• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Boite
  • De MINUS

    • Opbau vun der Mall

Am Automag vun haut hu mir de Porsche Panamera 4S E-Hybrid Sport Turismo am Test. Dat ass ee ganz laangen Numm, fir awer och ee ganz laangen Auto.

De Rich Simon huet d´Maschinn ënnert d'Lupp oder besser gesot ënnert d'Rieder geholl....

Automag: Porsche Panamera 4S E-Hybrid

Op deene Rieder leit eng Karosserie vun iwwer 5 Meter Längt. Perfekt wann d'Afaart an d'Garage net ze enk ass, well soss gëtt et enk. De Panamera gëtt elo zanter 11 Joer gebaut. No 2013 an 2016 gouf et elo den 3. Facelift.

Den Design

De Panamera war vun Ufank u villäicht net dee schéinste Porsche. Mee bei dëser Mark steet eeben all Modell bëssen am Schied vum 911. Mëttlerweil huet ee sech awer un d'Limousine gewinnt. A wéi dat och beim 911 de Fall ass, gouf um Facelift esou vill geschafft, dass ee kleng Ënnerscheeder feststellt, awer de Kär vum Design nach ëmmer un den éischte Modell vun 2009 erënnert. Konkret bedeit dat, dass vir de Pare Choc bësse méi sportlech designt gouf an hannen un der Mall gouf och dezent mat de Luuchten gespillt. Dobäi kommen nei Faarwen an och nei Felgen.

Den Auto dee mir am Test haten war de 4S E-Hybrid. Beim Panamera gi mëttlerweil, nodeems et zanter 2018 kee Diesel méi gëtt, 60 Prozent Hybrid Aggregater verkaaft. De 4S huet 440 Päerd, déi hien aus engem 2,9 Liter V6 Motor zitt. Dobäi kommen der nach 136 aus dem Elektromotor. De Panamera fiert elektresch fort. An esou laang wéi ee sensibel mat der Gaspedall ëmgeet, bleift dat och esou. An deem Fall fiert ee ronn 50 Kilometer. Duerno ass d'Batterie platt an de gudden ale Bensinner muss nees dru gleewen. Porsche gëtt ee spuersame Verbrauch beim Hybrid vun 2,7 Liter un. Dat ass awer Wonschdenken. Beim doséierte fueren a respektéiere vun de Vitessen op eise Stroossen, sinn ech op ee Verbrauch vu 6,6 Liter komm. Dat léist sech awer weisen. Den Auto huet ëmmerhin ee Gewiicht vun 2,3 Tonnen.

De Fuerspaass

Bei engem Schëff vun déck iwwer 2 Tonnen denkt een net onbedéngt drun, dass ee Fuerspaass kann hunn. Dat ass awer beim Panamera de Fall. D'Ingenieuren zu Zuffenhausen hunn dofir gesuergt, dass ee beim Panamera zwar an enger Limousine sëtzt, d'Fueren awer méi wéi sportlech ka sinn. Keen Iwwer- a keen Ënnersteieren. Eng 8-Gang automatesch Boîte, déi ganz einfach nëmme sensationell ass.

Mam Panamera ass ee frou, wann ee vun de Schnellstroossen erof ass an d'Kéieren am Mëllerdall oder am Éislek ka genéissen. Virun allem am Sport respektiv am Sport-Plus Modus. An dat esouguer ouni "d´Roues directrices" hannen, déi et bei e puer Modeller serieméisseg ginn, bei aneren als Optioun. Fir de Sprint vun 0 op 100 brauch een 3,7 Sekonnen an d'maximal Vitesse läit bei 293 Kilometer an der Stonn.

Den Interieur

Beim éischte Modell vum Panamera, deen 2009 eraus koum, hat een als Chauffeur d'Gefill, wéi wann een de Pilot vun engem Boeing 747 wier. Knäppercher an nach emol Knäppercher. Déi ginn et nach ëmmer, awer dat ganzt ass dach vill méi iwwersiichtlech. Genee wéi dee ganzen Infotainment mat Featuren, déi ee brauch an och net. D'Sëtzer sinn, wéi sech dat fir eng Limousine gehéiert, bequem, awer och nees an deem heite Fall, sportlech. Op den zwou hënneschte Bänken huet ee gutt Plaz. Och wann een iwwer 1 Meter 85 grouss ass. Grouss ass, vum Volumen hir, och d'Mall. 425 normal a wann een d'Sëtzer ëmleet sinn et der 1.295 Liter. Beim Net-Hybrid esou guer ronn 100 Liter méi. Kléngt alles gutt, et gëtt awer ee klenge B-Moll: D'Mall ass laang an déi sougenannten "Ladekante" niddreg, den Auto ass also einfach ze lueden. Allerdéngs ass d'Mall och relativ déif an dann ass een dach limitéiert, mat de Saachen, déi een eventuell wëll lueden. Fir zu véier an d'Vakanz ze fueren geet et awer méi wéi duer. Wann een dann ukomm ass, an d´Batterie ass komplett eidel, brauch een un der normaler Steckdous 5 Stonnen fir se nees ze lueden. Un enger richteger Luedstatioun geet dat Ganzt an annerhallwer Stonn.

De Porsche Panamera 4S E-Hybrid Sport Turismo kascht iwwregens 131.394 Euro.