• De PLUS

    • Design & Finitioun
    • Diesel roueg a spuersam
    • Confort & Équipementer
  • De MINUS

    • net bëlleg
    • onpraktesch: zevill Funktioune iwwert Touchscreen & kleng Mall
    • zevill brav

Den neie Peugeot 208 huet Charakter. Mä fiert en sech och esou sportlech wéi en ausgesäit? De Pascal Becker huet dat an der Géigend vu Lissabon getest.

Ech sinn ästhetesch emol zefridden, net nëmme well den Testauto rout war. D’Designer vu Peugeot hu fir de Moment eng glécklech Hand, an nom 508 huet och hire klengen 208 definitiv Charakter. Besonnesch hei an der GT Line. Och wann déi schéi blénkeg schwaarz lackéiert Radkëschten am brutale Stadalldag wuel zimlech kriddeleg sinn.

Et sief. E schéinen Auto, an net nëmme baussen. Et huet sech vill positives am Qualitéitsandrock gedoen, mat softem Plastik am Karbonlook a mat gestylte Knäppercher, déi mir aus méi deiere Modeller kennen.

Den Highlight sinn d’Instrumenter am 3D-Effekt. Wat op den éischte Bléck vläicht e bësse verspillt wierkt, funktionéiert an der Praxis gutt, well et einfach ass ëmmer déi Informatioune prominent unzeweisen, déi ee grad fir wichteg hält.

Et ginn eng Rei Saachen, déi mir hei gefalen. Ugefaange beim klenge grëffege Steierrad, enger allgemeng gudder Finitioun an zum Beispill enger riseger Händchekëscht, eppes wat haut rar ass. Allerdéngs ginn et och Saachen, déi nerven. Wien d’Temperatur ännere wëllt, muss ëmständlech iwwert den Touchscreen fummelen. Sécherheetstechnesch wier en décke Knäppchen doudsécher déi besser Léisung.

Wa mir scho beim praktesche sinn. Obwuel den neien 208 e nbësse méi laang wéi säi Virgänger geroden ass, huet en eng minimal kleng Mall. E Crick, deen nëmme vun engem Sak mat Velcro ugehal gëtt, ass keng elegant Léisung. Grad esou wéineg wéi den onprakteschen Ofsaz, dee bleift, wann een d’Sëtzer ëmleet. D’Plaz an der zweeter Rei ass dobäi ganz ok fir e Kompakten.

Komme mir endlech zum Fueren. Dat éischt, wat direkt opfält, ass e bessere Geräischconfort wéi beim Virgänger. Bei den deelweis ganz raue portugisesche Stroossen ass ee frou doriwwer, dass d’Ofstëmmung vun der Fiederung net iwwerdriwwen haart ausgefall ass.

Den 208 ass duerchaus geschmeideg, an ënnerstëtzt duerch dat klengt Steierrad, agréabel flénk. D’Stroosselag ass sécher, mä et feelt déi lescht Grëtz Feedback, déi Konkurrente wéi zum Beispill de Ford Fiesta zum Spaassgerät maachen. De Peugeot spillt éischter op brav.

Vläicht sinn et och d’Gene vun der neier modularer Konzernplattform, déi den 208 mam DS3 a mam neie Corsa deele muss. Déi sougenannten “CMP” ass an engem Beräich ganz clever. Si erlaabt ouni Ännerung vum Banneraum eng reng Elektroversioun. Mat 50 kWh-Batterie soll den Elektro-208 340 Kilometer wäit kommen. An zu Präisser vun 31’500 am Buttek stoen.

De Gros vun den 208 wäert awer wuel vun engem 3-Zylinder-Benzinner ugedriwwe ginn, eng sympathesch Motorefamill, déi de Leeschtungsspektrum vu 75 bis 130 Päerd ofdeckt. Déi vill Kilometer mat hirem 208 wëlle maachen, sollten och den Diesel net direkt ofschreiwen. Ënnert dem Capot vum Testauto war e 1500er Véierzylinder. 100 Päerd ginn am Alldag absolut duer, dëse Motor ass dofir immens douce, akustesch diskret a liwwert Dréimoment bei niddregsten Dréizuelen. Woumatter ee ganz entspaant a mat klengem Duuscht ënnerwee ass. Net onbedéngt dee schlechste Choix.

Fir deen an der Testvariant dann eppes iwwert 23’000 Euro fälleg wieren. Bëlleg ass den 208 also net, och wann d’Basis bei 15’000 ufänkt. Anescht gesinn ass d’Kompaktklass haut mat hire 4 Meter dat wat viru 15 Joer nach en erwuessenen Auto war, mat enger Lëscht vu serieméissegen Equipementer, déi laang pure Luxus verkierpert hunn. Et kritt een also och eppes fir säi Geld, de gelongene “French Touch” en prime. Vive la différence!