• De PLUS

    • Leeschtung
    • Brems
    • Look
  • De MINUS

    • Traktioun
    • Sound
    • Ausverkaf

Wéi fiert sech a Mini mat 306 PS, bei just 1.330 Kilo Gewiicht? Am Automag si mer där Fro nogaangen.

Den Test stoung ënnert dem Motto "Zero Emission or Zero Limit". A wat sech genee dohannert verstoppt huet, zielt eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.

Automag: Mini John Cooper Works GP

Fir déi, déi et net sou mam engleschen hunn, et geet also ëm "Null Emissiounen" oder "keng Limitten". Den Andy Brücker hat d'Geleeënheet op engem Dag zwee Minien ze probéieren... eemol d'elektresch Versioun, an eemol déi sportlechst Versioun mam Numm John Cooper Works GP. An iwwert dee schwätze mer an dësem Test.

De Kierzel GP steet jo fir Grand Prix... stécht dann och e bësse Renn-Feeling an deem Auto?

E bëssen ass gutt gesot. Den Auto ass op alle Fall näischt fir Leit, déi onopfälleg am Verkéier wëllen ënnerwee sinn. Am Verglach zum normale Mini gëtt et e massiven Heckspoiler, en anere Frontgrill, grouss Loftaläss, Schmiedefelgen, en Heckdiffusor a virun allem falen d'Carbon-Radhaus-Blenden op, déi keng wierklech aerodynamesch Wierkung hunn, ma den Auto méi breet wierke loossen... an net ze knapps.
Am Banneraum ass d'hënnescht Réckbänk erausgeflunn... sportlech Sëtzer suerge fir gudde Säitenhalt, rout Gurter ënnersträichen de Racing-Gedanken an iwwerall gëtt ee mam GP-Logo drun erënnert, dass een net an engem normale Mini sëtzt. Fir een, deen op e sportleche Look steet... ass et genau dat richtegt. U Komfort feelt et engem awer net.

De Look eleng wäert jo awer net d'Differenz zu engem normale Mini ausmaachen?

Ech fänken einfach emol mat e puer Zuelen un. E weit 1330 Kilo... huet en 2 Liter 4-Zylinder Turbomotor mat 306 PS a 450 Newtonmeter. Domat ass et de stäerkste Mini dee jee gebaut gouf. De Sprint vun 0 op 100 geschitt a just 5.2 Sekonnen a Schluss ass bei 265 Stonnekilometer.
Bei menger Testfaart hat et e bësse gedauert, bis ech aus dem Moiestrafic eraus war ... ma wou ech bis op der Autobunn eng éischte Kéier beschleunege konnt, do war mer bewosst, dass een zu 100% konzentréiert muss sinn, wann ee mat deem Auto ënnerwee ass.

Wéi huet sech dat dann erëmgespigelt?

Majo ugefaange mol direkt bei der Lenkung. Soubal ee Gas gëtt, huet een all Interêt déi 2 Hänn um Steierrad ze hunn, well den Auto zitt an all Richtung, just net riichtaus. En Torsendifferenzial probéiert zwar dobäi ze hëllefen, d'Kraaft ze bändegen, ma dat geléngt just a Moossen. Ech war op alle Fall bannent 2 Sekonnen hellwakreg a war gewarnt, dass et sech heibäi em eng ganz seriö Fuermaschinn handelt, déi Opmierksamkeet vum Chauffer verlaangt.

D'8-Gang-Automatik ass a Kombinatioun mat deem Motor bekannt aus dem BMW M135i a funktionéiert deementspriechend ganz gutt. D'Fuerwierk ass straff, ma net onkomfortabel, an d'Brems ass definitiv op der aggressiver Säit ënnerwee. Vum Sound war ech e bëssen enttäuscht... dat war schonn emol besser bei Virgängermodellen. Schold dorun ass ënnert anerem de Partikelfilter.

Och ouni vill Sound kléngt dat awer no vill Fuerspaass... konns de deen dann och genéissen?

Jein... zwar hate mer wierklech e schéine Parcours ze fuere kritt, mat och vill schéine Landstroossen, ma bei deem Auto ass ee ganz séier iwwert de Limitte vun deem wat de Code de la Route eis erlaabt. Et konnt een allerdéngs spieren, wéi gutt de Chassis an d'Fuerwierk harmonéieren. Fir an e Grenzberäich ze kommen, war esou op der Landstrooss net méiglech. Dofir misst een da schonn op e Circuit fuere goen.

Wat kascht et dann, wann ee sech sou en neie Mini John Cooper Works GP wëll zouleeën?

D'Fro muss anescht gestallt ginn, well "nei" kritt een dësen Auto net méi. Et goufen der just 3.000 gebaut an déi si schonn all verkaf. Et hätt ee mussen tëscht 43.550 a 46.450 Euro op den Dësch leeën, fir een ze bestellen. Elo heescht et dann um Occasiounsmarché d'Aen ophalen, wann der awer nach ee wëllt.