• De PLUS

    • exzellente Confort
    • Leeschtung
  • De MINUS

    • Luedzäit
    • Präis

Den neie Corsa ass ee vun den éischte Kanner aus dem neien Opel-Elterenhaus PSA.

An dee gouf, genee wéi säi Zwilling Peugeot 208 vun Ufank un op Elektroundriff ausgeluecht. Wéivill Opel nach drastécht a wéi sech den Elektro-Corsa fiert, dat hat aus der Automag-Equipp de Paul Origer getest.

Automag: Opel Corsa-e

Wéi vill Marken huet och Opel a fréieren Zäiten mam Elektroundriff experimentéiert a verschiddene Modeller schwéier Bläibatterien ageplanzt. Am Gediechtnes bliwwen an eng kleng Revolutioun war awer 2011 den Ampera; net eleng duerch säi skurrillen Design, mee och d’Technik a Form vun engem Elektromotor an engem 4-Zylinder-Bensinner als Range Extender war esou nach ni do. Mee elo geet et em de Corsa, an dat ass am Fong ee ganz normale klengen Auto.

D’Missioun

Wou mécht den Elektroundriff am meeschte Sënn? Richteg, am Stadverkéier an op kuerze Strecken. Genee do mécht de Corsa-e säi Match. Equipéiert huet Opel säi klengste Stromer mat engem 100 kW-staarken Elektromotor. An och bei der Batterie waren se net knéckeg. De 50 kWh-Akku soll laut WLTP-Norm fir 330 km duergoen. Dat ganzt gouf an een attraktiven a praktesche klengen Auto verpak, ouni Design-Experimenter a Schrullegkeeten.

Op der Strooss

Oder loosse mer soen am Alldag. Den Elektromotor mécht aus dem Corsa eng richteg Wellness-Oas. Alles wat kéint Kaméidi maachen, kruten d’Ingenieuren ewechgefiltert, sief et Lafgeräischer vun de Pneuen, vum Fuerwand oder vun der Fiederung. Just bei Schrëtttempo gëtt deen typeschen Ufo-Sound generéiert wat natierlech okay ass. 100 kW oder 136 Päerd an direkt disponibel 260 Nm Dréimoment, dat ass fir ee klengen Auto scho sportlech. An esou geet et mam Corsa e och virun. Besonnesch am Sport-Modus léisst ee bei de roude Luuchten esou munchen deiere Sportswon stoen. Mee am Fong gëtt een éischter zum flëssege Matfueren animéiert. Alles wierkt liichtféisseg, ob am Stadverkéier, beim zackegen Tour iwwert d’Landstrooss oder bei 130 op der Autobunn, d’Verlaangen no engem méi groussen oder staarken Auto kënnt net op. Vun den 330 km Autonomie konnt ech allerdéngs nëmmen dreemen. Villäicht loung et un den Temperaturen, mä méi wéi 250 km huet mer de Bordcomputer net ugewisen. An e gewëssene Stroumduuscht konnt de Corsa e och net verstoppen. Am Schnëtt sinn 19 kW-Stonnen duerch déi orang Kabele gefloss, dat ass relativ vill. A wann d’Batterien eidel sinn, da kënnt de groussen Challenge. Wann een nämlech keng Borne doheem huet, da brauch eng komplett Charge un der 220V-Dous méi wéi en Dag. Zum Gléck huet de Corsa een CCS-Stecker u Bord, bei deem engen oder anere Supermarché kann een esouguer gratis domat un de Schnelllueder undocken.

De Confort

Vill Technik, déi d’Liewe méi agreabel maachen an déi mer éischter aus méi héije Klasse kennen, wéi aktive Spuerhaleassistent, Ofstandsradar oder LED-Pharen mat automatescher Blend kritt een och schonn am Corsa. Besonnesch positiv opgefall ass awer de Fuerconfort; hei kënnt den Know-How vum franséische Mammenhaus PSA an d’Spill, well de Corsa fiedert richteg agreabel. A genee dat passt perfekt bei den Elektroundriff. Dozou gesellt sech dann och déi gutt Sëtzpositioun fir relativ grouss Chaufferen.

D’Präisser

Bis elo gouf et net vill ze meckeren, bei de Finanze muss een dann awer emol duerchootmen. Minimum 30.800 Euro fir ee klengen Auto ass schonn eng Uso, prime hin oder hir. Eisen Testauto mat e puer agreablen Optioune loung bei 34.000 Euro. Am Verglach: den Topbensinner mat 131 PS, gutt equipéiert an Automatik läit do iwwer 10.000 Euro drënner. Dofir kann een dann awer scho ganz vill Sprit kafen...