Kostüm.

Raumrekorder iwwerléisst ee bewosst aneren. D’Plaz hannen ass gutt, méi net. D’Mall ass gewuess, mä huet ëmmer nach keng immens grouss Ouverture. Wien Autoen alleng duerch den Transportprisma kuckt, läit hei donieft. Et geet ëm d’Fueren, net ëm maximale Cargo.

Dat konnten d’Virgänger och schonn. Si waren am Konkurrenzkampf fir de schéinste Plastik an déi beschte Finitioun awer e Krack hannert Audi oder Mercedes gerutscht. Do huet deen neien erëm Uschloss fonnt. An e kann esouguer verschidde Saachen definitiv besser. Et gëtt en Touchscreen fir déi, déi dat Smartphone-Gefill net wëlle vermëssen. Mä et kann een den Infotainment och parallel iwwert de gudden alen iDrive-System operéieren. An den Dréi-Dréck-Knäppchen ass engem Touchscreen sécherheeetstechnesch haushéich iwwerleeën. Well een d’Aen op der Strooss hale kann, aplaz ze viséieren, wou e Fanger op engem glaten Écran drécke soll.

Den Testauto war natierlech mat Optioune gerëscht wéi e Chrëschtbeemchen. Beandrockt hunn d’Laserluuchten. Si erhellen d’Strooss op engem halwe Kilometer. An erliichteren de Portmonni ëm knapp 1’700 Euro.

Beim Fueren ass den éischte Gewënner de Confort, esouwuel an der Aart a Weis wéi Knubbelen a Welle vun der Fiederung geschléckt ginn, wéi och bei der Geräichisolatioun.

Motor an 8-Gang-Automatik harmonéire gutt. 190 Päerd si fir en Zwee-Liter-Turbodiesel haut Klassemoyenne. Woubäi de BMW e wéineg méi dréifreedeg a méi spuersam ass wéi d‘Konkurrenz, och wa 6½ Liter op 100 Kilometer keng Rekorder briechen. Mä de Motor erfëllt déi allerleschten Ofgasmnorm an däerf sech also net esou einfach aus Stied verbidde loossen.

Radstand a Spuer si gewuess, mat positiven Effekter op Stabilitéit an Agilitéit. Well Confort awer elo méi e groussen Deel am Mix anhëlt ass den neien 3er an där Hisiicht méi Mainstream ginn.

Wann een elo Wäert op Premiummatièren a grouss Écranen leet, da ginn et e puer gutt Adressen, emol net alleguer an Däitschland. Wann Dir awer spezifesch e BMW kaaft, ginn ech emol dovunner aus, dass Fuerdynamik fir Iech wichteg ass. Do sidd Dir hei richteg. Den neien 3er huet mat dee beschte Chassis a senger Klass. Just déi elektresch Servo, déi kinnt a Saache Réckmeldung wäertvoll Nohellefstonne bei der Hydraulik vu mengem alen E90 huelen. An dat ass schued.

Schued, well BMW jo bewisen huet, dass se et e besser kennen an iergendwéi dovunner ausginn, dass dat fir den Duerchschnëtts-Chauffer wuel net esou wichteg ass wéi de ganzen elektronesche Schnickschnack.

Vläicht hu se recht. A kucken op d’Leasingflotten an déi 59’500 Euro, déi eisen Testauto kascht. E schéinen Auto. Just net esou kommunikativ wéi säi Bop. Et ginn awer nach Leit, déi just Réckmeldung wëllen an op Assistenzsystemer a Connectivitéit päifen.  Mäi privaten 320d huet aacht Joer an iwwer 170’000 Kilometer. Ech sinn net presséiert, en ze ersetzen. Och dat ass Resistenz.

VIDEO: BMW 3er
Och wa BMW mat sengen X-Modeller op der SUV-Well reit, hu si hir klassesch Modeller wéi den 3er net vergiess. De Bilan vum Pascal Becker fält gemëscht aus.