• De PLUS

    • exzellente Confort
    • Finitioun
    • Fuerleeschtungen
  • De MINUS

    • Raumökonomie
    • Luedzäit
    • vill Optiounen

Den EQC ass den éischte "richtegen" Elektro-Mercedes. De Pascal war bei dësem Test ganz entspaant, ausser wou hie säin Handy luede wollt.

Hei hu mir fir d’éischt emol en ongewinnten Auto. Den EQC ass net nëmmen deen éischte Mercedes, dee vu fir eran als rengen Elektroauto konzipéiert gouf. Et ass och deen éischte Benz, zënter dem Berta, dee méi bëlleg wéi seng uviséiert Konkurrenz ass.

Mat engem Basis-Ticket vu 77’000 Euro läit en näämlech ënnert Rivale vun Tesla, Jaguar oder Audi. Am Prinzip! Well – och dat ass eng Traditioun vum Haus – villes wat schéin an agréabel ass, muss leider als Optioun ugekräizt ginn. De Präisvirdeel schmëlzt esou séier ewech.

Et kritt een och eppes fir säi Geld. E ganz agréabelen Intérieur mat räichhaltegem Infotainment an enger Finitiounsqualitéit vun där Tesla a Jaguar wäit ewech sinn.

Anerwäerts kinnt een op den éischte Bléck och an engem Turbodiesel sëtzen. Dat hei ass en Elektroauto, deen Traditionalisten net mat enger Iwwerdosis Futurismus erschrecke wëllt. Wat och handfest Nodeeler huet.

Well den EQC verspillt d’Raumvirdeeler, déi e rengen Elektroundriff ka bidden. Huele mir déi wichteg Mëttelkonsol an den Tunnel, déi normalerweis néideg si fir eng fett Boîte, Auspuff a Kardan ënnerzekréien, an déi en Elektroauto einfach net brauch. Esou gëtt vill Plaz verbëtzt.

Ënnert dem Capot ass et net besser. Den éischter kompakten Elektroundriff sëtzt an engem Käfeg vun décke stole Réier. Si solle bei engem Crash d’Kräften dohi weiderreechen, wou se och bei de Verbrenner hifléissen.

De Grond fir all déi Kompromësser ass finanziell. Den EQC leeft op de selwechte Bänner wéi den normale GLC a muss sech Karosserieelementer léinen, déi net fir Elektro konnten optiméiert ginn. Mat der Konsequenz, dass den Auto eigentlech 150 Kilo méi schwéier geroden ass, wéi néideg. Wat Mercedes selwer zougëtt.

Fir Präis a Gewiicht ënnert Kontroll ze behalen, gouf och eng relativ kleng Batterie verbaut. Den EQC muss mat 80 Kilowattstonnen auskommen, während d’Konkurrenz mat tëscht 90 an 100 ënnerwee ass.

En EQC packt doduerch am realisteschen Alldag nëmme knapp 320 Kilometer. Mä wéi en se packt, verdéngt awer eng kräfteg Portioun Luef. Déi blank Zuelen (408 Päerd, 5 an eppes vun 0 op 100, 180 Spëtzt) sinn nëmmen déi hallef Wourecht. Et ass de Confort, dee beandrockt.

D’Rou bannendran ass ganz einfach phänomenal, d’Fiederung douce, dat alles gekoppelt u massiven Dréimoment, dee permanent ënnert der rietser Schlapp prett ass. Ech kenne wéineg Autoen, mat deenen et sech esou entspaant reese léisst, wéi mam EQC. Heimatte kinnt ee relax iwwert 1’000 Kilometer um Stéck zeréckleeën, wann een net dertëscht luede misst.

Wéi laang dat dauert, hänkt ganz staark vun der Infrastruktur of. Theoretesch gewënnt ee mat engem 110-kWh-Gläichstroumlueder 250 Kilometer a 40 Minutten. Dës Lueder sinn awer esou rar wéi Héngerzänn.

Doheem a menger normaler Steckdous waren no 11 Stonne grad 75 Kilometer eragedrëpst. Wat lamentabel ass. Eng Wallbox ass also en absolute Must. An esouguer déi brauch en halwen Dag fir ronn 300 Kilometer ze tanken. En Netz vu Supercharger wéi Tesla huet Mercedes de Moment net ze bidden.

An a propos Lueden! Wann der net den allerneisten Handy hutt, sidd Dir beim EQC domm drun. Am ganzen Auto gëtt et keen eenzegen 12-Volt-Stecker... an nëmmen USB-C-Uschlëss. Fortschrëtt. Anscheinend...

Am Résumé: den EQC ass super ze fueren, esou laang ee maximal 300 Kilometer den Dag ënnerwee ass, an doheem en décke Lueder huet an net Elektro fiert fir Geld ze spueren. E Verdikt, dee grad esou gutt op all seng Konkurrente passe kinnt.