• De PLUS

    • Retro-Look, Dimensiounen a Gewiicht
    • ongefilterte Fuerspaass "wéi fréier"
    • perfekt Terrainseegeschaften
  • De MINUS

    • am Moment net ze bestellen
    • schlechte Laangstreckeconfort
    • Stroosselag op Maccadam

Den neie Suzuki Jimny ass esou erfollegräich, dass e fir de Moment ausverkaaft ass. Mir hunn op Island probéiert erauszefannen, wat säi Geheimnis ass!

Island. Eng Insel, déi mat hirer rauer, onberéiter Natur vu Joer zu Joer ëmmer méi Touristen ulackelt. Mir évitéieren awer déi grouss touristesch Attraktioune, besiche keng Geysiren, Waasserfäll oder Fjorden, mä fuere Kilometeren a Kilometeren duerch opreegend a wäitleefeg Landschaften. Iwwert Stroossen, déi esouguer matzen am Summer iwwerraschend eidel sinn.

En Island-Trip schléit séier an d’Suen. E klenge Locatiounsauto ouni Allrad ka matzen an der Saison scho mol labber iwwer 100 Euro den Dag kaschten. Gutt, dass mir Kollege bei Suzuki hunn, a mir eisen Island-Ausfluch mat engem Test vum neien Jimny kombinéiere kënnen.

Et ass e richtege Kultauto. Deen éischte koum 1970 a Japan eraus, laang iert iergendeen de SUV erfonnt huet. Dat heiten ass eréischt d’Generatioun Nummer 4.

Wat deen neien Jimny esou sympathesch mécht: e probéiert guer net op modern ze maachen a bleift sech einfach trei. Den eckegen Design huet wahrscheinlech ni e Wandkanal gesinn an inspiréiert sech ongenéiert un der Mercedes G-Klass. Den neien Jimny huet esou de Sprong gepackt – vun almoudesch op Retro, a schwätzt domatter eng ganz nei Clientèle un. Neierdéngs interesséieren sech net nëmme Bëschaarbechter fir den Jimny, mä och Groussstad-Hipster. Déi wielen dann awer éischter déi grell „Kinetic Yellow“ als Faarf, an net Fierschter-Gréng wéi bei eisem Testauto.

Och den Intérieur ass – fir et emol gentil auszedrécken – authentesch. Vill haarden a krazempfindleche Plastik, Oflagen wou net vill méi wéi e Guide drapasst, en Infotainment deen nëmmen dat néidegst kann... Mä ech fille mech trotzdem wuel hei. De Banneraum fillt sech op d’mannst vir méi grouss un wéi een dat vu bausse menge kinnt. Déi grouss Fënsteren, den héichen Daach, dat suergt fir en hellen a lëftegen Intérieur.

Den Jimny ass ouni Reservrad 3m50 laang, grad esou kleng wéi e VW up! also. Do muss een natierlech Kompromësser maachen. Op der Réckbänk sëtzt ee schlecht. A vun enger Mall kann ee beim Jimny eigentlech nëmmen da schwätzen, wann een d’Réckbänk ëmklappt.

Bei de prakteschen Alldagsqualitéite muss een also Ofstrécher maachen. Am Terrain ass déi kleng Suzukis-Jeep awer eng Referenz. E separate Chassis, schmuel Pneuen, eng ënnersate Boîte, Differentialspär… Den Jimny huet déi Allradtechnik, vun där seng grouss SUV-Konkurrente nëmmen dreeme kënnen. Och déi kuerz Iwwerhäng an dat nidderegt Gewiicht droen zu exzellenten Terrainseegeschaften bäi. Déi schlecht islännesch Pisten hunn him op jidder Fall keng Angscht gemaach.

Wann een an Island ënnerwee ass, riskéiert een näämlech iergendwann op eng sougenannten „F-Strooss“ ze falen. A Strooss ass vill gesot, et ass emol kee Feldwee… Et si kilometerlaang Schotterpisten, déi an engem deelweis ganz schlechten Zoustand sinn: Läscher, Steng, Stëpps. Kee Wonner, dass dës “F-Roads” fir Net-Allrad-Locatiounsautoen tabu sinn.

Den Jimny ass esou eppes wéi eng Zäitmaschinn. E fiert sech zwar besser wéi säi Virgänger, sécher, mä spéits op Maccadam mierkt een, dass déi rustikal Technik einfach net méi zäitgeméiss ass. De 1500er Bensinner (105 PS) ass e bëssen zéi, bei der Boîte feelt de sechste Gang, d’Fuerwierk kënnt séier u seng Limiten. Mä grad dës Onperfektioune maachen den authentesche Charakter vum Jimny aus. E moderne SUV ass am Ëmgang vläicht méi agréabel, mä dat heiten huet sech erëm ugefillt wéi „richtegt“ Autofueren. Dat kann awer och séier midd maachen, virun allem well déi eckeg Karosserie extrem ufälleg fir Säitewand ass. A Wand gëtt et op Island méi wéi genuch!

Dofir war ech dann och ëmmer frou, wann eng kleng Paus ustoung. Virun allem iwwer Land kann et virkommen, dass tëscht zwou Tankstellen emol 100 Kilometer leien. Virun allem, wann een nëmmen e klengen Tank huet, sollt een sech gutt iwwerleeën, op een einfach laanscht eng Zapsail fiert.

Den Jimny ass e bësse wéi Island. Sympathesch, awer och zimlech rau am Ëmgang. Obwuel, spéits bei de Suen klappt dee Verglach net méi. De japanesche Mini-4x4 ass mat Präisser ënnert 20‘000 wierklech net ze deier. Virausgesat, Suzuki mécht d’Commande geschwënn erëm op. D’Nofro war näämlech esou grouss, dass d’Produktioun bis Mëtt d’nächst Joer komplett ausverkaaft ass! Esouwuel den Jimny wéi Island sinn eben iergendwéi Affer vum eegenen Erfolleg...