• De PLUS

    • Fuerleeschungen
    • Comfort/Polyvalenz
    • Stroosselach (drechen)
  • De MINUS

    • Präis, Verbrauch
    • Mall ouni Grëff
    • Boîte zevill hektesch (Sportmodus)

De Supra: kee faden Hybrid, kee sënnlose SUV, mä endlech erëm eng Spaassmaschinn vun Toyota! De Pascal huet déi japanesch Coupé-Versioun vum Z4 probéiert.

23 Joer sinn eng laang Zäit. Do kann e Fötus et scho bis op d’Uni packen. Et konnt een emol an där Period en Haus ofbezuelen. E sérieuxe Bonsai ziichten. Eng Prisongsstrof ofsëtzen. 23 Joer grouss ass och d’Lach am Toyota Supra sengem CV. Esoulaang war de Modell aus de Präislëschte verschwonnen. An d’Erwaardungen un d’Generatioun 5 sinn héich.

Iwwert den Design maacht Där Iech Är eege Meenung. Am Blech wierkt e jiddefalls muskuléis. An un den Hënneschten hat ech mech no e puer Deeg gewinnt.

Wien elo eraklëmmt fillt sech direkt doheem, besonnesch wann e BMW gewinnt ass. Knäppercher, Navi, Infotainment, Klimaanlag, Steierrad... alles made in Bayern. Nëmmen den Tourenzieler liwwert en Nippon-Touch. Et ginn zwar e puer prominent Toyota-Logoen, baussen a bannen. Wien awer ënnert de Blech kuckt, entdeckt iwwerall wäiss-blo Probelleren. De Supra ass näämlech zu 90 Prozent e BMW Z4 Coupé a gëtt esouguer am selwechte Wierk gebaut.

Ass dat elo schlëmm? D’Zäite sinn haart a wann zwee Constructeure sech mussen zesummerafen, fir eis iwwerhaapt nach en Zweesëtzer mat sechs Zylinder an Heckundriff unzebidden, ass dat fir mech OK, jiddefalls besser wéi e weidere faden Hybrid oder nëtzlosen SUV.

Fir mam prakteschen ofzeschléissen: d’Finitioun ass gutt, de Sëtzconfort héich an d’Mall grouss genuch. Grëffer schéinen dogéint deier ze sinn: d’Mall geet nëmme mat Knäppchen op. An de Passagéier muss an den Tableau bäissen: e Bigel fir sech unzehalen, feelt.

Dee leschten Detail ass wichteg. Well Supraen waren emol Drift- an Tuningweltmeeschter. Dohir déi éischt wichteg Fro: packt deen neie mat nëmmen engem Turbo iwwerhaapt e Burn?

D’Äntwert: JO! Ëmmerhin 340 Päerd hëllefen d’Honnerter-Barrière a 4,3 Sekonnen ze knacken. Toyota huet d’BMW-Basis net einfach iwwerholl, mä seng eegen Ofstëmmung entwéckelt. De Supra-Chassis ass duerch de festen Daach méi eng rigide Constructioun wéi de Roadster Z4. An huet zwee Gesiichter.

De Confort ass fir e Sportscoupé iwwerraschend gutt, d’Roll vum Gran Turismo erfëllt de Supra ouni iwwerdriwwen Häert a bei nidderegem Geräischpegel. Richteg Erwuessen. An där Roll kann déi serieméisseg 8-Gang-Automatik hir bescht Säite weisen. Si gëtt allerdéngs iwwerdriwwen nervös, esoubal een an de Sportmodus schalt.

Dat ass vläicht gutt fir séier vun 0 op 100 ze kommen, mä an usprochsvolle Kéierekombinatiounen ass et schwéier mat där Schalthektik e proppere Stréch ze fueren. Do gräift ee besser manuell an. A spuert dobäi esouguer Sprit. Verbrauch Hausstreck am automatesche Sportmodus: 10½ Liter. Déi selwecht Streck, selwecht Vitesse mä manuell: 9½! Elektronik 0, Gehir 1.

Komme mir elo zum Spaassprogramm. Den Toyota Supra huet e kuerze Radstand, eng perfekt équilibréiert Gewiichtsverdeelung tëscht den zwou Achsen an en aktiivt Spärdifferential. Domat dierfte schëtzeg Kéieren also kee Problem sinn. Ënnersteieren ass e Friemwuert, de Supra léisst sech gäre gasënnerstëtzt steieren, e leider ëmmer méi rare Pleséier. E richtege, klassesche Sportswon.

Mat allerdéngs och klasseschen Nodeeler. Wat de Supra am Dréchene flénk mécht – de kuerze Radstand – ass op naasser Strooss mat méi Virsiicht genéissen, soss schéckt den ESP eng déck Rechnung fir Iwwerstonnen. A wéi all Turbo, wann een de Béischt beetscht, säift en. Net schlëmmer wéi e Cayman, awer och net besser.

An déi breet Pneuen, déi souvill Gripp bréngen, verwässere bei méi moderater Gangart d’Réckmeldung. Wa mir scho beim Wuert “moderat” sinn. Präisser, déi bei iwwer 65’000 Euro ufänken, erfëllen déi Definitioun net onbedéngt. Dofir kritt een och schonn e BMW M2 Competition mat 410 Päerd.

Bëlleg ass de Supra also net. Mä gelongen. An als ee vun de leschte Vertrieder vun enger ausstierwender Rass garantéiert e Klassiker mat Kultpotential. An 23 Joer.