• De PLUS

    • Confort
  • De MINUS

    • Autonomie

Déi véier Réng stinn haut am Automag am Mëttelpunkt. Zwar spéit, mee elo mëscht och Audi mat am Potpourri vun Elektroautoen.

Den E-Tron huet den Ufank gemaach, an elo konnt de Christian Schmit d’Sportback Versioun heivunner fueren.

Automag: Audi e-tron Sportback

Sportback Versiounen hu beim Ingolstädter Konstrukteur well Traditioun. Wat verstoppt sech hannert dem e-tron Sportback?

Wat 2017 nach zu Shanghai als Concept Car presentéiert gouf, steet elo quasi 1:1 am Showroom. Einfach ausgedréckt géing ee soen, et ass d’Coupé Versioun vum e-tron. Deen zweete reng elektresch ugedriwwenen Audi, dee lancéiert gëtt. E gesäit ganz chic aus, an dréit déi typesch Audi DNA. Schéinheet huet säi Präis. E puer Zentimeter manner hei an do, e puer Liter manner an der Mall, an e puer Dausender méi beim Präis. Esou geet Coupé.

Mir haten eis op e flotten Ausflug gefreet. Reng elektresch mat guddem Gewëssen, 0 Gramm CO2 wéi et ëmmer sou schéin heescht. Mä scho beim éischte Kontakt dann mol gläich eng Enttäuschung, an de Radius vun der geplangter Tour mol gläich méi kleng. Zu 100 % gelueden weist Skala 242km Autonomie un. Komesch? Do sollten dach laut WLTP Norm 336km méiglech sinn. Och mat der „klenger“ Batterie am e-tron Sportback… Op Nofro hin krut ech confirméiert den Auto wier voll opgelueden.

Den Undriff 

Et huet e nämlech de Choix tëscht 71 kw/h oder eng Batterie mat 97 kw/h, e-tron 50, oder 55 heescht dat dann.

Op der Fiche Technique stinn 230kw Leeschtung, déi den SUV Coupé bis op 190 km Spëtze Vitesse bréngen. Méi impressionant ass d’Acceleratioun vun 0 op 100 a manner ewéi 6 Sekonnen, oder dass grad mol 3 Sekonne verginn, fir Tacho Nol vun 80 op 120 ze bréngen.

Op der Strooss 

Dat ganzt jo ouni Ustrengung an 0 Dezibel. Mee wou mir do esou op engem Parcours mat ville Kéieren ënnerwee sinn, fält engem op, dass den Audi awer seng 2,5 Tonnen net verheemleche kann. Déi Liichtegkeet an Dynamik vun anere Modeller aus der Gamme mat thermesche Moteuren vermësst een.

Mee soss sinn all mat gereeste Gäscht ganz zefridde gewiescht mam Confort, der Rou a Luxus u Bord. Déi waren och net all ze grouss, an hu sech net un e bëssche manner Kappfräiheet gestéiert. D'Veraarbechtung ass ganz soignéiert, wichteg bei Elektrogefierer, wou een di klengste Vibratioun verlauschtert.

An d’Mall passt eng Grëtz manner wéi beim e-tron Classic, mee 615 Liter, dat ass jo awer nach e Pak.

Besonnesch nuets fält een op mam Elektro Sportback. Digital Matrix Luuchten. LED mat spektakulären Show Einlage wann een eraklëmmt. Awer och zousätzlech Markéierunge kennen op d’Strooss gebeamt ginn. Schéin a gutt, mee ech hätt mir awer léiwer méi Autonomie a Jus an de Batterië gewënscht, 24 kw/h, en héije Verbrauch, an ech kann elo wierklech behaapten den e-tron net gefuerdert ze hunn.

Jo a well den Auteur vun dësen Zeilen keng Wall-Box doheem huet, an dat deiert Stéck Ingenieurskonscht vun Audi net bei iergendenger Chargy Borne wollt iwwer Nuecht stoe loossen, koum en un d’Steckdous. Mam Resultat, dass no 12 Stonne grad mol fir weider 90km geluede gouf. Bon, de Navi weist engem zu all Moment, wou an der Ëmgéigend performant Borne stinn, an op si disponibel sinn.

Präisser 

Eent virop, déi 8'000 Euro Primm komme gutt, well eisen Testauto, den Audi e-tron Sportback 50 quattro koum mat Optiounen op net grad 92.000 Euro. An domat wëllkomm an der Premium-Elektro-SUV-Coupé-Kategorie. Mee 92.000 Euro fir 242km Autonomie, ech weess net...