• De PLUS

    • Confort
    • Vill Kombinatioune méiglech
    • Vill Oflagen
  • De MINUS

    • Manktem u Knäppercher

De franséische Polo-Konkurrent ass de Bestseller an der Citroën-Gamme. A fir dat dëst esou bleift, gouf den C3 opgefrëscht.

Wat ass alles nei a wéi fiert en sech? De Paul Origer huet dat fir eis bei der Presentatioun an der Belsch erausfonnt.

Automag: Citroën C3 Facelift

4 Joer ass dee klenge Citroën schonn ënnerwee an huet sech zu der Nummer 1 an der Citroën-Palett entwéckelt. Besonnesch de Look an eng Rëtsch vu pfiffegen Iddien hunn him dëse Succès verschaaft.

Den Design

Deen ass, wéi bei engem Facelift esou üblech, net ganz vill verännert ginn. Haaptsächlech d’Luuchten, déi elo mat LED-Technik liichten an déi nei Nues a verstäerkter V-Form falen op, domat integréiert sech den C3 besser an d’Gamme. Vun hannen a säitlech si quasi keng Verännerungen ze gesinn. Déi typesch Clientèle vun engem klengen Auto setzt awer och gär perséinlech Akzenter. A genee hei ass d’Stäerkt vum C3. 97 Kombinatioune si méiglech, dat geet vun de separate Faarwe fir Daach a Karosserie iwwert d’Felgen an d’Airbumps bis bei den Interieur. Beim deemolege Lancement gouf sech staark beim C4 Cactus inspiréiert a vill Elementer goufen och beim Facelift nees iwwerholl.

Den Interieur

Hei steet virun allem ee Buschtaf am Mëttelpunkt – C fir Confort. Wärend aner Marken der Meenung sinn aus hiren Autoe lauter Sportsween maachen ze mussen, setzt Citroën op hir Traditioun, d’Passagéier esou confortabel méi méiglech ze transportéieren. D’Sëtzer kruten dofir méi eng déck Polsterung an de Chauffeur eng Armleen spendéiert. De Gemittlechkeetsfacteur, dee virdru schonn opgefall war, gëtt beim Facelift nach emol ënnerstrach. Bliwwe sinn zum Gléck och praktesch Elementer wéi déi vill Oflagen. Manner praktesch a leider onverännert ass d’Allergie op Knäppercher bliwwen. Fir dës ze reduzéieren, lafe sämtlech Commanden iwwert de groussen Touchscreen, esou och d’Heizung, wat beim Fueren onnéideg oflenkt. Wat d’Plaz ugeet, esou huet déi beim Facelift natierlech net geännert. Den C3 bleift awer geraimeg mat gudder Sëtzpositioun op de viischte Plazen an enger Mall vun 300 Liter.

Op der Strooss

Citroën Advanced Comfort – mat dësem Programm soll dat, woufir Citroën steet, nees betount ginn: de Confort! Vun de Sëtzer hate mer scho geschwat, beim C3 gouf awer och d’Fuerwierk no dëser Philosophie iwwerschafft. Bon, de Virgänger ass schonn immens gutt gefuer, beim Facelift gouf virun allem nach op Fuergeräischer Wäert geluecht an dat huet sech och gelount. Den C3 fiert sech wierklech immens roueg, d’Fiederung schléckt trotz de relativ grousse Rieder esou zimmlech alles wat Knubbelen a Lächer sinn. Fir de stressegen Alldag also dat richteg fir erofzekommen, schliisslech wëll ee mat engem klengen Auto jo keng Course gewannen. A fir de Fall wou et geféierlech gëtt, sinn elo neierdéngs 12 Assistenzsystemer mat u Bord.

Den Undriff

Bei de Motorisatioune gëtt et net esouvill Neits, den C3 behält seng 3-Zylinder Bensinner mat 83 an 110 esou wéi de 4-Zylinder Diesel mat 100 Päerd. Fir de Comfort-Facteur och bei de Motorisatiounen weiderzeféieren, kritt een och eng 6-Gang-Automatik. Déi kleng 3-Zylinder-Bensinner sinn e gudde Choix; se rumoueren zwar e bëssen, mä gi fëllegen duer, fir gutt a spuersam vum Fleck ze kommen.

D’Präisser

Bei ronn 14.000 Euro start den neien Citroën C3. Gutt equipéiert a motoriséiert, zum Beispill mam 110 PS-Bensinner kënnt een u ronn 20.000 Euro.