An den Automag News ginn et gutt Nouvelle fir MG-Clienten, déi neitste Resultater aus den Euro-NCAP-Crahstester an ee fuschneie Modell bei DS.

Automag: News vum 14. Dezember 2020

Mir dréine 6 Joer zeréck; wat fréier ee legendäre Modell vu Citroën war, stoung op eemol fir eng komplett eegestänneg Mark – DS! All Joers sollt een neie Modell kommen, dee Plang ass awer net esou opgaangen. Elo, 6 Joer méi spéit huet DS ganzer 2 Modeller am Portfolio: déi zwee SUV DS3 an DS7 Crossback.

Als kleng Iwwerraschung virun Niklosdag huet d’Premiumspart am PSA-Konzern awer elo spontan emol säi Flaggschëff presentéiert: den DS9!

Mat der Design-Ikon aus de 60er Joeren am Hannergrond stouch ënnert der schwaarzer Decke keen SUV, mee eng stattlech a klassesch Limousine. Dat war schonn emol déi éischt Iwwerraschung; mam knapp 5 Meter laange Sedan wollt DS einfach mol beweisen, datt et net ëmmer muss een SUV sinn. Am DS9 soll dann och alles stiechen, wat se bei DS kënnen. Luxus, Finitioun a modern Technik.

Ënnert dem Capot fanne mer exklusiv Hybrid-Undriffer mat bis zu 360 PS, 4 verschidden Interieuren am Alcantara oder Lieder, a 5 Baussefaarwen. Domat net genuch, Aktiv LED-Luuchten, eng Fiederung déi d’Strooss am Viraus scannt, fuschnei Assistenzsystemer an en top Soundsystem vu Focal sollen den DS9 vu senger Premium-Konkurrenz ofhiewen.

Op den éischte Bléck hunn d’Designer schonn emol gutt geschafft, esouguer e puer Gimmicke wéi eng laang Baguette iwwert d’Mëtt vum Capot an uewen an der Heckscheiw integréiert Winkeren, drécken der legendärer DS een A zou.

Fir méi Extravaganz am Blech huet allerdéngs de Courage gefeelt; dobäi kënnt den Interieur tel quel aus dem DS7 an iergendwéi erënnert d’Silhouette verdächteg un de Peugeot 508. Deen, a vollem Ornat, ganz zoufälleg och op den DS9-Basispräis vu ronn 52.000 Euro kënnt.

Euro-NCAP

7 nei Modeller goufe bei Euro-NCAP nees gecrasht. Ugefaange bei zwee Vertrieder vun der MQB-II-Plattform vu VW, den Audi A3 Sportback an de Seat Leon. Béid Modeller kréien natierlech hir 5 Stären, ënnert anerem och wéinst engem neien zentralen Airbag. De Seat schneit esouguer e bësse besser of, well seng Front anescht konstruéiert ass.

Déi 3 nächst Kandidate kommen aus dem Offroad-Beräich an hu sech allendräi 5 Stäre verdéngt, och wa se ënnerteneen total verschidde sinn. Den Isuzu D-Max gouf schonn emol fir den australeschen NCAP getest, fir Europa gouf de Crash nach emol widderholl... mat Erfolleg. Den opgestockte Sécherheetséquipement huet beandrockt, wann och déi héich Pickup-Front fir aner Autoe beim Crash méi geféierlech ass. Dat selwecht gëllt och fir de Landrover Defender. Hien ass schwéier a grouss, dofir awer mat Assistenzsystemer vollgestoppt. Last but not least konnt och de Kia Sorento iwwerzeegen. Hei kënnt fir d’éischt een Center-Airbag an ee verbesserten Noutruffsystem an den Asaz.

Getest goufen och zwee méi kleng Autoen. Beim neien Honda-e goufen eng Parti Sécherheetsequipementer, déi den neien Jazz schonn huet, vermësst. Trotzdeem goung et fir 4 Stären duer. Den Hyundai i10 muss sech par konter mat nëmmen 3 zefridde ginn. Beim Frontcrash ass dem Chauffer säi Becken ënnert dem Gurt duerchgerutscht an et feelt och hei un Assistenzsystemer.

 

Garantie bei MG

Bis ewell hält Kia nach ëmmer de Rekord vun der längster Wierksgarantie vu 7 Joer. Abee, do kënnt elo een neie Konkurrent mat an d’Spill. Déi nees operstane Mark MG huet decidéiert, fir hir Modeller ZS EV an EHS Plug-in Hybrid ab Januar 2021 d’Garantie vu 5 op 7 Joer an 150.000 km ze verlängeren. Dës gëllt fir de ganzen Auto, mat abegraff den elektreschen Undriff mat senge Baudeeler an d’Lithium-Ione Batterie. 7 Joer soll en MG dann och raschtfräi bleiwen, dobäi kënnen d’Clienten dat éischt Joer vun enger gratis mobiller Assistance profitéieren. Mam EHS Plug-in Hybrid start dann och deen zweete Modell an der MG-Gamm seng Europa-Carrière.