• De PLUS

    • Confort
    • Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Präis
    • Verbrauch net wéi versprach

Déi di schonn en A op d’Elektromobilitéit geheien, mä net ganz op en Elektroauto wëllen ëmklammen, déi decidéiere sech gäre fir en Hybrid.

Esou wéi de fuschneie Peugeot 508 SW Hybrid mat deem de Christian Schmit ënnerwee war.

Automag: Peugeot 508 SW Hybrid

De franséische Konstrukteur Peugeot huet 2020 mam 208 an 2008 net nëmmen di éischt Elektroautoen an d’Gamme bruecht, neen och Hybrid-Modeller ginn elo nogereecht. Den 3008 Hybrid-4 an eben eisen Testauto, de 508 SW Hybrid.

Dat heescht awer och 280 Kilo méi op der Wo an ëm déi 4.000 Euro méi Investitioun.

D’Bourgogne an d’Ardèche stoungen um Programm. Vun SW duecht ee sech, do passt jo dann och alles esou dran wat fir eng Vakanz noutwenneg ass. Mécht et mat 530 Liter och, mä de 508 SW ass esou eppes wéi e Lifestyle Kombi. Dee richtege Pakiesel, am léiwe Sënn vum Wuert, ass de 5008 an der Gamme. Well de Batterie-Pak sech ënnert der hënneschter Setzrei verstoppt, geet weider keng Plaz an der Mall verluer. Op der Rees hate mir dann och Zäit, fir dat Temperament vun deen zwee Moteuren, thermesch an elektresch ze erfueren a waren och gespaant, wéi vill Bornen dann esou an der Géigend dorëmmer stinn, a wéi kamoud oder komplizéiert dat mam Opluede fir de Plug-In Hybrid wier.

De Peugeot weist op alle Fall um Navigatiounsecran ganz genee un, wou een op sengem Trajet Elektro-Borne fënnt. Et ginn am Hexagone tatsächlech Ënnerscheeder, jee no Departement. Beispillsweis tëscht deem vun der Ardèche oder dem Gard. Bei deenen enge geet Luede ganz einfach mat der Kreditkaart, am Gard wollt d’Borne just Elektresch hiergi mat engem spezielle Jeton. Déi 11,5 kw/h-Batterie léisst sech jee no Chargeur dann no 2,5 bis 6,5 Stonnen nees oplueden.

Den Undriff

Den 1600er geet mat 180 PS un den Depart + den 81 Kilowatt staarken Elektromotor. Dat mécht eng Systemleeschtung vun 225 PS, an eng Autonomie vu 50km reng elektresch, a bis maximal 135 an der Stonn. Soss ass eréischt bei 240 um Tacho Schluss. Um Bord Computer kann een déi mat E-Save blockéieren, fir eran an duerch d’Stad ze flüsteren. Dir gitt dann och gläich erkannt, well ënnert dem Bannespigel eng blo Liichtchen drop hiweist, ech fueren elo just mat Elektro-Power.

Op der Strooss

Mat der 8-Gang-Automatik sinn de Fuermodus Elektro, Hybrid a Sport méiglech. Nieft dem Drive léisst déi sech och op B stellen. Dat aktivéiert dann d’Recuperatioun beim Bremsen. Konkurrenz Plugin-Modeller weise sech do méi energesch, oder et kann een de Grad u Recuperatioun wielen.Wien et awer genee wësse wëll, wéi e Motor grad Déngscht huet, dee kann dat um Ecran an der Mëttelkonsol genee suivéieren.

Ganz confortabel a mat wéineg Dezibel geet et iwwer Land. Och Pneuen a Wand-Geräischer bleiwen am Hannergrond. De 508 Hybrid huet et souwisou léiwer méi gemächlech.

Chic chic presentéiert sech den Interieur. Alles wat en upaakt ass vu gudder Qualitéit. De Premium-Usproch, deen d’Mark mam Léiw um Küler sech op de Fändel geschriwwen huet, gëtt deem gerecht.

Leider leien och beim 508 SW Hybrid d’Verbrauchswäerter tëscht Theorie a Praxis wäit auserneen. 1,7 Liter sollen dra sinn. Deet mir leed Peugeot, mä manner wéi 5,8 war net dran.

D’Präisser 

Eisen Testauto koum an der gutt-ausstafféierter GT Versioun, an hat och Massage-Sëtzer u Bord, an dat fir Chauffer a Bäifuerer. Intressant, dat attraktiivt „Bleu Cèlèbes“ kascht kee Cent extra. 50.000 Euro wieren un de Peugeot-Concessionnaire ze iwwerweisen. Eng Primm vun 2.500 Euro gëtt jo am Moment och nach vum Pappa Staat. Op engem dat gutt Gewëssen zäitweis elektresch ënnerwee ze sinn dat wäert ass, muss jidderee fir sech decidéieren. Well de Stroum kritt e jo och net geschenkt.