2020, erduerch, 2021 fänkt u mat Gléckwënsch a gudde Virsätz. Och esou bei deem Invité, deen de Christian Schmit dëser Deeg besiche war?

Réckbléck op dat wat war, an Ausbléck op Defie fir Zukunft mam Representant vun der FEBIAC Lëtzebuerg.

Automag: Interview mam Guido Savi (FEBIAC)

Den Neijoersch-Interview huet am Automag ewell eng laang Traditioun. Déi Kéier léiere mir d’FEBIAC Lëtzebuerg kennen, representéiert vum Guido Savi. FEBIAC, steet jo fir Féderation Belge de l’Automobile et du Cycle. Wat ass hir Missioun?

2020, am Réckspigel, e Joer fir ze vergiessen oder dach nach eventuell positiv Elementer?

Am Lockdown gouf den Automobil-Secteur voll getraff. 65 % manner Immatrikulatiounen. Par konter ass ze notéieren, dass de Prozentsaz vun Elektroautoen zougeluecht huet. Vun 1,8 op 4,5 % erop goung. 12,9% part de marché fir Hybrid Autoen, an den Diesel-Undeel ass op 37,6 % zeréckgaangen.

„En aalt Joer ass vergaangen, en neit huet ugefaangen“, wat wënscht ee sech, oder wat erwaart ee sech fir 2021?

Et wënscht e sech eng weider Croissance un Elektroautoen. D'Autokonstrukteuren hunn enorm heiran investéiert.  Parallel och de Wonsch, dass d'Primme vum Staat verlängert ginn, och bei de Plug-In Hybrid-Modeller. Wichteg wier et d'Leit an dëser Iwwergangsphas ze begleeden, a net vun uewen erof diktéieren.

Traditionell léiere mir eisen Invité och méi perséinlech kennen, dierfe Plaz huelen um Bäifuerer-Sëtz. Wéi een Typ Chauffer ass de Guido Savi dann esou hannert dem Volant?

Duerch meng Funktioun, sinn ech e bësschen en atypescht Beispill. Ech dierf vill ënnerschiddlech Modeller fueren. Ech si keen aggressive Chauffer, hu gär wann et flësseg rullt. Wann ech op engem Circuit fueren, ass dat anescht. Dann hunn ech dacks méi eng aggressiv Fuerweis wéi di aner.

Gëtt och emol op den Auto verzicht?

Jo jo. Ech hu mir a menger Madamm en elektresche Vëlo kaf, an elo fuere mir dacks zesummen domat akafen.

E Faibel fir Oldtimer oder ëmmer di neiste Modeller an Technologien?

Léiwer di modern an aktuell Technologie, wéi Oldtimer.

Och vläicht e Fervent vun Motorrieder?

Gären. Moto fueren ass e Gefill vu Fräiheet. En Transportmëttel wat un Attraktivitéit zouleet. A ganz Europa an och zu Lëtzebuerg.

An, Hand op d’Häerz, de Punkte Konto ass e nach „vierge“, oder wou steet en am Moment, Guido Savi?

Gutt, alles ok, nach keng Punkte verluer. Ech respektéieren de Code de la route.

D’Gléckwënsch un eis Nolauschterer, ginn et natierlech och?

D'Febiac wënscht alle Nolauschterer bonne route fir d'ganzt Joer 2021, an doriwwer eraus natierlech.

„Bonne route fir 2021“ e Message deem mir eis gären uschléissen.