Mini Cooper SE
-
De PLUS
- Typesch Mini
-
De MINUS
- Konnt den Auto net länger testen
Nodeems den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun eis déi lescht Woch de stäerkste Mini vun allen Zäite presentéiert huet, ass et elo um Spuersaamsten.
Queesch duerch de ganzen Automobilmarché gesäit een eendeiteg d'Entwécklung a Richtung Elektromobilitéit. Dofir dierf e sou ee Modell natierlech och net bei Mini feelen.
Beim Event "Zero Emission or Zero Limits" hat ech nieft dem Mini John Cooper Works GP dann och d'Geleeënheet de Mini Cooper SE ze testen... dat ass e reng-elektresche Mini mat 184 PS.
Wéi ënnerscheet sech den Elektromodell da vu senge Bensin- oder Dieselbridder?
Also optesch ass et éischter schwiereg de Stroumflitzer vu Mini auszemaachen, besonnesch wann en am normale Stroosseverkéier laanscht ee fiert. En huet z.B. de selwechte Capot ewéi de Mini Cooper S an och soss ass un der Karosserie net vill anescht, bis op de Kühlergrill. Et muss ee schonn op d'Embleme kucken, déi vir beim Radlaf oder hanne bei der Mall dropgepescht sinn... den hënneschte Parechoc mam Diffusor ass och liicht anescht. Och am Banneraum ginn et just minimal Ännerungen, sou z.B. Knäppercher fir d'Elektro-Modien anzestellen.
Wéi fiert e sech?
Doduerch dass d'Batterie tëscht de viischte Sëtzer an der Réckbänk am Buedem verbaut ass, huet den Auto e ganz niddrege Schwéierpunkt, wat dem Handling vum Auto zegutt kënnt, dee jo bei Mini och an den anere Modeller ëmmer ganz positiv opfält. Do ginn et also keng gréisser negativ Konsequenzen duerch d'Elektrifizéierung, och wann de Mini Cooper SE ronn 150kg méi schwéier ass wéi e Bensinner. Et kann een tëscht 2 Levele vun der Recuperatioun wielen, wouduerch ee quasi just nach mat enger Pedall fuere muss... nämlech mat der Gaspedall. Bremse muss een dann net méi, well déi ganz Bremsenergie via d'Recuperatioun geschitt an domat och nees den Akku luet. Besser ass allerdéngs déi 1. Stuf vun der Recuperatioun... domat kënnt een am Alldag am beschte zu Wee an et muss ee och manner nees beschleunegen, wann ee mol vum Gas geet. Dréckt een d'Gaspedall emol voll duerch, ass ee bannent 7.3 Sekonnen vun 0 op Tempo 100. Ma dat geet dann natierlech och op de Verbrauch.
Apropos Verbrauch... wéi wäit kënnt een da mat enger voller Batterie mam Cooper SE?
Um Dateblat si bis zu 234 km no WLPT uginn. D'Marketing-Abteilung vu Mini hat de Journaliste bei der Testfaart den Challenge gesat erauszefannen, wien da vun eis am spuersaamste fuere géif. Verschiddener vun eis haten den Challenge ugeholl, an ech sinn z.B. mat enger Moyenne vun 10,9 kwH op 100km gefuer. Dat hat allerdéngs net vill mat fueren ze dinn, sou ganz ouni Klima-Anlag, mat Tempo 90-100 op der Autobunn an och soss iwwerall mat maximaler Recuperatioun. Dat war wuel och Sënn an Zweck vun der Opfuerderung, well et war mer deemno net méiglech e realistesche Verbrauchswäert erauszefueren, bei deem Parcours dee mer eng Kéier fuere konnten. Ech hunn dofir spéider ugefrot, fir den Auto nach eng Kéier geléint ze kréien, fir en am Alldag ze probéieren... leider wier dat awer net méiglech, sou d'Ausso vu Mini.
Menge Recherchen no no ass et wuel awer éischter realistesch, dass een 150-180 km wäit kënnt mat enger voller Batterie, an net déi annoncéiert 230 km. De Mini Cooper SE ass deemno wierklech éischter en Auto fir Kuerzstrecken, oder fir an der Stad ze fueren.
Wéi gesäit et da präislech aus? Wou geet d'Rees do hin mam elektresche Mini?
Lass geet et beim 3-dieregen Cooper SE bei ronn 32.000 Euro, dëst an der Ausstattungsvariant "S". Da gëtt et nach M....L.... an XL, wou me da bei knapp iwwer 39.000 Euro landen. Eisen Testauto louch an der "L-Ausstattung" bei ronn 37.130 Euro.