• De PLUS

    • Vill Autoen op ee Coup
  • De MINUS

    • Net genuch Zäit all d'Autoen ausgibeg ze testen

Dëst Joer war zwar keng Schueberfouer, engem Kolleeg vum RTL-Automag ass et nawell gelongen, op d’Päerdercher ze klammen.

Wéi dat wuel fonctionéiert huet? De Christian Schmit weess dovunner eppes ze verzielen.

Automag: BMW-Event zu Pepinster

Dat goung esou. Effektiv keng Fouer, an dunn d’Invitatioun vun der bayrescher Mark BMW. Déi mam Slogan „Freude am Fahren“.

Am Moment si jo Webinaire an digital Presse Konferenzen Moud. Mä BMW wollt de Kontakt mat der Press net komplett verléieren an hat op Pepinster bei Léck an d’Belsch invitéiert.

„Réalisant que le plaisir de conduire procuré par un test dynamique de conduite ne peut être remplacé par une présentation numérique et virtuelle, nous décidons alors de vous rapprocher de BMW » 

Wéi wouer. Eemol ukomm, sinn am ganze Park ronderëm d’Schlass BMWe geparkt.

En plus haten d’Moniteuren vun der BMW Driving Experience sech Zäit geholl fir mat vun der Partie ze sinn, eis ze begleeden an e puer Tuyauen ze ginn. A fir op Päerdecher zeréck ze kommen. 3.725 waren et der fir genee ze sinn. Verdeelt op déi Modeller aus der Gamme mat Moteuren „old school“ 6 an 8 Zylinder ënnert der Hauf.

Bei allem Respekt fir Mild-Hybrid, Plug-In Hybrid an Elektro war dëst dach emol e richtege Genoss.

Um Depart, alles wat di bayresch Motorenwerke esou ze bidden hunn, a wou d’Präislëscht éischter Niewesaach ass.

De Wieder-Gott hat et och deen Dag gutt gemengt, an deen éischten Tour op de Päerdecher gouf et fir mech open air mam neie BMW Z4. Um ofwiesslungsräiche Parcours ass ee sech séier méi no komm, an et hat eppes vun engem Summer Märchen no all deene Restriktiounen.

Vun engem Extrem an dat anert, a scho souze mir am frësch desinfizéierten BMW X7 an Top Ausstattung. Op der Fiche Technique: M50i mat 4400 Kubik, jo a riets ënnen e Montant am 6 stellegen Euro Beräich.

An d’Karussell huet weider gedréint, a schwupps souz ech an engem BMW 850i Coupé fir en Tour iwwer Bierg an Dall. Iwwer 8 Zylinder an 600 PS gëtt et näischt ze meckeren.

Wéi gesot mir hunn eis am Beräich vun de Superlative beweegt, an dat huet och fir dee leschten Dramauto gegollt, wou ech hannert dem Volant Plaz geholl hunn. Den 8er Gran Coupé. De Probleem ass, dass e sech séier un esou vill Luxus gewinnt. Vläicht sollt ech awer mol erëm e Lotto Ziedel ausfëllen, gëtt et mir iwwert dem Fueren duerch de Kapp. Bon et sief, op alle Fall esou mécht op Päerdercher goen a Karussell fuere richteg Spaass. Wann déi bei BMW eis erëm eng Kéier sou kommen, ech sinn dobäi…

Kiischt um Kuch war dann nach d’avant première vum BMW 4er Série, dee geschwënn an de Showroom kënnt. Dat ass jo dann och deen éischte Modell, deen di nei Design Sprooch beim bayresche Konstrukteur alaut, an iwwer déi scho vill diskutéiert gouf. Wéi sou dacks, eng Affär de goût.

RTL

© Christian Schmit