An dësem RTL Automag léiere mer e Mann kennen, dee sech en Dram erfëllt huet, an dowéinst op 1 Millioun Humpe verzicht huet, wéi hie seet.

Wat sech do derhannert verstoppt, dat weess de Christian Schmit.

Automag: Kleinwagenmuseum Sankt Ingbert

Dee Personnage, dee sech am Verzicht geüübt huet, ass den Stefan Voit. Mir sinn zu St. Ingbert am Saarland um fréiere Site vun enger Siderurgie. An do gëtt et eng Hal, an där dem Stefan Voith seng privat Kleinwagen Oldtimersammlung Plaz fonnt huet. Obschonn d'Sammlung integral a privater Hand ass, freet sech de Proprietär nawell iwwer interesséiert Visiteuren, an op Rendezvous gëtt dann opgespaart.

Esou och fir eis. Vu baussen ganz onscheinbar, mee schonn op den éischte Bléck ass een erschloen vun der Kollektioun u Modeller aus der Kategorie „Nachkriegskleinwagen, Motorrollern und Kleinstcampingfahrzeugen.

Dat war mäi Bestriewen. Zënter elo nobäi 30 Joer sammelen ech kleng Autoen.

Aus allen Häre Länner parken elo där butzeger Bijouen zu St. Ingbert. Nom 2. Weltkrich war de Wonsch no individueller Mobilitéit grouss, mee de Budget kleng?

Déi Konstrukteure hunn alleguerten op Basis vu Motorrieder ugefaangen. Do ronderëm ass dunn eng Karosserie modeléiert ginn. Dowéinst sinn et meescht Kabrio. Nëmmen di grouss Konstrukteuren wéi BMW mat der Idsetta, oder Goggomobil déi haten e festen Daach. Kabrio mat enger einfacher Stoffkaputz, dat war vill méi bëlleg.

Op ca 900m2 ginn Autoe an engem Dekor gewisen deen engem Camping aus de 1950er a 1960er Jore gläicht.

Den urspréngleche Gedanken, an dowéinst och den Numm vun der Web Säit, www.oldtimercamping.de , war fir hei e Camping aus de 1950er a 60er Joren nozebauen. Mee séier huet sech erausgestallt dass Camping ASrtikelen aus der Zäit quasi net ze fannen. Et war méi einfach Autoen ze sammelen. Wéi z.b deen éischte Van, den LT 600 mat 7  Sëtzer, 600 Kubik an 20 PS. Also wann de Bierg ze géi war, dann hunn der e puer missten hëllefen drécken.

Dat dann och d´Opléisung mat de net geschluppten Humpen.

Mat enger Visitt op der Motorradmesse zu Saarbrécken sollt deemools di Passioun ausgeléist ginn. Well tëscht all den Motoen stoung och e Messerschmidt Kabinenroller?

Well do hunn ech zu menge Bouwe gesot, kuckt, dat géif de Papp sech elo kafen. An du seet mäi Fils, Papp hei steet en ass ze verkafen.

De Stefan Voit, e mëttlerweil pensionéierten erfollegräiche Geschäftsmann, ass ronderëm d´Welt gereest fir seng Oldtimersammlung ze komplettéieren.

Wien de Gen vum sammelen an sech huet, dat ass wéi eng Sucht, dee schreckt vu näischt zeréck.

Do parken Modeller wou der vill vun eis de Numm mol nach ni héieren hunn. Ok eng BMW Isetta, NSU a Goggomobil, jo mee wie weess dann eppes mat Fuldamobil, Spatz oder Cityboy unzefänken? Alles ze gesinn zu St. Ingbert, an hei nach d‘Invitatioun vum Haushär perséinlech.

Awer gären, ech schwätzen zwar net Lëtzebuergesch, mee di meescht versti jo Däitsch.

Merci Stefan Voit fir den Abléck an äert Lieweswierk, engem „patrimoine automobile“ wei et bei eise franséischen Noperen heescht.