• De PLUS

    • zolitt gebaut & Garantie
    • richtegen Offroader
    • confortabel Aarbechtsgerät
  • De MINUS

    • Motor schwaach op der Broscht
    • haart Fiederung (wann eidel)
    • Navi nëmmen als App

E Pickup ass kee Schickimicki-Lifestyle-Offroader, mä e Schaffpäerd. Mitsubishi huet säi Pickup erneiert an de Pascal huet dem L200 déif an d'Ae gekuckt.

Et gëtt emol ëmmer gesot, dass e frëndleche Gesiichtsausdrock net schuet fir sech Frënn ze maachen. Wéi Mitsubishi d’Keefer vu sengem L200 gefrot huet, wat si sech vun engem Nofolger erwaarde géifen, waren déi sech eens. Mir sinn zefridde mat der Mécanique, mä de Look ass zevill harmlos. E Pickup muss anscheinend rabiat ausgesinn.

Ok, et ass awer net nëmmen Testosteron-Kosmetik. De martialesche Look bréngt bessert Geliichts an Niwwelluuchten, déi no uewe wanderen an esou am Terrain a bei Waasserpassage besser geschützt sinn. Well den L200 ass en Aarbechtsgerät. Kee Lifestyle-Schickimicki-Softroader.

Dat heescht elo net, dass den L200 de Confort vun engem Beichtstull bitt. Éischter de Contraire. Mitsubishi mengt et gutt mat deenen, déi offroad schaffen. Confortabel Sëtzer, genuch Plaz, eng Rei vu moderne Sécherheetsassistenten, esouguer Kameraen.

Konventionell gestylt wuel, mä zolitt verschafft an ergonomesch OK. De Verzicht op e fest agebauten Navi iwwerrascht dann awer. Eng App op engem Smartphone ass schéin a gutt, mä wann een an der Pampa kee Réseau huet, ass een domm drun.

Wéinstens ginn et hei nach esou wichteg Saache wéi en hydraulesche Crick an en Ersatzrad.

Den L200 huet hannen eng blatgefiedert Starrachs. Net well Mitsubishi näischt méi modernes am Tirang hätt. Mä well dat nach ëmmer déi bescht Léisung fir den Transport vu schwéiere Laaschten ass. Den Nodeel ass eng zimlech haart Fiederung wann een eidel ënnerwee ass. Mitsubishi hat dofir virsiichtshalber 100 Kilo Sand hannen an eng Këscht gepaakt. Ob et wierklech nëmmen 100 Kilo ware, wësse mir net. D’Këscht war zou.

Op Schotterpisten mécht den L200 jiddefalls domat e gudden Androck. Näischt wierkt kleesper, dat hei fillt sech u wéi zolitt Geschir. A wéi en Auto, deen sech duerch net vill ophale léisst.

Et ass no all deem elektresche Sensor-Bullshit, an deem mir erdrénken, eng erfrëschend analog Existenz. Hei fiert een nach. Esou e Pickup weist och wou de modernen Auto um Holzwee gelant ass.

Mir hunn an dësem stengegen Terrain honnert Manöver gemaach ouni eng Felg ze zerkrazen. Firwat? Well nach Gummi do ass, an d’Pneuen e bësse méi déck sinn wéi déi hauchdënn Reefer op Risefelgen, déi d’Marketingfuzzien eis als Lifestyle-Accessoire deier verklickeren.

Den Allradundriff bitt vill Méiglechkeeten: vu just hanne gedriwwen iwwert Allrad ouni Spär fir Schnéi op der Strooss bis zum volle Redukterprogramm mat Spär. Wien heimat stieche bleift, huet eppes falsch gemaach.

Mitsubishi ass zwar ganz houfreg drop, dass den neien 2.2-Liter déi allerlescht Ofgasnormen a Verbrauchstester erfëllt. Fir de Chauffer ass et e kloere Réckschrëtt par rapport zum Virgänger. 150 Päerd gi wuel duer. Mä bei nidderegen Dréizuelen ass de Motor saaft- a kraaftlos bis dass den Turbo endlech erwächt, wat guer net zum Traktercharakter vun engem Pickup passt. Ech géif also zur Automatikversioun roden, déi dee Malheur besser kaschéiert.

Soss fiert sech den L200 eigentlech ganz ziviliséiert. Et gi wuel bei héiche Vitesse Wandgeräicher, mä déi kanteg Karosserieform huet och Virdeeler. Fir esou e groussen Apparat ass de Mitsubishi iwwerraschend iwwersiichtlech.

Grad ewéi d’Präislëscht. Bei ëm déi 35’000 Euro geet et un an dofir kritt een en zolitte Géigewäert.