SsangYong, Isuzu, Suzuki, MG, Maxus

© Paul Origer
An den Automag News geet et ëm e ganze Pak Nouvellen, déi eis den Importateur Alcomotive mat op Lëtzebuerg bruecht hat.
An zwar kommen déi vun hiren Autosmarken Isuzu, SsangYong a Suzuki. Zanter Dezember 2019 ass nieft der Utilitaire-Mark Maxus e weidere Constructeur, deen Autofans nach sécher kennen, an hirem Portfolio dobäikomm – MG. Den Detail elo mam Paul Origer.
Déi englesch Autosmark Morris Garage gëtt et scho bal 100 Joer a war ëmmer bekannt fir hir kleng bezuelbar Sportsautoen. Elo relancéiert dat neit chinesescht Mammenhaus SAIC d’Mark MG. Als éischte Vertrieder gëtt et awer kee Roadster oder Coupé, mee – wéi soll et anescht sinn – ee kompakten SUV, an dat exklusiv mat Elektroundriff. Den Design vum 5-Dierer ass schonn emol uspriechend, wann och staark bei Mazda inspiréiert, mee dat muss jo kee Feeler sinn. Bannenan geet d’Finitioun an d’Rei, Plaz ass genuch. Den E-Motor bréngt 143 PS an 350 Nm, domat sprint den Elektro-Crossover an 8 Sekonnen op 100. E-Auto-typesch geet den ZS EV dann och gutt vun der Plaz a bleift agreabel roueg, just d’Traktioun vun de viischte Rieder léisst bei vollem Asaz séier no. 263 km Autonomie solle mat geméissegtem rietse Fouss dra sinn, bei ronn 31.000 Euro geet et lass.
Déi koreanesch Mark SsangYong planzt hirem klengste Familljemember Tivoli een neie Motor an. An zwar een 1200er 3-Zylinder Turbo mat 128 PS. Mat 6,2 Liter soll de fuschneie Bensinner virun allem spuersam sinn, wärend 230 Nm dofir suergen dat et virugeet. An der Praxis klappt dat och net schlecht, just d’Kraaftentfalung kéint méi harmonesch sinn; den 3-Zylinder dréint eréischt dann op wann een d’Leeschtung net méi brauch. Nach vill méi gestéiert huet awer déi staark no riets versate manuell Schaltung – huet ee vun de SsangYong-Ingenieuren virum Lancement deen Auto och getest?
Suzuki huet och News ënnert dem Blech. Fir Vitara an S Cross gëtt et elo ee Mildhybrid-Undriff dee via 48V-Bordnetz dem sprëtzege 1400er Boosterjet nach emol 50 Extra-Nm spendéiert. En plus gëtt beim Ofbremsen Energie rekuperéiert an domat Verbrauch an CO2 erofgedréckt. Beim Fueren ass dat eng agreabel Leeschtungssprëtz, déi deem dréifreedege 4-Zylinder gutt op d’Spréng hëlleft. Just schued dat de Stroum an domat d’Hybridfonktioun relativ séier opgebraucht ass. Nieft dem neien Undriff gouf et bei Suzuki och nach ee Facelift vu Swift an Ignis; wéi ëmmer a Form vu klengen opteschen an technesche Retouchen.
Isuzu ass bei eis eng vun de wéinegen Autosmarke mat just engem Modell, an zwar de Pickup D-Max. No 7 laangen Déngschtjoren kritt d’Schaffpäerd emol erëm eng Ofléisung a Form vun engem komplett neie Modell. Wann och den Design zimmlech no um Virgänger bleift, déi generell Vocatioun geet elo méi a Richtung Confort. Esou ass de Banneraum méi SUV-like, de Schierm vum Infotainment méi grouss an d’Sëtzer staark verbessert. Trotz verstäerktem Chassis ass d’Gewiicht erofgaangen, zesumme mat enger besserer Aerodynamik wëll Isuzu domat CO2 aspueren. Et versteet sech dee Moment vum selwen dat de Motor elo Euro 6d temp erfëllt. Eng Iwwerraschung ass awer och de Plus u Sécherheet, eppes wat soss bei Pickups e bësse vernoléissegt gëtt. Deen neien D-Max kritt iwwer 20 Assistenzsystemer a soll 5 Stäre beim Crash erreechen. Wéini de Verkaf lassgeet ass nach net gewosst, mee op jidde Fall wäert de grousse Choix bei de Kabinnen erhale bleiwen.
Och bei den Utilitären ass an der Tëschenzäit d’Elektromobilitéit een Thema. Mat Maxus ass eng nei Mark dobäi komm. De chinesesche Constructeur proposéiert um Lëtzebuerger Marché den EV80 als Camionnette a Minibus, e Konkurrent zum Renault Master ZE a VW eCrafter. Hee packt maximal 950 Kilo a soll mat enger Charge no der NEDC-Norm maximal 192 km fuere kënnen. Zwee nei Modeller kommen dann deemnächst dobäi: den eDeliver 3, eng Camionnette an der Kategorie vu Renault Kangoo ZE an Nissan e-NV200 esou wéi den Deliver 9 mat Dieselmotor, dee bis zu 11 Meter Cube luede kann.