• De PLUS

    • Sportlech
    • Sound
    • Qualitéit
  • De MINUS

    • Präis
    • Verbrauch

Wann emol nees e Porsche sech an der Automag-Redaktioun umellt, dat héiert een do gär. Déi Kéier war et de Modell Cayenne an der GTS Coupé Versioun.

De Christian Schmit hat d’Chance deen e puer Deeg ze fueren.

Automag: Porsche Cayenne GTS Coupé

Jo d’Ingenieurskonscht zu Zuffenhausen bei Stuttgart weess ëmmer nees ze impressionéieren. Esou och um Volant vum Cayenne GTS.

Ass scho komesch, do lancéiert e mam Cayenne en SUV, fir en da mam GTS erëm méi déif ze leeën. Mä di blo wäiss, an déi mam Stär um Küler aus „deutschen Landen“ hunn déi schonn am Portfolio. Fir mäi Goût ass dat deene vu Porsche mam Design awer besser gelongen et ëmzesetzen. D’Coupé Versioun weess ganz gutt ze gefalen, en Hauch 911 ass ze erkennen. Wéi gewinnt ass och am Interieur alles vun héijer Qualitéit a perfekt verschafft. Hei fillt e sech wuel, hei wëll ee bleiwen, oder nach besser wéi a mengem Fall, deen hannert dem Volant sinn.

Den Undriff 

Scho beim demarréiere mierkt e séier, do ass Musek ënnert dem Capot. De Motor schléit eng Bass-Tounlag un, deen den Noper op d’Fënster lackelt, oder deen e Bléck iwwer d’Heck geheit. Hoffentlech kënne mir dee Sound nach eng Zäitche lauschteren.

An Zuelen ausgedréckt: V8, Biturbo a 4000 Kubik, 460 PS, an eng Spëtze Vitesse déi bei 270 km/h läit. Kléngt gutt, ne? 620 Nm Dréimoment bei 1800 Touren., e Sprint op 100 a 4,5 Sekonnen och.

Net fir näischt ware mir dowéinst och bis di aner Säit an d’Saarland, op Plaze wou et keen Tempolimitt gëtt.

Sportswon oder SUV? Béides, woubäi ech awer mengen, dass kaum e mam Cayenne Coupé GTS eng Kouert Holz aus dem Bësch schleeft.

Op der Strooss 

Ganz séier ass vergiess, dass deen Testauto hei 2,2 Tonnen op d’Wo bréngt. Top ofgestëmmt Lenkung, Fuerwierk, Bremsen. D‘8-Gang Automatik a Kombinatioun mat Allrad-Traktioun suergen dofir, dass d’Kraaft vum V8 och ganz onspektakulär do ukënnt, wou si hi gehéiert. Kee Bougéieren an de Kéieren, kaum anescht wéi bei engem rengrassege Sportswon, dem Porsche 911 aus deem selwechten Haus. Just hei geet et bequem mat vill Sëtz-Ofstand zu 4 op d’Rees. An 625 Liter Mall ginn et och nach. Do muss een dann och di nobäi 15 Liter Verbrauch a Kaf huelen.

D’Präisser 

Jo mam Cayenne GTS Coupé beweege mir eis an der Kategorie vun den Dram-Autoen. An do dierf de Budget kaum eng Roll spillen. Bei 117.000 Euro geet et lass. Beispillsweis d’Faarf Kräid aus der Kategorie „Couleur spéciale“, déi schléit scho mat 2.340 Euro zu Buch.

Bon et ass elo wierklech net esou, dass e Cayenne GTS net scho villes de série u Bord hätt. Ma wien bei Porsche de „Car Configurator“ aktivéiert, a sech do e bësschen defouléiert, dee lant wéi bei eisem Testauto séier bei 150.000 Euro.

Am Resumé 

Vill Spéin, mä dofir gëtt et en SUV, Sport Utility Vehicle, bei deem de Begrëff Sport awer déi Kéier nu wierklech zoutrëfft.

Déi bei Porsche verstinn hiert Handwierk, well Temperament an d’Eegenschafte vun engem Sportswon a Kombinatioun mat deenen, déi een un e Familljenauto stellt, dat geléngt ganz seelen.