An hirer Karriär huet si et zum Kultstatus gepackt. Ganz bescheide mat 2 Zylinder a grad mol 600 Kubik. Mir schwätze vun der 2 CV bei Citroën.

Iwwerall op der Welt si nach méi oder manner gutt Exemplairen ze fannen. Eng besonnesch faarweg an ofwiesslungsräich Kollektioun kann en net esou wäit vun eis ewech gesinn. Am Massif des Vosges. De Christian Schmit war bis dohi gefuer.

Automag: 2CV-Musée zu Troisfontaines

Zu Troisfontaines, do ass een houfreg op hir Associatioun, déi de Mythos 2 CV um Liewen hält. Schonn am Agang vum Duerf gëtt jiddereen dee passéiert drun erënnert, hei gëtt et e Musée vun der "Deux Chevaux".

All Samschdeg gëtt e sech Rendezvous an der aler Cristallerie, an da gëtt u verschiddene Modeller geschrauft, Ersatzdeeler sortéiert, an Amateuren a Visiteuren empfaangen.

Et géif ëmmer eppes ze dinn, esou mäi Vis a vis de Patrick, dee vun 1998, wei et lass goung, mat dobäi ass.

Mir krute viru kuerzem zwou 2 CV aus Spuenien, déi eng ass Paräis-Peking mat gefuer, déi aner och e Rallye. An am Summer eng 2 CV vu 1951. Eng Schenkung vun engem däitsche Kolleeg.

Firwat Faszinatioun fir esou en dach primitiven Auto?

Simplicité, facilité, ludicité, nëmmen Avantage fir en Auto. Faszinatioun vun engem populären Auto iwwer Generatiounen, wéi och d'R4 oder de Käfer.

D'Konzept war zimmlech einfach gestréckt?

Eng 2 CV sollt de Bauer mat senger Famill kennen transportéieren. Dann och nach en Zenner Gromperen, an eng Dosen Eeër ouni dass déi briechen. Et si 4 Sëtzer ënnert engem Prabbeli. En einfacht Konzept mee gut duerchduecht vu Citroën. 

Den Objektiv vum Musée: Weisen zu wat esou eng 2 CV an hirer laanger Karriär alles am Stand war. Dozou zielen Optrëtter um groussen an um klengen Ecran. D'007 Bond Versioun parkt bei hinnen, genee wéi dee Modell, deen zum ULM Fliger gouf. Op esou Exemplairen ass een houfreg, an op vill aner Exoten, déi zu Troisfontaines am Massif des Vosges gelant sinn.

Eng Replik vun der Ur 2CV vu 1939, därer vun 1951 an eng aus Däitschland mat Katalysator. Awer och eng aus dem Chile, an därer, wéi eng 2 CV Porsche, déi mat vill Fantasie rafistoléiert goufen.

Vu Citroën selwer géif et iwwregens kee Soutien.

All Samschdes kann een di passionéiert Ekipp zu Troisfontaines an der aler Cristallerie begéinen, a sech do di 80 Exponaten ukucken. A vläicht deemnächst jo och dir?

Dee Visiteur, dee bis elo di wäitsten Urees hat, koum aus Nei Kaledounien am Südpazifik.