• De PLUS

    • Look
    • Raumgefill & Plaz
    • agreabel am Ëmgang
  • De MINUS

    • et muss een dacks zeréckschalten (1.0 TSI manuell)
    • nei Navi-Grafik heiansdo ondäitlech
    • komplizéiert Optiounspolitik am VW-Konzern

No Karoq a Kodiaq bréngt Skoda säin drëtte SUV. De Kamiq ass dee klengsten an der Band. De Serge Pauly huet de City-SUV am Elsass probéiert.

Skoda hält eis op Trapp. Virum Summer hu si de Scala presentéiert, elo kënnt schonn de Kamiq. Dee steet op der selwechter Polo-Plattform, mä hei sëtzt ee ganzer véier Zentimeter méi héich. De Kamiq ass e City-SUV. Et ass dat Segment, dat am Moment richteg boomt. E City-SUV ass héich genuch, fir dass d’Clienten de schlechte Pavé net fäerte mussen, mä kleng genuch fir dass dee gréng ugehauchten Noper net mam Fanger op ee weist…

Skoda huet sengem klengste SUV zwar en eegestännegen Optrëtt verpasst, mä fir den Numm hu si am selwechten Dictionnaire wéi bei Karoq a Kodiaq gebliedert. “Kamiq” kënnt aus der Sprooch vun den Inuit a bezeechent do eppes, dat “perfekt passt”. Déi gréissten Herausfuederung beim Kamiq war, dass e perfekt an d’VW-Groussfamill passt, well et ass bei wäitem keen Eenzelkand, mä muss sech géint seng sëllege Cousinen behaapten, ouni deenen zevill Clienten ewechzehuelen.

Deel vun dëser komplexer Equatioun ass d’Gréisst. De Kamiq ass zwar grad ewéi de VW T-Cross e Polo-Derivat, mä en dierf sech op d’Golf-Längt vum méi groussen T-Roc strecken. An e läit zoufällegerweis genee tëscht sengen zwee Seat-Cousinen Arona an Ateca. De Kamiq ass och 12 Zentimter méi kuerz wéi säi Markebrudder Scala, dee kann also Bonuspunkte mat enger méi grousser Mall sammelen. D’Réckbänk am Kamiq ass fix, am T-Cross ass se mobil. Dofir muss den T-Cross op e Panoramadaach verzichten, mat deem de Kamiq sech awer bretzen dierf. Dir verléiert esou lues den Iwwerbléck? Mir behaapten emol: dat ass Absicht! De Client huet vläicht ëmmer méi Choix, mä dee Choix gëtt sécher net méi einfach…

Och d’Kapitel Intérieur hëlleft engem bei der Décisioun net wierklech weider. Sécher, et gëtt am Skoda plazeweis haarde Plastik, mä och VW huet grad bei senge méi klenge Modeller bei der Finitioun an de leschten zwee Joer nogelooss. De Cockpit ass sober an iwwersiichtlech, och wann dat heiansdo op Käschte vun der Ergonomie geet. Verschidde Clim-Funktioune beispillsweis mussen elo ëmständlech iwwert den Écran gesteiert ginn.

Soss ass de Kamiq awer ganz agréabel am Ëmgang. Et ass ëmmer erëm erstaunlech, wéivill Plaz Skoda aus klenge Plattformen eraushëlt. D’Raumgefill ass hell a lëfteg, esouguer hannen an der zweeter Rei. De Kamiq fiert sech fir e City-SUV iwwerraschend erwuessen. Et huet een d’Gefill op d’mannst eng hallef Klass driwwer ënnerwee ze sinn. Kleng ass hei nëmmen den 3-Zylinder-Bensinner.

Den 1.0 TSI an ech sinn eis schonn e puer Mol begéint, an obwuel en nëmmen 115 Päerd huet, kinnte mir ganz gutt Kollege ginn. Virausgesat et gëtt eng DSG, déi tëschent eis vermëttelt. Well d’Automatik kritt relativ gutt verstoppt, dass et dem klenge Motor ënnen erëm awer u Power feelt. Eisen Testauto hat eng manuell Boîte, an do muss ee fläisseg zeréckschalten fir den 3-Zylinder bei Laun ze halen. Dat ass op laang Dauer richteg ustrengend.

Och de wierklech betount sportleche Sportmodus vum adaptive Fuerwierk kann op laangen Trajeten e bësse midd maachen. Op eisem Ausfluch duerch den Elsass ware mir meeschtens op „Confort“ ënnerwee. Den optionelle Sportchassis an déi direkt Lenkung bidden do scho genuch Fuerspaass.

Eise Verdict op der Strooss fält eendeiteg aus: de Kamiq ass eng Réussite. Op en sech géint seng sëllege Cousine duerchsetze kann, dat hänkt och vun de Präisser of. Déi fänke beim Kamiq bei 19‘300 Euro un a krazen un den 30‘000 fir e voll équipéierten 115-päerdegen Diesel mat DSG. Dee méi klenge VW T-Cross läit équipementsberenegt um selwechten Niveau, den identesch grousse T-Roc ass e gutt Stéck méi deier. An de Seat Ateca kascht ähnlech vill wéi de Kamiq, ass awer nach emol méi grouss… Wéi gesot: bei där Groussfamill ass et wierklech net einfach den Iwwerbléck ze behalen.

Skoda Kamiq
No Karoq a Kodiaq bréngt Skoda säin drëtte SUV. De Kamiq ass dee klengsten an der Band. De Serge Pauly huet de City-SUV am Elsass probéiert.