„Explore the world at your own speed“, ma dat ass dach emol eng Uso.

Do derhannert stécht d'Philosophie vu Krug Expeditioun. Déi baue Camperen, mat deenen dir iech esou zimmlech iwwerall kënnt hin trauen. Um leschte Caravan Salon zu Düsseldorf hat de Christian Schmit sech dat emol ugekuckt an erkläre gelooss.

Automag: Extreem Campermobil

An dat vum Boss bei Krug Expedition, de Vitali Knorr. Dee weist mir dann um Stand mol gläich den Top aus der Gamme. Woubäi den Erfolleg an deem heite Segment ganz kloer op Individualitéit a natierlech Zouverlässegkeet leit.

Hir Expeditiouns Campere ginn all eenzel zënter 2013 zu Schladming an Austria zesumme gesat. Alles geet, näischt muss?

Genee, mir bauen Gefierer fir den Extreem Asaz, fir Leit déi op der ganzer Welt ënnerwee sinn. Am Moment schwiereg, mee mir bleiwen zouversiichtlech. 

 

Jo a mat esou engem Spill brauch e keng Strooss, mee just en Horizont. All Camion Chassis, egal vu wéi enger Mark, gëtt nach mam Know How by Krug adaptéiert. Autark eng Zäitchen ënnerwee sinn, kee Probleem?

Mir hunn eng 750 Liter Diesel u Bord, 900 kw/h Lithium Ionen Batterie, da nach 1200 kw Solarenergie + 750 Liter frëscht Waasser an Ofwaasser Tank, sou dass een zimmlech autark ënnerwee ka sinn. 

Esou en Offroad Extreem Camper, deen op der ganzer Welt doheem an ënnerwee ass, eng Erausfuerderung u Mënsch a Material?

Ausgeluecht fir all Witterungssituatioun, fir d'Sahara oder Sibirien. Heizung, Waasserpompel, an Isolatioun mat Kälte-Brécken mussen ugepasst ginn. Robust muss et sinn, d'Fënstere halen och eng Héicht vu 5000m aus. E klengt Haus op Rieder.

500 Mille, esou de Vitali Knorr musse schonn investéiert ginn, fir esou en Haus op Rieder. Wei esou dacks, keng Limitt no uewen.

Alles individuell ofgestëmmt, jee no Wonsch vum Proprietär.

Meeschtens sinn et Entrepreneuren déi hire Business gemaach hunn, a sech elo e Kandheets Dram erfëllen, oder Familljen déi sech eng Auszäit gënnen.

Camper an Off Road Experienz bréngen di meescht souwisou scho mat, mee virun der Ausliwwerung ginn et nach wäertvoll Tuyauen vum 4 X 4 Coach. Well bekanntlech ka jo Technik méi wei deen hannert dem Volant.

Wann ech elo muer am Lotto gewannen, wéini kéint da geliwwert ginn?

Am Moment läit d'Ausliwwerungs Zäit bei tëscht 10 a 14 Méint jee no Opwand vum Modell. 

Jo a bis dohin hutt dir jo vläicht den Accord vun ärer Bank, an d´Pandemie ass hoffentlech och iwwerstanen, an et dierf erëm ouni gréisser Restriktiounen op d´Rees goen.