Audi A3 Sportback 35 TDI
-
De PLUS
- Veraarbechtung
- Matrix-LED-Luuchten
- Recycléiert Materialien am Banneraum
-
De MINUS
- Präis
- Fake-Auspuffblenden
Am Automag vun haut schwätze mer iwwert déi 4. Generatioun vun engem Auto, deen net nëmmen zu Lëtzebuerg gutt bei de Leit ukënnt.
Ugefaangen hat et 1996, wéi Audi eng éischte Kéier den Audi A3 op de Marché bruecht huet. Zanterhier war et eng reegelrecht Erfollegsserie.
Mir huelen den neien Audi A3 Sportback 35 TDI ënnert d'Lupp. Woufir steet déi 35, frot dir iech bestëmmt elo? Majo soss stoung jo z.b. 2.0 hannen um Auto, oder 1.8T oder 4.0 TDI. Domat wousst ee wéivill Hubraum den Auto huet, an ob et e Bensinner oder Diesel war. Well den Hubraum awer, Audi no, ëmmer manner wichteg fir d'Cliente gëtt, hu se sech en neien Zuelesystem vun 25 bis 70 iwwerluecht, deen d'Leeschtungskategorien vun niddreg bis grouss soll erëmspigelen. An eisem Fall ass et wéi gesot d'35, dat heescht de Motor fält an d'Kategorie vu 110 bis 120 Kilowatt. Eisen Auto hat 110 kw, also 150 PS an et war en 2 Liter Diesel.
Dat waren elo vill Zuelen... komm mir schwätzen elo mol léiwer iwwert den Design. Wéi huet den Auto dir gefall?
Stëmmt :) Also bei der Optik, muss ech soen, huet Audi an de leschte Jore jo wierklech vill richteg gemaach. Och déi neisten Oplag vum A3 mécht do keng Ausnam. D’Ännerunge zum Virgänger sinn net grouss, ma awer z’erkennen. Sou ass z.B. de Single-Frame-Grill un der Front nach méi grouss, wann och manner héich. Doduerch wierkt en nach méi aggressiv. Nei sinn och d'LED-Luuchten, déi elo serieméisseg verbaut sinn, an duerch hir Form zum sportleche Look bäidroen. Un der Säitenusiicht erkennt een dann och, dass d'Designer sech vill Méi ginn hunn, den Auto net flaach an emotiounslos wierken ze loossen. Et goufe vill Konturen agebaut, déi d'Luucht schéi brieche wann een drop kuckt.
D'C-Sail an déi hënnescht Fënster krute méi Wénkel, wat den Auto méi dynamesch wierke léisst. Den Auto ass iwwregens 3cm méi laang a méi breet wéi de Virgänger, wouduerch och méi Plaz am Banneraum ass.
Elo hate mer Frond a Säitenusiicht... wéi gesäit et dann hannen aus?
Um Hënneschte vum Auto gëtt et op den 1. Bléck näischt auszesetzen, alles wierkt stëmmeg... naja... bis ee méi genee kuckt. Do sinn nämlech zwou Blende riets a lénks verbaut, wou eigentlech den Auspuff sollt erauskucken, op d'mannst op enger Säit. Där gesäit een awer keen... dee verleeft nämlech ënnert dem Auto. Et kann ee just hoffen, dass dat beim S3, respektiv dem RS3 anescht ausgesäit.
Baussen also gréisstendeels "top". Wéi ass et dann am Banneraum?
Den Interieur gouf komplett nei konzipéiert.Wéi scho beim A1, ass och beim A3 de Banneraum op de Chauffer ausgeriicht. Dat geet vun de Lüftungsdüse riets a lénks vum zentralen Display bis bei de groussen Ecran an der Mëttelkonsol, deen och ugewénkelt Richtung Chauffer weist. De Bäifuerer fillt sech bei där Konstellatioun vläicht e bëssen ausgegrenzt, ma hie muss jo och net fueren.
Wat d'Veraarbechtung an d'Haptik ugeet, ass alles typesch Audi "Premium"-méisseg. Do gëtt et a mengen Aen näischt ze meckeren. Iwwert de groussen Display an der Mëttelkonsol kann ee via Touchscreen sämtlech Astellungen vum Auto, Navi, Ambientebeliichtung, Entertainement asw maachen, ma et ginn awer och nach Knäppercher, fir zB d'Klimaanlag oder d'Sëtzheizung ze reegelen. Dat ass beim Brudder Golf 8 net de Fall... ma doriwwer zielen ech iech an engem nächsten Automag méi ;)
Eng intressant Nouveautéit gëtt et dann awer nach bei de Sëtzer...
Genee. An den Autoe gëtt jo nieft Metall och immens vill Plastik verschafft. Bei de Sëtzbezich vum A3 geet ee bei Audi elo op de Wee, recycléiert Materialien ze benotzen. Déi sinn nämlech zu bal 90% aus recycléierte PET-Fläschen, also aus plastiks Gedrénksfläschen hiergestallt.
Net ganz onwichteg wier dann awer och nach ze wëssen, wéi den A3 Sportback sech dann iwwerhaapt fiert?
Mir haten d'S-Line Ausféierung mat 7-Gang Automatik, Sportfuerwierk, progressiver Lenkung an 18 Zoll Felgen. Déi 150 PS an d'Boite harmonéiere perfekt, egal ob ee gemittlech fuere wëll, oder och mol méi sportlech ënnerwee ass. D'Fuerwierk ass straff, ma net ze haart, d’Sëtzpositioun ganz gutt, d'Lenkung präzis an den Display vum Auto bitt all néideg, a manner néideg Informatiounen, déi ee sou brauch.
Besonnesch begeeschtert war ech vun de Matrix - LED-Luuchten... déi erkenne wann en Auto entgéint kënnt a blenden da just sou of, dass deen anere Chauffer net verblent gëtt, ma fir de Recht bleift ronderëm alles hell. Ass schwéier ze beschreiwen, dat musst der selwer emol gesinn hunn.
De Verbrauch soll no WLTP am Mix bei 4,9 Liter leien. Ech loung bei 5,1 Liter op 100 km, wat also absolut am grénge Beräich ass.
Bleift de Präis dann och am grénge Beräich?
Naja.... dat ass Usiichtssaach. Bei Audi kann ee bekanntlech immens vill sou Kräizer bei den Optioune maachen, a bei eisem Testauto war d'Lëscht och immens laang. De Basispräis vum A3 Sportback S-Line 35 läit bei 33.640 Euro. Mat allen Optiounen, sou wéi eisen Testauto se hat... läit een da bei 50.808 Euro.