• De PLUS

    • Design
    • Fuergefill
    • Praktesch Léisungen am Cockpit
  • De MINUS

    • Oplued-Durée

Am Automag vun haut komme mer op en Auto ze schwätzen, dee mer am Automag am Abrëll schonn emol als Bensinner teste konnt.

Elo war et dann um Andy Brücker, fir d'Elektro-Versioun méi genee ënnert d'Lupp ze huelen.

Automag: Peugeot 208-e

Et gouf scho vill iwwert deen Auto bericht, well de Basis-Modell ass ëmmerhin zum europäeschen Auto vum Joer 2020 gewielt ginn. Et geet ëm de Peugeot 208. Nodeems ech an de leschte Méint e sëllegen Elektro-Autoe fuere konnt, huet dunn och den 208-e gutt an déi Testrei gepasst.

Am Verglach mat der Konkurrenz

Et ass natierlech ëmmer schwéier en direkte Verglach ze zéien, well déi aner Autoen déi ech bis elo getest hunn, deels an anere Klassen erëmzefanne sinn. Ma ech muss scho soen, dass den 208 mer ganz positiv an Erënnerung bleiwe wäert. Net nëmmen, dass e wierklech gutt ausgesäit, ma och d'Elektrokonzept funktionéiert ganz gutt an deem Auto, a wierkt net wéi iergendwéi dran-transplantéiert. Dat huet schonn alles Kapp a Fouss, wat se do bei Peugeot mam 208 Elektro gemaach hunn.

Vu baussen erkennt een en duerch e bloe Léiw am Kühlergrill an duerch blo Emblemen mam Buschtaf "e", ma fir de Recht ass et en normalen 208?

Jo genee... e behält säi Look, deen net just bei den Autojournaliste gutt ukënnt. Am Banneraum ass mir direkt dat klengt Steierrad opgefall, wat och nach zimmlech déif positionéiert ass. No e puer Kilometer huet ee sech awer dru gewinnt, an et huet een doduerch och eng gutt Siicht op d'Instrumenter mat engem 3D-Display. Hei kann ee sech all déi néideg Informatiounen uweise loossen, vum Modus an deem ee grad fiert, iwwer Verbrauch, Vitesse, Sécherheetsassistenten asw. Zu senger Rietser huet een dann en 10 Zoll groussen Touchscreen an ënnendrënner eng Rei u schéi geformte Knäppercher fir z.B. d'Astellung vun der Klimaanlag. Et wierkt alles héichwäerteg... Besonnesch gutt gefall huet mer de Carbon-Look queesch iwwert den Tableau de Bord, deen dann och an enger geschwongener Form iwwer geet an d'Dierpanneauen.

Eng flott a praktesch Léisung hu se fir den Handy afale gelooss. Wann een déi Optioun ukräizt, kritt een an der Mëttelkonsol e Gefaach fir "Wireless-Charging", ma den Deckel fir dat Gefaach, kann als Handy-Halter benotzt ginn, wann een dësen z.B. als Navi brauch.

Motoriséierung?

Et ass en 136 PS staarken Elektromotor mat 260 Newtonmeter Dréimoment verbaut. Dee passt nawell gutt an den 208 a suergt fir genuch Fuerspaass an alle Situatiounen, egal ob en am ECO-Modus, Normal oder Sport ënnerwee ass. Ech si gréisstendeels am Eco-Modus gefuer, an et ass mer ni virkomm, wéi wa Leeschtung géif feelen. Wat de Verbrauch ugeet, soll ee ganzer 340 km mat enger voller Batterie kommen... dat hänkt natierlech ëmmer vun der Fuerweis of. 300 km sinn definitiv realistesch, wann een et net iwwerdreift an och vun der Recuperatioun profitéiert.

Ass d'Batterie bis eidel, heescht et oplueden... an dat kann och emol méi laang daueren.

Wann een un eng Schnellluedestatioun geet, déi 100kw liwwert, da kann ee bannent just 30 Minutten déi eidel 50 kWh-Batterie nees op 80% lueden. Dat konnt ech awer net testen, well leider hate se eis kee passende Kabel dofir an den Auto geluecht. Ech hunn also doheem mussen iwwert déi normal Steckdous lueden. Iwwert eng Nuecht kritt ee sou ronn 30% Kapazitéit gelueden. Fir vollzelueden huet bei mir ganzer 20 Stonne gedauert. Do hätt ech mer eng Wallbox gewënscht...

Fazit?

Wéi schonn am Ufank ugedeit, ass et alles an allem e positive Fazit. Den Auto mécht näischt wierklech falsch. Beim Bausselook hu mech just déi kleng 16 Zoll-Felgen gestéiert. Déi gesinn e bësse verluer aus an der grousser Radkëscht. Do gehéieren a mengen Aen op d'mannst 18-Zoll op den Auto.

Beim Präis lounge mer bei eisem Testauto bei 36.453 Euro, dëst an der "Allure"-Ausstattung, mat engem 3-Schicht-Lack mam Numm "Blue Vertigo", Panoramadaach, Sëtzheizung, dem groussen 10 Zoll Display mat Navi , Réckfuerkamera an nach puer aneren Optiounen.