• De PLUS

    • Fuerdynamik
    • Banneraum
  • De MINUS

    • Plaz hannen
    • Oflagen

E chice Coupé, dee scho viru senger offizieller Presentatioun fir vill Diskussioune gesuergt hat, dee parkt haut am Automag. De BMW 4er Coupé.

De Christian Schmit war domat ënnerwee a verréit eis och, wat dann di Diskussiounen iwwer de Nofollger-Modell ausgeléist haten.

Automag: BMW 420d xdrive

Et goung em di nei, radikal Design-Sprooch am Haus BMW zu München.

An zwar geet et em de Küler-Grill, deen extreem grouss ausfält, vu Monster Grill goung do Rieds.

Jo de 4er Coupé huet polariséiert, mee war och esou ëmmer am Gespréich. Déi Missioun war emol erfëllt.

Bon elo wou e vrun eis stoung, muss ech soen e mécht eng gutt Figur. A wann, wéi un eisem Testauto de Küler schwaarz lackéiert ausfält, wierkt dat net esou dominant.

Schéin, dass sech Premium Marken nach, am Zäitalter vun SUV, iwwerhaapt de Luxus vun engem Coupé oder Kabrio leeschten.

D’Basis ass natierlech den aktuellen 3er vu BMW. Mä de 4er ass méi wéi just de Verzicht op 2 Dieren. Vill méi eegestänneg ass e ginn. Et wier een dem Wonsch vun der Clientèle no komm, déi sech dat gewënscht hätt, esou de bayresche Konstrukteur. De 4er ass elo bedeitend méi grouss. 13cm an der Längt an der nobäi 3 an der Breet. Kraaftvoll elegant seng Silhouette.

D’Moteure Palett proposéiert Bensinner an Diesel. An den Testauto war dann och en Diesel mat Ad Blue a Mild-Hybrid-Technologie.

Ganz buedemstänneg mat 2000 Kubik, 4 Zylinder an 190 PS, ware mir ënnerwee. An dee liwwert nawell 400 Nm Dréimoment, eng Acceleratioun vun 0 op 100 a 7,4 Sekonnen, a bal 240 km/h. Kloer,  dass mir dowéinst och en Tierchen bei eis dätsch Nopere programméiert haten.

A prioiri, Traktioun op den hënneschte Rieder. Xdrive ass och bei verschiddene Modeller méiglech. De 4er gëtt just mat der 8 Gang Steptronic ugebueden. E gudde Choix.

Un der Fuerdynamik gouf zu München nach e bëssche, par rapport zum 3er, nogewiirzt. Sportlech Ofstëmmunge bei Fiederung, Lenkung, Bremsen, dem Schwéierpunkt a bei der hënneschter Spuer. Dat ass awer mengen ech méi dem Top Modell 440i geschellt. Mä och de 420d mécht Spaass, d’Balance tëscht Sport a Confort wëssen ze gefalen. Freed um Fueren, keng eidel Wierder.

De Verbrauch louch méi héich wéi d’Annonce vu BMW, mee di 7 Liter op 100 sinn ok.

Esou e Cockpit am 4er presentéiert sech nëmme marginal anescht wéi beim 3er. Wat opfält, sinn di héich Qualitéit u Materialien. An eisem Fall huet dat Zesummespill u Lieder, Vernasca Mokka, an Chrom top harmonéiert. Chic chic. An och de Plastik fillt sech agreabel un.

BMW setzt och beim 4er op den Digital Cockpit, mee hei gi net all Knäppercher an d'Wüst geschéckt, a sou léisst sech alles intuitiv bedéngen. Up to date ass och de Multimedia- an Navi-Beräich. De GSM huet seng eege Plaz, fir opzelueden an der Mëttelkonsole a léist sech ouni Kabel mat Apple Carplay verbannen.

Schued, dass et net duer goung, fir an d’Oflagen e Stéck Stoff ze verschaffen. Sou rëselt a vibréiert alles wat do deposéiert gëtt.

Wien hanne Plaz hellt, sollt net all ze grouss sinn. Ech komme net op 1m 80, an dach huet de Kapp um Dach Himmel geschautert. Hannendrun an d’Mall 440 Liter, d’Sëtzer loosse sech och ëmleeën, an da passt nach méi eran.

Tjo wien d’Präislëscht uklickt, gesäit fir de BMW 420d xdrive de Montant vu 49.800 Euro. Mee fir net manner wéi 19.500 Euro koumen Optiounen am Testauto dobäi. An esou stoungen um Schluss 69.300 Euro um Compteur.

Vill Suen fir vill Fuerspaass, ëmmerhin…