• De PLUS

    • Verschidde Fuerprogrammer
  • De MINUS

    • Net wierklech spuersam

Den Opel Grandland X gëtt et schon zanter 2017, ma elo kann een den SUV awer och un d’Steckdous hänken fir opzelueden.

 Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet sech den neien Opel Grandland X Hybrid4 am Detail ugekuckt. 

Automag: Opel Grandland X Hybrid4

Et kéint ee mengen Opel hätt laang mat sengem éischten Plug-In Hybrid gewaart. Ass awer net ganz richteg. 2012 huet Opel den Ampera erausbruecht a war mat deem wuel e bëssen ze fréi um Marché. Elo, 8 Joer méi spéit, gehéiert Opel zum PSA Grupp a probéiert mat franséischer Réckendeckung eng Zort Comeback

An dee Comeback kënnt net méi a Form vun enger Limousine, mee wéi kéint et anescht sinn, als SUV.

Opel huet sech de Grandland X als Basis fir säin Hybrid-Comeback erausgesicht. Den Trend zum SUV ass nach ëmmer ongebrach, ma zum anere bleift och einfach méi Plaz, fir déi vill Technik ze verbauen. Nieft engem 1,6 Liter Turbo-Bensinner mat 200 Päerd, sinn och zwee Elektro-Motoren mat 110 an 113 Päerd Leeschtung u Bord. Zesumme mécht dat eng System-Leeschtung vun 300 Päerd. An als Kiischt um Kuch, ass den Hybrid4 och den éischten Grandland X mat Allrad-Undriff.

Dat héiert sech sportlech un. Fiert en sech dann och esou?

Opel huet seng Hausaufgabe gemaach... 6,1 Sekonnen dauert et vun Null op 100 an 2,2 Sekonnen dauert et aus dem Stand op Tempo 50 ze kommen. Dat ass eng staark Leeschtung, fir en Auto dee knapp 1,9 Tonnen op d'Wo bréngt. Mee wou Liicht ass, ass och Schied. D’Leeschtung ass just disponibel, wann d‘Batterie gelueden ass an och iwwer Tempo 130-140 verschwanne seng sportlech Ambitiounen.

Du hues d’Batterie ugeschwat, well de Grandland X Hybrid4 ass e Plug-In Hybrid.

Richteg, fir seng voll Leeschtung ze entfalen, muss den Hybrid4 reegelméisseg un d’Steckdous. 13,2 Kilowatt-Stonne Stroum passen an d’Batterie ënnert der Réckbänk. Fir se ze lueden, dauert awer seng Zäit. Un enger normaler Steckdous ass eng eidel Batterie eréischt no 7 Stonnen erëm voll. Interessant ass dohier eng eege Wall-Box oder eng Luedstatioun auswäerts. Do dauert déi selwecht Charge 1,5 bis 2 Stonnen.

A wann deng Batterie nees voll ass, kanns de och reng elektresch ënnerwee sinn…

Opel bidd dem Chauffeur verschidden Fuerprogrammer un. Een dovun ass e reng elektreschen Fuermodus. Do läit d’Räichwäit bei realisteschen 40 Kilometer, wann een et gemittlech ugeet. Et huet een awer och de Choix, ob een d’Räichwäit fir déi lescht Kilometer hale wëll, oder ob déi voll Leeschtung ofgeruff gëtt, fir sportlech ënnerwee ze sinn. Am Hybrid-Modus wielt de System automatesch déi spuersaamst Kombinatioun tëscht Verbrenner an Elektromotor.

Stéchwuert Verbrauch: Wéi schléit sech den Plug-In Hybrid an dësem Kapitel? Ass de Plug-in Hybrid méi spuersam wéi e Verbrenner?

Dat ass staark vum Gasfous vum Chauffer, vu sengem Fuerprofil am Alldag a senger Disziplin beim lueden ofhängeg. Fakt ass: Eng voll Batterie liwwert 40 Kilometer reng elektresch Autonomie. Domat ass et fir muncheree méiglech am Alldag emissiounsfräi bis op d'Aarbecht an nees Heem ze kommen. Awer eben net fir jiddwereen!

De Verbrauch läit no der neier WLTP-Norm bei 2,2 Liter Bensin op 100 Kilometer. Wann d’Batterie awer bis platt ass, klëmmt de Verbrauch. Am Test waren et bei mir tëscht 7 an 8 Liter op 100 Kilometer.

Den Opel Grandland X Hybrid4 ass also nëmmen ënner Ëmstänn en Auto fir ze spueren.

Et ass virun allem en Auto fir Leit, déi sech fir déi modern Technik interesséieren an Idealisten. Well ënnert dem Stréch ass et keen Auto fir ze spueren. De Grondpräis vum Hybrid4 aus eisem Test läit bei 47.915 Euro. D’Versioun ouni Allrad a mat 224 Päerd huet keng „4“ am Numm a fänkt bei 41.580 Euro un.