• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Präis-Leeschtung
  • De MINUS

    • Spuerhalesystem
    • DCT-Boite bei luese Manöver

N – am Fong ee ganz simple Buchstaw, bei Hyundai steet deen awer fir déi ganz sportlech Modeller wéi z.B. de Bestseller i30N.

An der selwechter Optik goufen elo d’N-Line-Modeller lancéiert. Ob dat elo just eng Equipementslinn oder awer méi ass, dat seet eis de Paul Origer

Automag: Hyundai i30 Wagon N-Line

Hutt der schonn emol opgepasst, wéi vill Hyundai i30N op eise Stroosse fueren? Ech gesinn der all Dag op d’mannst ëmmer eng hallef Dosen. Mee och kee Wonner, déi kleng Knallbéchs bitt wierklech vill Leeschtung, fir de klenge Präis. Eng Light-Versioun gëtt et elo mam N-Line an esouvill verroden ech direkt, domat gëtt net ze vill versprach.

Den Undriff

Den i30 N-Line gëtt et als 5-Dierer oder Kombi mat 2 Motorisatiounen, een Diesel an ee Bensinner. Eisen Testwon war de Wagon mam Bensinner ënnert dem Capot: ee 1500er Turbo mat 160 Päerd. Dat kléngt no net all ze vill, besonnesch wann ee mam grousse Brudder mat 250 PS vergläicht. Mee beim Fuere fillt sech dat awer besser u wéi erwaart. Dee relativ klenge 4-Zylinder dréint quirleg erop a gëtt seng Kraaft gläichméisseg of. 253 Nm sinn elo keng Urgewalt, mä gi beim zügege Matschwammen awer duer. Mam Facelift krut den i30 dann elo och een 48V-Bordnetz, wat beim Boosten nach liicht hëlleft. Op der anerer Säit schalt de Motor beim Gas ewechloossen an de Segelmodus an dréckt virun allem esou de Verbrauch, an dat nawell effikass. Op der kompletter Teststreck vun iwwer 700 km loung ech bei enger Moyenne vu knapp ënner 7 Liter, léisst een et kraachen, dat sinn et der héchstens 8.

De Fuerspaass

Tatsächlech stécht méi N dran wéi ee mengt. Ugefaange bei deem beschten um Auto, dem Fuerwierk! Et ass faszinant wéi zolidd, präzis a virun allem guttmiddeg den i30 op der Strooss läit. An domat net genuch, d’Kiischt um Kuch ass d’Steierung. En handlecht Steierrad, schéin direkt mat gudder Réckmeldung an net ze vill Servohëllef, genee esou muss et sinn! Direkt aus dem i30N importéiert huet Hyundai och déi viischt Schuelesëtzer, eng gutt Decisioun. Se passe wéi ee Schraufstack, bidden eng Sëtzflächeverlängerung a loosse sech optimal op de Chauffeur astellen. Okay, verglach mam richtegen N hu mer hei mindestens 90 PS manner zur Verfügung. Mee éierlech gesot mécht och dee klenge 1500er Spaass, well een déi Leeschtung och méi dacks komplett ofrifft.

Och d’DCT-Boîte huet positiv iwwerrascht d’Schaltwiessel gi besonnesch mat de Steierradpaddel séier vun Hand! Just bei luese Manöver, wéi ufueren an ofbremsen, kann et mol liicht ruckelen. A woumat den i30 och kämpft, dat ass mat der Traktioun. Bei naassen oder wanterleche Stroosse muss ee just mat Gefill ufueren, soss freet sech de Pneuenhändler. Wat en plus net grad der DCT-Boîte hir Stäerkt ass. Jee no Modus geschitt dat entweder ze vill zeréckhalend oder ze brutal. Zur Nout gëtt et den N-Line awer och manuell.

Den Design

De Wollef am Schofspelz – esou kann een et resuméieren. Kleng optesch Detailer wéi dezent Spoiler, déi grouss Felgen oder e “richtegen” duebelen Auspuff loossen den N-Line net ze krawalleg optrieden. Si ënnersträichen éischter nach déi souwisou scho flott Linn vum i30 Kombi. Dobäi kommen dann och déi praktesch Wäerter, wéi déi iwwer 600 Liter grouss Mall.

D’Präisser

Präis-Leeschtung ass hei net ze iwwertreffen. Fir eppes iwwer 30.000 Euro kritt een am Fall vun eisem Testauto ee prakteschen, voll equipéierte kompakte Kombi, deen och nach extrem Spaass mécht. De Facelift huet dem i30 en plus nach zu enger ganzer Rëtsch neien a serieméissegen Assistenzsystemer verhollef. Eenzeg den aktive Spuerhaleassistent kann een sech nees spueren, well en éischter nervt wéi hëlleft.