• De PLUS

    • exzellente Confort
    • Hybrid-Motor
  • De MINUS

    • Spuerhalesystem
    • Gerucks am Undriffsstrang

Och Citroën setzt bei den SUV op den Hybrid-Undriff fir Verbrauch an CO2 kleng ze halen.

Allerdéngs soll esou och d’Elektromobilitéit an deem beléifte Segment agefouert ginn. Elo gouf den C5 Aircross als Hybrid virgestallt an de Paul Origer ass e fir eis gefuer.

Automag: Citroën C5 Aircross Hybrid

Den C5, dat war emol eng Limousine an ee Kombi, deemools esouguer nach mat der berühmter hydropneumatescher Fiederung. Dat ass awer elo alles Schnéi vu gëschter. Gefiedert gëtt mat Stol an den C5 gehéiert zënter 2018 zu der Famill vun den SUV. An do verkeeft e sech gutt, mat 250.000 Exemplairen ass hien d’Nummer zwee bei Citroën.

Den Undriff

Genee ëm dee geet et haut. Fuschnei, obwuel mir e och scho vum Konzernbrudder Peugeot kennen. Den C5 Aircross kombinéiert dee selwechten 180 PS staarke Puretech Turbo-Bensinner mat engem Elektromotor, dee mat nach emol mat 80 kW ënnert d’Äerm, pardon d’Cardane gräift. Kombinéiert leescht den Hybrid-Undriff 225 PS an 320 Nm. Eleng elektresch fuere kann den C5 awer och. Eng Autonomie vu 55 km gëtt versprach. Wann een déi zu engem Maximum ausnotzt, dann ass och tatsächlech een CO2-Wäert vun 32g méiglech. Laut Citroën geet d’Autonomie fir 75% vun de Clienten duer, schliisslech fueren déi an der Moyenne manner wéi 40 km den Dag. Esou soll een dat bescht vun deenen zwou Welte kënne profitéieren. Elektresch an der Woch op Kuerzstrecken a mam Verbrenner de Weekend an d’Vakanz. An natierlech de Virdeel Plugin: et kann een doheem un der normaler Steckdous oder un der Borne ëmmer nees oplueden, tëscht 7 an 2 Stonne muss een dofir aplangen.

Op der Strooss

Elektresch fueren ass all Kéiers erëm faszinant an dat natierlech och beim C5 Aircross. Dat besonnesch, well Citroën och bei hire SUV’s ëmmer nach op de Confort pocht an esou gutt et geet Geräischer eliminéiert huet. Esou fiert sech den Hybrid-SUV gemittlech an entspaant, den E-Motor huet genuch Wuppes fir ganz eleng och emol méi héich Vitessen oder Acceleratiounen ze packen. Allerdéngs stéiert dobäi e bëssen d’Gerucks aus dem Undriffsstrang; wéi bei villen Hybriden fiert och bei Citroën den E-Motor iwwert d’Automatesch Boîte a schalt d’Gäng duerch. Geet et mat Stroum net méi duer, da schalt de Bensinner am Hybrid-Modus mat bäi, wat relativ onopfälleg geschitt. Ausser, et dréckt een d’Pedall méi hefteg of, dee Moment geet deen nach kale 4-Zylinder och direkt op héich Touren. Op dat esou gutt ass? Als drëtt proposéiert Citroën nach ee Sportmodus. Do geet dann och gutt virun, just, wéi erwaart ass d’Traktioun besonnesch op naasse Stroossen da séier un de Limitten. Allrad gëtt et nämlech keen, dofir muss ee bei Peugeot goen.

De Confort

Dat huet Citroën am C5 wierklech gutt hikritt. Déi nei Fiederung mat hydraulesche Butéë schafft besonnesch op Stroosse mat grousse Kaule ganz effikass. De ganze Stouss vun der Knubbel soll esou ofgefaange ginn, ouni datt den Auto op an of schaukelt oder seng Passagéier rëselt. Wéi scho gesot fonctionéiert dat an der Praxis wierklech gutt a passt ideal bei dee rouegen Undriff. Wann och elo net grad wéi ee fléienden Teppech, esou wéi Citroën dat an hirem Pressetext beschreift. Wat och bei déi confortabel Stëmmung passt, dat ass dee relativ luxuriéisen a gutt verschaffte Banneraum. Ech duecht, Lieder um Tableau géif et just bei DS, abee den C5 kann dat och, an esouguer an attraktive Fuerfkombinatiounen. Och soss bleiwen net vill Wënsch op: 20 Assistenzsystemer ginn duer dat op d’mannst ëmmer eppes piipst an nervt, wéi z.B. de Spuerhalesystem deen iergendwéi ganz wéineg Marken an de Grëff kréien.

D’Präisser

Hybride sinn net bëlleg, och Citroën mécht do keng Ausnam. Ronn 41.500 Euro sti minimum op der Rechnung. Klengen Trouscht: bei de Schwëstermodeller vun Opel a Peugeot muss ee méi op den Dësch leen, z.B. fir den 3008 nach emol 3.000 Euro. Wee vill am E-Modus fiert, dee spuert. Sinn d’Batterie platt, da geneemegt sech de Bensinner am Schnëtt 8 Liter.