• De PLUS

    • Offroad-Fäegkeeten
    • Laascht
  • De MINUS

    • Geräischer
    • Verbrauch
    • Wéineg Optiounen

Net just kleng Kanner spille gären am Bulli, mä och d'Automag-Ekipp. Spaass mécht dat awer eréischt mat engem richtegen Offroader.

Genee esou een ass den Toyota Hilux. Den Akim Schmit huet sech de Kult-Pickup ugekuckt a knaschteg gemaach.

Automag: Toyota Hilux

1968 ass déi éischt Generatioun vum Toyota Hilux op de Marché koum. Eng Zäit, wou kee vun SUVen, ze schmuele Parkplazen oder Crash-Norme geschwat huet.Méi wéi 50 Joer méi spéit huet den Hilux Kultstatus erreecht. En Deel dozou huet sécher och d’BBC Sendung „Top Gear“ bäigedroen, wou den Jeremy Clarkson a seng Ekipp en Hilux mat kuriéisen Aktiounen futti maache wollten, ma et awer net hikritt hunn. Et sinn awer net just esou PR Aktiounen, déi dofir gesuergt hunn, dass den Auto mëttlerweil an der 8. Generatioun ukoum ass. Vill méi ass de Pickup als zouverlässegt a robust Schaffpäerd bekannt.

An déi 8. Generatioun ass am Kär awer nach ëmmer en Utilitaire, oder geet och Toyota de Wee vum Lifestyle-SUV?

Wann eppes um Hilux SUV jäizt ass et héchstens seng Optik. D’Forme si méi modern ginn, an der héchster Ausstattungslinn „Invincible“ fanne sech esouguer Chrom-Applikatiounen erëm. De Fokus louch awer net um Design, mä op der Technik déi ënnert dem Blech stécht.

Ënnert dem Blech heescht am Automag, dass et ëmt de Motor geet. An do gëtt et mam Facelift méi Leeschtung.

Bis elo gouf et am Hilux just en 2,4 Liter Diesel mat 150 Päerd. Nei ass den 2,8 Liter Diesel, deen 204 Päerd a 500 Nm Dréimoment liwwert an och am Landcruiser zum Asaz kënnt. Domat gëtt aus dem Hilux zwar nach ëmmer keng Sportsmaschinn, mä de Sprint aus dem Stand op Tempo 100 ass an 10,7 Sekonnen a bei 175 km/h ass Schluss.

Wéi fiert sech den Hilux dann op der Strooss?

Mat sengen 2,3 Tonnen – eidel wuel gemierkt – ass de Pickup alles anescht wéi dynamesch, och wann Toyota um Fuerwierk nogebessert huet. Besonnesch op der Autobunn huelen d’Wand- a Motorgeräischer séier zou. Dobäi kënnt, dass den Auto um Makadamm relativ haart ofrullt an am Verglach zu engem modernen SUV wéi aus enger anerer Zäit wierkt.

Et kann een awer och dynamesch ënnerwee sinn. Allerdéngs ass d'6-Gang-Automatik frou mat héijen Dréizuelen, wat sech op de Verbrauch auswierkt.

Den Allrad-Undriff ass weiderhi Serie, ma fir Diesel ze spueren ginn am Prinzip just d’Rieder un der hënneschter Achs ugedriwwen. Eréischt wann de Gripp noléisst, gëtt d’Kraaft op déi 4 Rieder verdeelt.

Et ass e ganz duerchwuessenen Avis, mä den Hilux ass en Offroader.

Den Hilux ass keen Ersatz fir en SUV, dofir ass en einfach ze grouss, ze graff an ze oniwwersiichtlech. Seng Stäerkte kann den Hilux nieft der Strooss ausspillen. Do wou de Makadamm ophält, fänkt dem Hilux säi Revéier un. An och do gouf et technesch Verbesserungen, wéi d’Dréizuel, déi am Ralenti just nach bei 680 U/min läit oder awer d’Uspriechverhalen vun der Gaspedall, déi präzis reagéiert.

Besonnesch ënnert dëse Konditiounen kann den Hilux seng Stäerkten ënner Beweis stellen. An eisem Fall dierfte mer den Hilux an enger aler Carrière op Häerz an Nieren probéieren. An et sief gesot, dass den Auto méi Terrain verdréint, wéi déi meescht Chauffeuren.

Et huet awer net jiddereen eng Carrière fir mam Hilux spadséieren ze fueren. Wisou ass den Hilux esou beléift?

Et gëtt nach aner praktesch Grënn, déi fir den Toyota schwätzen, an un deenen huet sech och näischt geännert. D’Laascht déis de zéien dierfs, bleift bei enger Tonn an d’Remorque dierf och nach ëmmer bis zu 3,5 Tonne schwéier sinn, an dat onofhängeg vun der Karosserieform.

Als klenge Bonbon gouf dann awer och de Banneraum opgefrëscht. Weiderhin gëtt haarde Plastik den Toun un, d’Smartphone Integratioun gëtt duerch Apple Carplay an Android Auto verbessert an d’Ergonomie vum Virgänger iwwerholl.

Wéi gesäit et dann mat der Präisser aus? Gëtt et do och e Bonbon, oder musse mer an de saueren Apel bäissen?

Eisen Testauto mam neien 2,8 Liter Diesel steet als Double-Cab mat der héchster Ausstattungslinn mat 45.500 Euro an der Präislëscht. Lass geet et fir den 2,8 Liter Diesel Hilux bei 41.390 Euro als „Extra Cab“. D’Lëscht mat den Optiounen fält dann awer entspriechend kuerz aus, grad emol eng hallef Säit ass se laang. An och dat wierkt wéi aus enger anerer Zäit.