MAN eTGM
-
De PLUS
- Roueg
- Spuersam
-
De MINUS
- Uschafungspräis
- Autonomie
Am Automag huele mir Plaz am éischte voll-elektresche Camion hei zu Lëtzebuerg. Dat ass den MAN eTGM, dee fir BIOGROS am Asaz ass.
De Christian Schmit huet dierfe mat op den Tour wou ausgeliwwert gouf.
Am Hierscht 2018 huet ee bei MAN ugefaange mat enger Rei Cliente Praxistester mam E-Camion ze starten. Den MAN e-TGM e Schrëtt a Richtung klimaneutral Distributioun. Et gëtt jo scho Stied, wou den Diesel-Camion net méi eran dierf.
Mat 264kw an 3100Nm Dréimoment steet e gutt am Fudder. Dëser Deeg koum deen éischten Elektro Camion bei BIOGROS op den Haff. Ee vun 50 aus der klenger Serie vun MAN, mat där elo vill Kilometer an Erfarungen sollen zesumme kommen. Déi sammelt och de Marco Gasper um Volant?
Marco Gasper: Mir sinn an der Praxis-Erfarung. Bis elo si mir ganz zefridden, och vun de Chauffere kréie mir positive Feedback. Dat ass vum Fueren hir eppes ganz anescht, net nëmmen dass et vill méi roueg ass, et ass och eng Ëmstellung. De Chauffer muss drop forméiert ginn, dass hie léiert, vill Energie ze spueren, ze recuperéiere beim bremsen.
Mat him dierf ech mat op den Tour. Am Moment ass et och just hien, deen de 500.000 Euro Camion dierf beweegen. Vu Schëtter aus dem Lager geet et an ee vun den 11 Butteker, an zwar op Rolleng bei Miersch. Ok dat misst jo mat der Autonomie fir den Aller-Retour duergoen?
Marco Gasper: Also bei maximal 200 Kilometer ass Schluss, a mir mengen, dass wa mir am Summer di voll Kill-Leeschtung brauchen, scho bei 150 Kilometer Schluss ass. Wann een net grad e Bläifouss huet.
Dowéinst ass de Logistiker gefrot, well den MAN mat Elektro-Kraaft kann net iwwerall op den Tour geschéckt ginn.
Marco Gasper: Nee definitiv net. Mir mussen di ganz Tier anescht plangen, an un de Camion adaptéieren. En ass ageplangt, fir 4 mol den Dag erauszefueren, kënnt deemno 4mol zeréck, steet dann um Quai a kann an där Stonn geluede ginn, an ass duerno dann erëm prett fir den Asaz.
Chaufferen ginn elo no a no a Schoulunge geschéckt fir den Elektro Truck effizient ze fueren. Vill Opwand, do freet e sech ass et den Investissement wäert?
Marco Gasper: Den Investissement ass et wäert. Dat ass eng onmoosseg Zomm, déi mir do investéieren, awer als Flotte-Bedreiwer interesséiert een den Uschafungspräis net haaptsächlech. Interessant ass den TCO, de sougenannten Total Cost of Ownership. Dat heescht, wat kascht mech de Camion vun deem Moment, wou en op den Haff kënnt, bis zu deem Moment, wou mir en ofstoussen. An do huet den Elektro-Camion definitiv de Virdeel. Mir hu keng Revisiounen, mir brauchen nëmmen en Drëttel vun der Energie déi mir soss a Form vun Diesel hunn, a si ass och nach vill bëlleger.
An de Marco Gasper ass sech sécher, dass wann eng richteg Serie-Produktioun mat méi Stéckzuelen uleeft de Präis, wéi beim Elektro-Auto erlieft, erof geet. Vum Skeptiker zum Fan ginn?
Marco Gasper: Also wéi bei eis am Betrib, vun der Direktioun di Iddi do eng éischte Kéier zur Sprooch koum, war ech als Logistikleiter ganz skeptesch. A mengen Odere leeft Diesel. Ech konnt mech awer elo an deenen 1½ Joren an di Matière erschaffen. Haut sinn ech ganz iwwerzeegt a soen, dass och am private Beräich mäin nächsten Auto kee Verbrenner méi wäert sinn.
An de rulle mir erëm zeréck op Schëtter, an bei deem hannert dem Volant mierkt een, hei hunn der zwee sech fonnt?
Marco Gasper: Ech freeë mech wéi e klenge Jong iwwer all Kilometer wou ech drop fueren, dat ass wouer.
Interessant och ze héieren, dass et net wéi beim Elektro-Auto oder Autobus eng Primm d’encouragement gëtt. Mä wat net ass, ka jo nach kommen.
Dëser Deeg gouf et iwwregens fir den Elektro-Camion vum Cluster for Logistics Luxembourg de Lean & Green Award 2020.