Am Automag geet et op Köln, an d'Motorworld fir genee ze sinn. An déi läit um ale Fluchhafen Butzweiler Hof.

An dat a ganz historeschem an Denkmal geschützte Gemaier aus dem Joer 1922. Do wou laange Joren d'Fligerei doheem war, gouf elo Plaz gemaach, fir alles wat op 2 a 4 Rieder begeeschtere kann.

Handel a Service stinn am Mëttelpunkt, esou den Dirk Stromenger, Center Manager vun der Motorworld Köln Rheinland.

Et ass e Mobilitéits Zentrum wou Raum fir mobil Passioun geschafe gouf. Et ginn awer och Handelsfläche verlount, an deene verschiddene Strukturen. Och fir Motorrieder. Eegent sech och fir en Event oder Seminaire ofzehalen. Alles wat e sech am "be to be" Beraich virstelle kann.

 

Vun exklusiven Sportsween bis rar Oldtimer ass alles dobäi, a vue keen Autosmusée, dann och permanent Variatioun.

Jo et wiesselt quasi all Dag. Mir hunn och Autoen déi e bei eis kaafe kann. Enner anerem hu mir och Boxen aus Glas déi verlount ginn. E coole Mix aus ville Raritéiten op déi de Proporietär 7 Deeg op 7 Accès huet, an déi sech di Visiteur bei eis gratis ukucke kann. Wou gett et dat dann?

D’Motorworld-Konzept proposéiert och hei en Hotel gläich niewendrun, an do ass d’Car Suite natierlech den Highlight?

Wou Dir mam Auto an är Garage fuert, a gläich niewendrun Äert Schlofzëmmer, wou Dir dann de ganzen Owend de Bléck op äre Liblingsobjet hutt

E Bentley a Lamborghini-Service ginn och hei garantéiert. A wou mir do esou zesumme poteren kënnt och schonn e Lambo mat Lëtzebuerger Immatrikulation ëm den Eck.

Dee war net bestallt, mä gehéiert heihin. Lëtzebuerg, just zwou Stonnen vun hei, e Kazesprong vu Köln ewech.

Motorworld, e Konzept wat et schonn e puer mol an Europa gëtt, wou een houfreg drop ass, an do ka nach esou Munches kommen.

Jo well et lafe jo schonn Rumeuren, dass och de Grand-Duché seng Motorworld an Zukunft kéint kréien.

Net ze vergiessen, di grouss Ausstellung mam Numm „Michael Schumacher, Private Collection“, wou d’Häerz vun all Schumi-Fan méi séier schléit.

Absolutte Publikumsmagnéit. Fans aus der ganzer Welt kommen heihin an erënnere sech un hiert Idol, deemools um Formel 1 Circuit.

Fuer-Simulatoren, Shopping a Gastronomie rënnen dann de Besuch of. Dee kascht iwwregens keen eenzegen Euro.

Automag: Motorworld Köln