An den 90er Joeren hat den Honda NSX de Ruff als Porsche- a Ferrari-Killer. Elo feiert Honda de Comeback vum NSX. De Pascal Becker mat enger Zäitrees!

Dat hei ass eng Geschicht, déi fänkt virun 29 Joer un. An si verlaangt e bësse Stretching. Den Honda NSX war ni en Auto fir Leit, déi e bësse steif sinn, oder zwee Meter laang sinn. An dach!

1990 bauen d’Japaner den éischten NSX. V6-Mëttelmotor, Aluminiumskarosserie. E wierdege Konkurrent fir Porsche a Ferrari. Deemools sollt den NSX awer net nëmmen e Sportler sinn. E sollt gläichzäiteg en Honda bleiwen. Zivliséiert am Alldag, mat iwwerraschend grousser Mall. Spuersam. An natierlech zouverlässeg.

Do wou deen alen NSX ee V6 mat 274 Päerd huet, huet deen neie véier Motoren! E V6 mat 507 Päerd, an dräi Elektromotoren (een hannen, zwee vir). Zesumme mobiliséieren déi véier Aggregater 581 Päerd.

Dat nennt ee Fortschrëtt. Banne gesäit een och, dass d’Zäit viru gaangen ass. An trotzdem muss sech deen neien dee selwechte Reproche gefale loosse, wéi deen alen deemools. Gutt verschafft a funktionnel wuel, mä ouni dee spezielle Flair, deen d’Konkurrenz bitt. Besonnesch den Navi gesäit bëlleg aus a kascht trotzdem extra.

Den Original-NSX lieft vum Mythos, dass den Ayrton Senna un der Entwécklung vum Chassis bedeelegt war. An e läit och haut nach extrem gutt. Wou een den Alter krass mierkt, ass bei de Bremsen. Déi optional Keramik-Stopper vum modernen NSX kaschten zwar iwwert 11’000 Euro extra, mä si sinn net kleng ze kréien. Dogéint wierken deem ale seng kleng stole Scheiwe wéi Camembertsdeckelen.

Deen alen ass net onconfortabel. Mä beim neien erreecht d’Polyvalenz eng aner Dimensioun. Den NSX huet zwou kloer getrennte Perséinlechkeeten. Op Sport-Plus ass et e messerschaarft Circuits-Instrument, haart a präzis. An dann: en Duebelklick an de Motor geet aus, et rullt een elektresch duerch eng Uertschaft an d’Fiederung ass esou geschmeideg wéi déi vun engem normalen Auto. De Laangstreckeconfort ass iwwerraschend gutt.

Wann een et drop ukomme léisst, ass den alen NSX a 6 Sekonne vun 0 op 100. Bal duebel esou laang wéi deen neien. Obwuel 270 net lues sinn, hunn ech awer d’Gefill, dass en d’Potential vun deem neie vu ronn 310 abremst.

Déi neng Gäng leien enk beieneen, wéi bei engem Cross-Motorrad. An d’Elektromotore liwweren instant Dréimoment, laang iert déi zwee Turboen erwächen. Esouwäit zu de gudde Säite vum Hybrid-Prinzip. Déi net esou gutt. Do wier emol d’Gewiicht. An dann de Fait, dass zwee kleng Elektromotoren op der viischter Achs aus dem NSX kee vollwäertegen Allrad maachen. Wien doropper zielt, fir sech op naasser Strooss aus brenzelege Situatiounen ze zéien, kann emol erféiert ginn.

Mat engem Sak voll Kéieren an op dréchener Strooss huet den NSX awer sérieuxe Suchtpotential. Chassis a Lenkung liwwere superb Réckmeldung. Wierklech top. Top ass allerdéngs och de Präis. 226’000 Euro fir den Testauto. Dofir kritt een och e McLaren 570S oder e Porsche 911 Turbo S. Déi äHnlech oder zum Deel besser Fuerleeschtungen ouni Hybrid fäerdeg bréngen. An definitiv méi breet Sëtzer hunn. Meng Jeansgréisst 34 ass am NSX nwell extrem gutt gehalen.

VIDEO: Honda NSX
An den 90er Joeren hat den Honda NSX de Ruff als Porsche- a Ferrari-Killer. Elo feiert Honda de Comeback vum NSX. De Pascal Becker mat enger Zäitrees!