Volvo XC40 T5 Recharge
-
De PLUS
- Design
- Fuerkomfort
-
De MINUS
- Traktiounsproblemer
SUVen hunn net dee beschten ökologesche Ruff: se si grouss, héich, schwéier an duuschtreg.
Fir net mussen op den Diesel zeréckzegräifen, setzen elo ëmmer méi Marken op d’Hybrid-Technologie. Esou och Volvo mam neien XC40 T5 Recharge. De Paul Origer hat e fir eis getest.
Schluss mam Diesel – viru Joren huet Volvo ugekënnegt den Dieselmotor aus senger Gamm ze verbannen. Dat ass zwar nach ëmmer net ganz geschitt, mee d’Hybrid-Technologie fënnt dogéint lues a lues an all Volvo-Modell seng Plaz. De populäre Kompakt-SUV XC40 ass elo um Tour a kritt mat T4 an T5 esouguer 2 verschidde Versiounen.
Den Undriff
Mat deem geet et dës Kéier lass,well hie spillt jo schliisslech d’Haaptroll. Den Testauto hat dee méi staarke vun den Hybrid-Undriffer u Bord. Am T5 Recharge schafft een 3-Zylinder Turbo mat 180 PS an 265 Nm, dat ass fir ee klenge 1500er scho guer net wéineg. Hie kritt awer nach zousätzlech Hëllef vun engem 60 kW-Elektromotor. Deem seng 160 Nm sinn aus dem Stand disponibel a suergen zesumme mam Verbrenner fir sportlech Fuerleeschtungen. De Bensinn-Elektro-Duo erreecht 262 PS a 425 Nm, domat läit den T5 Recharge quasi um Niveau vun engem staarken Diesel. 100 km/Stonn sinn a 7,3 Sekonnen erreecht, den E-Motor eleng packt bis zu 125, zesumme mam Bensinner sinn 205 dran. A wa mer scho bei den Zuele sinn: am meeschten interesséiert eis natierlech de Verbrauch. An hei léisst Volvo eis zum Detektiv ginn a verréit just den CO2-Ausstouss vu 45 Gramm. An der Praxis sinn et der awer, wéi ëmmer, méi. Zemools wann déi reell 40 Kilometer elektresch Autonomie fort sinn, da gëtt de Bensinner logescherweis duuschtreg. Tëscht 7 an 8 Liter si fir een 1,9-Tonnen-Apparat awer nach akzeptabel.
Op der Strooss
Hybrid- oder Elektresch fueren ass Wellness puer. Och am Volvo XC40. Alles geschitt wierklech perfekt gedämmt, esouguer den 3-Zylinder ass bei senger Aarbecht net ze héieren. Eenzeg een deels méi kräftege Ruck kënnegt un, wann de Bensinner aspréngt, dat kréien aner Marke besser geléist. Och un d’Bremsgefill muss ee sech gewinnen, d’Pedall erfuerdert nawell grousse Muskelasaz. D’Fuerleeschtunge sinn absolut zefriddestellend. Déi 262 Päerd hunn extrem liicht Spill mam dach schwéiere Volvo-SUV. Just brénge se d’Traktioun zemools op naasse Stroosse vif un d’Limite. Esouguer am Tëschesprint dréinen déi viischt Rieder nach duerch. Hei wier Allrad wierklech net vu Muttwëll, mä Volvo bitt dee beim Hybrid guer net un. Schued, well soss fiert sech de kompakte SUV richteg gutt an deels esouguer sportlech knackeg. D’Steierung ass net ze liicht a kommunikativ, d’Fiederung net ze mëll an net ze haart. Spuere soll ee sech awer déi 2.600 Euro deier 21-Zoll-Felgen. Se gesinn zwar immens chic aus, loossen den XC40 awer iwwer all Sënn am Stroossebau trëllen a sprangen. Besonnesch a Kéiere kann dat enorm nerven.
Am Résumé
Den XC40 ass jo am Fong scho bekannt; fir mech ass et an der Volvo-Famill net nëmmen dee flottsten SUV, mä och déi ideal Gréisst. Bannen ass genuch Plaz fir jiddereen, ouni datt e bausse sämtlech Grenze sprenge muss. Den Hybrid-Undriff fonctionéiert bis op e puer Klengegkeete ganz gutt a passt bei de kompakte Crossover.
D’Präisser
Mécht een de Bilan, da ginn et an der Leeschtungsklass iwwer 250 PS keng Hybrid-SUVs ënner 50.000 Euro. Bis op de Volvo XC40: bei ronn 46.600 Euro start den T5, fir en Dausender a 50 PS manner gëtt et schonn den T4. Allerdéngs huet een dann awer nach keen Ausfluch an d’Optiounslëscht gemaach...