• De PLUS

    • Fuergefill
    • technesch Innovatiounen
    • Personaliséierung
  • De MINUS

    • Offroad-Kapazitéiten
    • Präis

Am Automag vun haut dréint sech alles ëmt de klengsten SUV vun Audi, de Q2.

Deen huet säin éischte Facelift spendéiert kritt. A wat sech alles ännert, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

Automag: Audi Q2

2016 huet den Audi Q2 seng Première gefeiert. A knapp 4 Joer méi spéit, steet den éischte Facelift beim klengsten SUV aus der Audi Gamme un. An dee fält kanteg aus, besonnesch wat d’Optik vu vir betrëfft. D’Designer hunn dem Q2 eng nei Front, mat méi schaarfe Konture gezeechent. D’Loftaläss an der Calande si méi eckeg ginn an LED Pharen sinn elo Serie. De Singleframe-Kühlergrill ass beim Facelift méi niddreg wéi virdrun. A wien de Meter auspeekt fir nozemoossen, dee wäert erausfannen, dass den Q2 ëm 2 Zentimeter an der Längt gewuess ass. An Zuelen ausgedréckt schwätze mer vun 4,21 Meter. Den Ënnerscheed fält awer kengem op. En Eye-Catcher sinn éischter déi 5 nei Faarwen an deenen ee säi Q2 bestelle kann. Wien et méi extravagant wëll hunn, bestellt de Faarftoun „Apfelgrün Metallic“. D’Faarf feiert hir Première mam Q2 Facelift.

A wéi mécht sech de Facelift bannendra bemierkbar?
Nodeems sech d’Designer baussen austoben dierften, hu se sech bannendran erëm gebremst. Am direkte Vergläich zum Virgänger goufen d’Loftaläss am Tableau de Bord an de Schalthiewel nei gezeechent. Alles wierkt méi zäitgeméiss. Ongewéinlech ass dann éischter, dass eng Optioun gestrach gouf: d’Alcantara-Sëtzbezich gehéieren der Vergaangenheet un. Dinamica heescht dat neit Material, wat wéi Velours-Lieder ausgesäit a sech esou ufillt, ma zum groussen Deel awer aus recyceltem Polyester besteet.

Gréisser Ännerungen gëtt et dogéint beim Infotainment-System an den Assistenz-Systemer 
Audi féiert am Q2 e „privacy mode“ an, deen den Datentransfert aus dem Auto no bausse verhënnert. Bei wiem den Dateschutz eréischt no den neisten technesche Gimmicks kënnt, wäert sech fir den „Audi Connect – Remote and Control“ begeeschtere kënnen. Mat enger App loosse sech verschidden Donnéeë wéi d’Tankfëllung an d’Räichwäit op Distanz ofruffen.
Bei den Assistenz-Systemer gehéiert de Sécherheetssystem „Audi pre sense front“ zur Serie. Per Radar iwwerwaacht d’Elektronik de Beräich virum Auto, warnt de Chauffer bei Gefor a bremst am Noutfall selbststänneg, fir en Accident ze verhënneren.

Onofhängeg vum Thema Dateschutz ass d’Fuerverhale vum Q2. Wéi mécht sech dee Klengen op der Strooss? 
De Q2 fiert sech net wéi en SUV, an dat ass e grousst Kompliment. An eisem Fall war dofir en 1,5 Liter TFSI Bensinner mat 150 Päerd zoustänneg. Audi huet de Q2 konsequent op dynamescht Fueren ausgeluecht an och dat typescht SUV-Fuergefill an de Kéieren ass hei keen Thema. Besonnesch déi direkt Progressiv-Lenkung huet op der Landstrooss hier Stäerkten ausgespillt.
Allerdéngs sollt ee mam Q2 net d’Ofkierzung iwwert Bëschweeër huelen. D’Offroad-Capacitéiten si carrement inexistent. Ënnert dem Blech bleift de Q2 ëmmer nach en A3.

Do bleift d’Fro am Raum stoen, fir wéi eng Zilgrupp den Audi Q2 iwwerhaapt geduecht ass?
De Q2 spillt an der selwechter Liga, wéi e Mini Countryman. Mir sinn also am Beräich vum Lifestyle-SUV ënnerwee, also do wou et wichteg ass, dass de Smartphone sech mam Auto verbanne léisst, a wou d’Buedemfräiheet net zu de Verkafsargumenter gehéiert. Audi viséiert deemno eng jonk, hip a connectéiert Zilgrupp, an entspriechend vill "connectivity" a „lifestyle“ huet de Q2 ze bidden. Dozou zielen technesch Innovatiounen wéi de „Virtual Cockpit“ an dem „Head-up Display“,  genee esou wéi de grousse Choix u Faarwen, Felgen an Deko-Elementer, fir de Banneraum ze personaliséieren.

Vill Technik a vill Lifestyle… dat kléngt alles net bëlleg.
De Q2 ass zwar wuel de klengsten SUV, deen Audi am Programm huet, dat heescht awer nach laang net, dass e bëlleg ass.
Lass geet et bei 23.500 Euro, fir den 116 Päerd staarken 30 TFSI. Eisen Testauto, e 35 TFSI mat 150 Päerd an Automatik-Boite, steet mat ronn 28.000 Euro an der Präislëscht. Wie méi Leeschtung wëll, fir deen huet Audi den SQ2 mat 300 Päerd am Programm. Lass geet et do bei 43.500 Euro. Wéi ëmmer virun Optiounen.