• De PLUS

    • vill Plaz
    • Confort
    • agreabel ze fueren (1.6 TDI)
  • De MINUS

    • vill ze laang iwwersat (1.0 TSI)
    • plazeweis haarde Plastik
    • Golf-Plaz zu quasi Golf-Präisser

De Scala ass e Golf-Cousin mat Polo-Technik. Mä wat kann de Scala besser wéi säi Virgänger Rapid? De Pascal Becker wollt dat a Kroatien erausfannen.

Mir sinn op der kroatescher Riviera well Skoda e Problem huet. Den Octavia huet vill Succès, ënnert anerem well e méi grouss wéi e Golf ass. Mä drënner ass marketingstechnesch nach e Lach. Wat de Rapid ni gefëllt huet. Dofir also elo de Scala. E Skoda a Golfgréisst. Mat méi Plaz. Mä op Basis vun engem vergréisserte Polochassis. Esouvill zur Konzernkichen.

D’Resultat ass en Auto, dee fir seng Kategorie fir d’éischt emol richteg vill Raum bitt. Net nëmmen an der Mall, wou de Kombilook och Kombiqualitéite mat sech bréngt, mä och fir d’Passagéier, esouguer an der zweeter Rei. Wou een definitiv méi Plaz wéi an engem Golf huet.

Et setzt een also wierklech gutt. A wann een déi richteg Haisercher bei der Commande ukräizt, ginn et méi wéi genuch Spillsaachen. Där wichteger an där nëtzlecher. An där irritanter wéi de LaneAssist, dee wéi Herpes ëmmer erëmkënnt, esoubal een d’Zündung aschalt.

Ech weess, dass e puer Leit sech dorunner net stéieren. Mä wat géift Dir soen, wann d’Heizung all Kéier erëm op 35 Grad spréngt, egal wat fir eng Temperatur Dir virdru gewielt hutt? Wann ech u mengem Auto eppes ausschalten, soll et ausgeschalt bleiwen. Basta!

Vläicht war et de Reen, dee mech granzeg gemaach huet. Well u sech ass de Scala en agréabele Begleeder. Liicht am Ëmgang, iwwersiichtlech a confortabel gefiedert.

Mat besserem Wieder kann een dann endlech déi dynamesch Qualitéiten exploréieren. Vum Chassis hir gëtt et näischt ze meckeren. De Scala ass wuel kee GTI fir op der leschter Rill ënnerwee ze sinn, mä et gëtt genuch Präzisioun fir dass Kéiere Spaass maachen.

No enger Rallye-Speciale an de Bierger géifen d’Bremsen héchstwahrscheinlech an d’Knéie goen, mä am net esou extremen Alldag gëtt et näischt ze kloen. An et kann ee sech iwwert de gudde Geräischconfort freeën.

Dësen Automag steet jo am Zeeche vun der Leeschtungsmoderatioun. Mir haten eis also bewosst net de stäerkste Scala mat 150 Päerd gekroopt, mä déi Stuf drënner mat 115. An do ass d’Fro: Benzin oder Diesel? De Benzinner huet dräi Zylinder, 1000 Kubik an een Turbo. U sech e ganz sympathesche Motor. Just dass en am Scala duerch eng onméiglech laang Iwwersetzung regelrecht erwiergt gëtt. A guer kee Spaass mécht.

Mir sëtzen hei am Diesel. Och nëmmen 115 Päerd. Mä subjektiv fillt et sech u wéi wann en der 30 méi wéi de Benzinner hätt. Méi Dréimoment an eng praxisgerecht Iwwersetzung vun der 7-Gang-DSG verwandelen den Auto. E geet besser. An e brauch manner. Kleng Motor mat laange Boîte sinn nëmmen um Pabeier eng gutt Iddi. An der Praxis brauchen se vill zevill a maachen aus engem gudden Auto eng lahm Int.

Bon, de Präis spillt natierlech och eng Roll. Knapp ënnert 22’000 fir de klenge Benzinner, handgeschalt. Et kritt een den Diesel wuel zum selwechte Präis, awer da manner gutt équipéiert. Wien wéi mir de Full Monty mat automatescher 7-Gang-Boîte wëllt, muss minimum 28 Ticketen hibliederen. E Mill méi wéi deen selwecht équipéierten 150-PS-Benzinner. An do kënnt dann dat ganzt Konzept vum Leeschtungsverzicht dann op eemol erëm un d’Wackelen.