• De PLUS

    • Leeschtung
    • Exklusivitéit
    • Fuerverhalen
  • De MINUS

    • Präis

Mir schwätzen iwwer een Auto, dee ronn 350.000 Euro kascht. Domadder ass et ee vun den deiersten Ween, déi een ze kafe kritt.

Rieds geet vum Mercedes AMG Black Series. De Rich Simon aus eiser Automag-Redaktioun ass dee gefuer. Ier mir méi konkret iwwer den Auto schwätze, villäicht e puer Erklärunge wat AMG iwwerhaapt ass.

Automag: AMG GT Black Series

Fir et einfach auszedrécken, AMG ass den Haus-Tuner vu Mercedes. Si baue Motoren, déi extrem vill Leeschtung hunn an déi ginn dann an d'Mercedes Karosserien agebaut. Et ginn allerdéngs 3 Ausnamen. 2010 gouf de Mercedes-Benz SLS AMG komplett Serienonofhängeg vu Mercedes gebaut. 4 Joer méi spéit war dat fir den AMG GT de Fall an eeben elo fir de GT Black Series.

Wou bass du de GT Black Series gefuer?

Dat war virun 2 Wochen um Lausitzring bei Dresden. Mir sinn och just um Circuit gefuer, well den Auto bis haut, also de 5. Oktober, net huet dierfe gewise ginn.

Dann erziel emol e bëssen iwwer déi Maschinn...

Et ass dee stäerkste Motor, dee jee vun AMG gebaut gouf. 4 Liter V8 Biturbo mat, hal dech un, 730 Päerd an 800 Nm. Dat Ganzt bei engem Gewiicht vu 1.540 Kilo. Anescht ausgedréckt vun 0 op 100 an 3,2 Sekonnen. Vun 0 op 200 an 9 Sekonnen an eng Spëtzevitess vun 325 Kilometer.

Mat deenen doten Zuele froen ech mech, ob ee mat esou engem Auto iwwerhaapt iwwer normal Stroosse ka fueren?

Déi Fro hunn ech mir och dacks gestallt. Déi Leeschtung ,déi deen Auto huet, ass einfach gigantesch. An ech mécht immens Spaass um Circuit domadder ze fueren. Virun allem wanns de weess, dass de d'Pneuen, déi reegelméisseg musse gewiesselt ginn, net brauchs selwer ze bezuelen. De Verbrauch der och egal ass, wanns du dir keng Gedanke muss maachen, dass eng Schréips an d'Karosserie ka kommen a.s.w. Dat war eebe bei mir de Fall. Wanns de awer 325.000 Euro muss dohinner bliederen an den Auto ass der praktesch méi wichteg wéi d'Fra, där sollen et jo ginn, dann iwwerlees du der sécher e puer Mol, obs de mat deem an de Supermarché akafe gees.

Wéi war et da fir dech, wous de eng éischte Kéier dra souz?

Ech muss soen, dass ech schonns e bësse nervös war. Ee Mann huet mir awer d'Nervositéit geholl an dat war de Mister DTM, Bernd Schneider. De beschten DTM-Pilot vun allen Zäiten war nämlech de Pacemaker. Hien huet engem den Auto erkläert an ass du vir gefuer. Déi éischte Ronn relativ lues an du vu Ronn zu Ronn ëmmer méi séier. Ech hu mech dunn och relativ séier wuel gefillt a vu Ronn zu Ronn krut ech méi Vertrauen an den Auto. Ech muss awer soen, dass ech am Ufank alles u Sécherheetsassistenten ageschalt hat, déi et um Auto ginn, an all Experiment aus dem Wee gaange sinn.

A wous de dech bis mam Auto familiariséiers has?

Du sinn ech bëssen un Knäppercher dréie gaangen, wéi zum Beispill den ESP hallef a ganz ausgeschalt an dunn ass den Auto och reegelméisseg bësse queesch gaangen, mä et krut een d'Maschinn awer ouni gréisser Problemer opgefaangen.

Ech well nach eng Kéier op d'Chifferen zeréck kommen, déi's du am Ufank genannt hues. An deem Auto ass jo een décke fette Motor an den Auto gesäit och, fir et emol esou ze soen, fett aus. Mä hie weit awer nëmmen eppes méi wéi 1.500 Kilo.....

Et ass gutt, dass du dat nach uschwätz. D'Gewiicht huet mech och iwwerrascht. D'Ingenieuren hunn natierlech gekuckt, fir esou vill wéi méiglech u Gewiicht anzespueren. An dat geet am einfachsten iwwer Carbon. Iwwerall do, wou Carbon konnt agesat ginn, ass et gemaach ginn. Fir dir just ze soen: De Capot, an deen ass net kleng bei dësem Auto, weit grad emol 6,2 Kilo mat all dem Gekabels wat nach ënnert der Hauf ass. Dat ass just méiglech duerch de Carbon.

Et ass eng richteg Raritéit. Kann een deen Auto och op eise Stroosse gesinn?

Ech krut gesot, dass 3 Stéck géifen op Lëtzebuerg kommen. 25 an d'Belsch an de Gros vun de produzéierten Autoen an Däitschland respektiv an Amerika. Also et wäert een net all Dag esou een AMG GT Black Series zu Gesiicht kréien.

Wéi vill ginn der dann iwwerhaapt produzéiert?

Et gëtt keng Zuel genannt. Dat war bei de Virgänger anescht. Den GT Black Series gëtt wärend engem Joer gebaut an dann ass Schluss. Et sinn och nëmme 5 Mecanicien, déi d'Aggregater dierfen zesummebauen. Duerno kënnt dann d'Plack mam Numm vum Mecanicien, wéi dat ëmmer bei AMG de Fall, op de Motorblock.