• De PLUS

    • Gesamtkonzept
    • Hybridtechnik
    • Confort
    • Plazverhältnisser
  • De MINUS

    • ...

E Skoda an der Uewerklass – deemools wéi et nach ee verlängerte Passat war, gouf doriwwer geschmunzelt.

Elo ass de Superb ee Konkurrent, dee roueg kann eescht geholl ginn. Zemools mat der neier Hybrid-Versioun ass eng nei an zäitgeméiss Motorisatioun dobäi koum. De Paul Origer seet eis, wéi sech déi am Alldag fiert.

Automag: Skoda Superb i.V.

Hybriden an der Uewer- a Luxusklass si méi beléift wéi ee mengt. Zemools Staatskarosse gi wéinst dem gudde Gewësse gäre mam Zwitterundriff ugeschaaft. Dacks verpufft de Spuereffekt awer direkt, well d’Batterieleeschtung ze schwaach an de Verbrennermotor ze duuschtreg ass. Skoda huet dat an hirem Flaggschëff Superb awer guer net esou schlecht geléist kritt.

Den Undriff

E klengen Turbobensinner kritt Hëllef vum Elektromotor. Bei ville Marken ass dat d’Rezept an esou och bei Skoda. De 1400er Turbo-4-Zylinder kenne mer aus ville Modeller aus dem VW-Konzern. Am Superb i.V. leescht hien, zesumme mat der E-Maschinn, 218 PS. Dat kléngt no net vill, goung awer duer, fir dee bal 5 Meter laangen Tschech zügeg ze beschleunegen. Besonnesch am Sportmodus war op der Autobunn Gas ginn an iwwerhuelen ee Kannerspill. Mä natierlech ass dat net déi éischt Vokatioun vun engem Hybridundriff. Gestart gëtt d’office emol ëmmer am Elektromodus, an do packt de Superb laut WLTP 56 Kilometer, wann et muss sinn och bis op Autobunnsvitessen. Fir den Alldag ass déi Autonomie nach ok, op der Autobunn awer relativ séier opgebraucht. Mä hei kënnt den Trick vum Hybrid: Energie, déi soss beim Bremsen oder Biergoffueren einfach verpufft, luet den Akku nees op, enplus kritt och beim normale Betrib d’Batterie reegelméisseg Stroum spendéiert. Mam Resultat, datt ëmmer erëm tëschenduerch kann elektresch gefuer ginn an och beim Ukommen eng kleng Reserv bleift. An déi versprachen Autonomie vun 850 Kilometer ass och net esou utopesch wéi een dat géing mengen. Iwwert ronn 1000 Kilometer huet den Test-Superb mat e puermol nolueden eng Moyenne vun ënner 6 Liter gepackt. Respekt!

De Fuerspaass

Wéi dann? Fuerspaass an Hybrid? An dat ganzt och nach an enger grousser Limousin? An ob dat klappt! Trotz “nëmmen” 218 PS goung besonnesch am Sportmodus d’Post ab, d’Sëtzer vun der Sportline ware straff an hunn ee gutt gehalen, d’Steierung matdeelsam an net ze liicht. An d’Zesummespill tëscht deenen zwee Motoren an der Boîte huet esou gutt fonctionéiert, dass och dat zum Fuerspaass bäigedroen huet. Och de Wiessel tëscht Elektro, Seegelen a Verbrenner gouf diskret a beschtens geréiert, gefillt esouguer besser wéi beim Premium-Konzernbrudder mat 4 Réng. An als Kiischt um Kuch, gefalen deen einfach a kloer opgebauten Tableau an déi intuitiv Bedéngung. Bravo Skoda, alles richteg gemaach.

D’Präisser

Bei ronn 40.000 Euro geet et lass, fir de Kombi si ronn 1.500 Euro extra fälleg. Gutt ekipéiert als Sportline, wéi eisen Testauto, kënnt een op iwwer 50.000 Euro.

Am Resumé

Jo, Hybridtechnik ass net bëlleg. Mä am Verglach mat der Konkurrenz steet de Superb i.V. mol net esou schlecht do. Well gemooss un deem, wat ee gebuede kritt: gutt Veraarbechtung, komplett Equipementer, enorm Plaz am Banneraum, eng gigantesch Mall an eng Beefräiheet, wéi an der Luxusklass, ass de Superb seng Sue wäert. A gespuert gouf net un der falscher Plaz, wéi déi gutt funktionéierend Technik et weist. A wann de Superb ze grouss ass, déi selwecht Motorisatioun, esouguer méi staark, gëtt et elo och am Octavia.