• De PLUS

    • Plaz
    • Verbrauch
    • Motor
  • De MINUS

    • Verschidden Assistenzsystemer
    • Menüféierung / Intuitivitéit

Am Automag si mir haut mat engem Skoda ënnerwee. Déi neisten Oplag vum Modell Octavia.

Wéi gutt dee wuel ofschneit, verréit eis de Christian Schmit, deen hannert dem Volant Plaz geholl hat.

Automag: Skoda Octavia TDI

Den Octavia ass den absolutte Bestseller an der Gamme vum tschechesche Konstrukteur.

1996 goung et mat der éischter Generatioun lass, an zanterhier, 6,5 Millioune verkaaften Exemplairen, dat ass e Wuert. Elo dann di 4.Generatioun. Den Octavia ass fir Skoda en extreem wichtege Modell, dowéinst dierfen et do och beim Design keng Experimenter ginn. Dat bei der Coupé Limousine, dee mir zur Dispositioun haten, oder beim Break.

A well Skoda zum grousse VW Grupp gehéiert, kann e sech dann och do am Technik Rayon zerwéieren. Den Octavia IV baséiert dann och um VW Golf 8 op deem weider entwéckelte moduläre Baukasten aus dem Wolfsburger Konzern.

Déi gréisste Changementer

Déi ginn et am Interieur. Digital Cockpit. Esou dierfen dann och vill Funktioune vum Golf VIII elo beim Octavia anzéien. Mat alle Vir- an Nodeeler, déi där Form un Tableau de Bord nogesot ginn. Well och hei gëtt elo um Ecran um virtuelle Cockpit getoucht. E puer Funktioune sinn awer hei nach manuell ze bedéngen.

Gott sei Dank muss e scho bal soen. Well éierlech gesot, intuitiv geet anescht.

Beispillsweis de Kilometerzieler op Null setzen, oder den Duerchschnëttsverbrauch zerécksetzen, dat gelénkt nëmme mat Wullen am Menü um Display. Lenkt of vum Fueren a brauch Zäit.

Eng Partie Nouveautéiten ginn elo dann beim Infotainment-System gebueden.Eng Première am Octavia sinn déi Kéier en Head-up-Display a Matrix Luuchten. An och eng Partie Assistenzsystemer kommen dobäi.Den Telefon kann elo via Smartlink mat Android Auto oder Apple Car Play gekoppelt ginn.

Skoda, simply clever, esou huet e sech e gudde Numm gemaach, an esou bleift dat typescht Gefaach mat Prabbeli an der Chauffer-Dier.

Gären hëlt e Plaz am Octavia, well d’Sëtzer sinn top. Mat Lieder an Alcantara iwwerzunn, och um Tableau de Bord. Chic chic. D’Raum Opdeelung ass esou ausgeluecht, dass et sech och an der zweeter Rei bequem reese léisst. A bei 600 Liter Volume an der Mall gëtt et och näischt ze kritiséieren. Weiderhin e ganz Groussen a senger Klass. Muss also net onbedéngt den Break sinn.

Den Undriff

Raume mir da gläich mat deem nächste Virurteel op. Dierf et nach en Diesel sinn? Am Fall vun eisem Skoda Octavia ass d’Äntwert ganz kloer jo. Den 2 Liter TDI mat 150 PS a Kombinatioun mat der 7 Gang DSG Boîte hänkt gutt um Gas, a wosst ze gefalen, an dat wéinst de Fuerleeschtungen an och der Ëmwelt-Bilanz. Iwwer 220 km/h, e Sprint op 100 a knapps 9 Sekonne bei engem Verbrauch, dee sech bei em di 5 Liter agependelt huet. Mécht 128 Gramm CO2 Ausstouss. Eng 4 virum Komma ass och duerchaus realistesch. Nieft Diesel gëtt dann och vun Zäit zu Zäit Ad Blue nogefëllt.

Lenkung a Fuerwierk harmonéiere gutt mam Octavia, maachen hiren Déngscht a suerge fir Zefriddenheet um Volant. De Fiederungsvonfort ass confortabel ausgeluecht, an ausser bei ganz schlechte Stroosse Verhältnesser mol iwwerfuerdert.

Dat nervt

Assistenzsystemer sinn eng wonnerbar Saach, mä am Skoda Octavia war et dann dach dees Gudden ze vill.

De Lane Assist wollt permanent agräifen... optesch an akustesch. Ech géing behaapten och e puer mol, wou de wäisse Stréch net touchéiert gouf. Oder e wollt mech opfuerderen eng Paus ze maachen, och wa mir grad emol eng hallef Stonn ënnerwee waren.

D’Präisser

Eisen Testauto, den Octavia 2.0 TDI an der Style Versioun als Limousine ass géint d’Iwwerweisung vu gutt 36.000 Euro ze kréien. „Ziemlich superb“ war schonn emol doruechter ze liesen. An dat trefft et zimmlech gutt.