• De PLUS

    • Motor + Leeschtung
    • Banneraum
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Verbrauch

Am Automag vun haut stelle mir iech eng Maschinn vir, déi vill Päerd ënnert der Hauf huet. Nämlech de Mercedes AMG E63 S 4Matic+.

De Rich Simon huet den Auto fir eis getest. 

Automag: Mercedes AMG E63 S 4Matic+

Dat sinn der net manner wéi 612 an déi leeschten 580Nm. Agepaakt sinn déi Päerd an engem 4 Liter V8 Bi Turbo Motor. Dat klengt fir vill Leit wéi Musek an den Oueren. An dat ass et och, wann een als Nostalgiker un déi fett Motoren denkt zu där Zäit wou Downsizing nach ee Friemwuert war, an et der egal war, wéi héich de Verbrauch op 100 Kilometer ass. Dee gëtt Mercedes, respektiv AMG, bei dësem Model mat 11,6 Liter op 100 un. Deen, dee sech awer esou een Auto keeft, deem mengen ech, ass dat zimmlech egal wat d'Aggregat suckelt. Deen interesséiert sech par contre virun allem dorunner, wat ee fir seng Sue kritt a wéi vill Spaass ee mat esou engem Auto huet.

Has du dann Spaass mat där Maschinn?

Ganz kloer jo. Déi 612 Päerd katapultéieren den Auto an 3,4 Sekonnen vun 0 op 100. Do bass de da schonns an engem ganz elitäre Krees ënnerwee. Acceleratioun ass awer dat eent. Dat anert ass wéi een déi Kraaft och richteg op d'Strooss kritt a wéi den Handling vum Auto ass. An do kann ech nëmme soen; alles richteg gemaach bei Mercedes AMG. Och wanns de mat deem Auto bësse sportlech ënnerwee bass, hues de ëmmer d'Gefill wéi wann näischt den Auto kéint aus der Rou bréngen. D'Fuerwierk ass an deene verschiddene Modusse perfekt ofgestëmmt. Apropos Modussen: Ech hat uganks gesot, dass et een 8 Zylinder ass. Wanns de allerdéngs am Confort Modus ënnerwee bass, da ginn tëscht 1.000 an 3.250 Touren 4 Zylinder ofgeschalt. Iwwer dem fuere mierks de awer net, wa 50 Prozent vun den Zylinder an de Chômage Technique ginn. Dat selwecht gëllt iwwregens och fir déi 9-Gang Boîte. Déi ass enorm präzis an och séier.

Lo hues de schonns relativ vill iwwer de Motor geschwat respektiv och iwwer d'Fuerverhalen. Wéi gesäit et optesch mat deem Auto aus?

Mercedes AMG schwätz vun engem ganz neien Design, praktesch vun engem neien Auto. Esou wäit well ech awer net goen. Et huet ee sech Méi ginn, fir dass den Auto bësse méi sportlech, respektiv bësse méi aggressiv wierkt. An awer ass et fir mech nach ëmmer net deen Auto wous de, wann e laanscht dech fiert sees, wat ass dat doten eng super Maschinn. Bannen am Auto sees de dat awer. Do hues de deng gewinnten Mercedes Qualitéit. D'Iwwersiicht am Cockpit ass richteg gutt. Dat huet och domadder ze dinn, dass de zwee 12,5 grouss Displayen hues.  Wat och besser ginn ass vis à vis vun deene viregten AMG Modeller ass d'Steierrad. Et ass méi déck an domadder hues de et, fannen ech, besser am Grëff, wat sech och jo op d´Sécherheet auswierkt.

Wéi gesäit et mam Präis vun där Maschinn aus?

Den Testauto, deen ech hat, dee war mat allméiglechem Schnickschnack, vill Carbon an och Featuren, déis de brauchs oder och net ekipéiert. Deen hätt mech, well den Test an Däitschland war, do ronn 165.000 Euro kascht. Bei eis am Land fänkt den AMG E63 S 4Matic+ bei 119.223 Euro un.