• De PLUS

    • Gudden Allrounder
    • Präis
  • De MINUS

    • Kollisiounswarner spillt verréckt
    • Geräischpeegel vum Motor ënner Laascht

Mir huelen e Japaner ënnert d'Lupp, bei deem sengem Numm Auto-Enthusiasten automatesch direkt u Rallye denke mussen.

Den Andy Brücker huet sech den neiste Subaru Impreza méi genee ugekuckt.

Automag: Subaru Impreza e-Boxer

Subaru huet mam Impreza grouss Succèsen an der Rallye-Weltmeeschterschaft kënne feieren, ma dat si schonn e puer Joer hier. Wichteg bei de sportleche Modeller vum Impreza sinn d'Buchstawen WRX an STI. Bei eisem Testauto stoung awer weder dat eent, nach dat anert op der groer Kaart. Ech hat den neie Impreza e-Boxer am Test... a wéi dir iech et schonn denke kënnt, steet den "e" heibäi fir elektro.

Ma am Numm steet awer och Boxer... also war awer och e Verbrennungsmotor mat am Spill? 

Jo absolut, d'Haaptaarbecht mécht bei dësem Impreza en 2 Liter Boxermoto mat 150 PS. Den e-Boxer ass e sougenannten "Mild-Hybrid". Dat heescht de Verbrenner gëtt mat engem 16,7 PS staarken Elektromotor kombinéiert. Deen Elektromotor speist eng Lithium-Ionen-Pufferbatterie, duerch déi een am Idealfall bis zu 1,6 Kilometer reng elektresch fuere kann.

1,6 Kilometer nëmmen? Dat ass jo kaum derwäert...

Et däerf ee sou ee Mild-Hybrid-System net als en Elektroauto gesinn... den Elektroundriff hëlleft virun allem dobäi d'Effizienz vum Auto eropzesetzen. Den Elektromotor ka beim ufueren hëllefen... wann een emol e puer Extra-PS beim Iwwerhuele brauch oder wann een z.b. iergendwou am Schrëtttempo ënnerwee ass (och nach Stau genannt) kann den Auto komplett via Batterie an Elektromotor fueren, bei 0 Gramm CO2-Ausstouss.

Op engem Display an der Mëttelkonsol kann ee ganz genau gesinn, wéini ee reng mat Sprit fiert, wéini d'Batterie geluede gëtt, wéini een kombinéiert fiert a wéini reng elektresch. Wann ee reng elektresch fiert, däerf een d'Gaspedal wierklech just heemelen, soss sprengt de Verbrenner direkt mat un. Mat der Zäit huet ee sech awer un de System gewinnt, an et léiert een d'Virdeeler fir sech am Alldag ze notzen.

Wat gëtt et da soss nach am neien Impreza ze entdecken? 

Eppes wat ee Queesch duerch all d'Marken a Segmenter gesäit, sinn déi ëmmer méi heefeg Assistenzsystemer, déi verbaut ginn. Am e-Impreza ass sou z.b. serieméisseg de Subaru Eye-Sight mat u Bord, deen z.B. dofir suerg, dass een a Kombinatioun mam Tempomat d'Sécherheetsdistanz op den Auto virdrun anhält, dat bis Vitessen vun 180 Stonnekilometer. Hie bremst dann eegestänneg of a beschleunegt och nees, wann d'Strooss nees fräi ass.

De System iwwerwaacht, ob een a senger Spuer bleift a kann am Noutfall aktiv an d'Lenkung agräifen, fir z'evitéieren, dass ee vun der Strooss ofkënnt.

Weider ass och e Kollisiounswarner mat integréiert. Bei deem musse se awer mengen ech nach eng Kéier um Feintuning schaffen, well reegelméisseg wann ech op enger Offaart a Richtung vun de grousse Plastiksbacke mat de Feiler drop gefuer sinn, ass den Impreza ganz nervös ginn an huet mech virun enger Frontalkollisioun gewarnt, obwuel ech normal op der Offaart gefuer sinn...

Och beim Hannerzeg-Fuere kann de System eng Noutbremsung maachen, wann ee riskéiert z.B. an e Potto ze rennen, deen een net gesinn huet beim Parken. Do muss ech iwwregens och d'Kamera un de Front erwänen, duerch déi ee bis op den Zentimeter genau kann aparken. D'LED-Luuchte vir an hanne sinn elo serieméisseg , grad ewéi Apple Carplay an Android Auto, Voice-Control, Starlink-Infotainement-System asw...

Wéi war dann däin Androck am allgemenge vum Auto? 

Den neien Impreza wäert mat Sécherheet keng Präisser fir de schéinsten Auto kréien... ma wéi heescht et sou schéin, les Gouts et les couleurs.... Et ass ewéi bei allem. Kuckt iech am beschten d'Fotoen un, da kënnt dir iech är eege Meenung bilden.

Am Banneraum war souwäit alles ok. Déi verschaffte Materialien sinn net ze vergläiche mat z.B. däitsche Premium-Hiersteller, mat dat war an ass och net den Usproch vu Subaru. D'Stäerkt läit nach ëmmer ganz kloer bei der Funktionalitéit an dem Fuerverhalen. Den Auto huet e permanenten Allrad, dee perfekt funktionéiert, eng ganz equilibréiert Gewiichtsverdeelung, och duerch d’Positioun vun Elektromotor a Batterie. Déi stufelos Automatik fiert sech ganz agreabel. D'Lenkung ass prezis a gëtt e gudde Feedback.

D'Fiederung ass ganz gutt gelonge muss ech soen... e gudde Kompromëss tëscht Laangstreckentauglechkeet a genuch Komfort wann et och emol méi ongemittlech gëtt. Gréisser Buedemwellen oder kleng Lächer an der Strooss si genau sou wéineg e Problem, wéi de Feldwee fir bis bei de Päerdsstall oder de Schotterwee fir mam Mountainbike op seng Downhill-Streck ze kommen.

Souwuel vir, wéi och hannen huet ee gutt Plaz, an och an der Mall kritt ee sou munches ënner. Dat wat mer e bëssen negativ opgefall ass, ass de Geräischpeegel vum Motor, wann een mol richteg beschleunege muss... dann héiert et sech dach un, wéi wann den 2 Liter Boxer mat de ronn 1550 Kilo Gewiicht ze kämpfen hätt.

Zu gudder Lescht d'Standard-Fro nom Verbrauch an nom Präis...

De Verbrauch ass uginn no WLTP mat 7,7 Liter op 100km. Bei mengem Test loung ech mat 7.9 just knapps do driwwer, wat bei sou engem Test, wou een jo keng dausende Kilometer fiert, ganz akzeptabel ass.

Den e-Boxer kritt ee vun 29.000 Euro un an der Comfort-Ausstattung. An der Premium-Ausstattung wéi mir en teste konnten, läit ee bei knapp 34.000 Euro, wat a mengen Aen fir deen Auto absolut korrekt ass.