Den däitschen ADAC huet d’Sécherheet vun Autobunnstunnellen an Europa ënnert d’Lupp geholl.

Den Check vum eegenen Auto virum Depart an d’Vakanz an Bordcomputeren, déi beim Verbrauch fuddelen. Den Detail an den Automag-News mam Akim Schmit..

Automag: News vum 17. August 2020

Keng Angscht am Tunnel – esou sollt et sinn wann een sech elo op de Wee an d’Vakanz mécht. Mee vill Tunnelle sinn nach laang net esou sécher, wéi se et si missten. Zu dësem Fazit ass den däitschen Automobilclub ADAC koum. Zanter 1999 iwwerpréift den ADAC Autobunntunnellen a ganz Europa op hir Sécherheet.

Nodeems den Delai, deen 2004 vun der Europäescher Unioun gesat ginn ass, fir d’Tunnelle bis Abrëll 2019 ze sanéieren ofgelaf ass, huet den ADAC seng Tester nach emol an Italien, Kroatien an Éisträich geschéckt. Iwwerpréift goufen dës Kéier 16 Tunnellen, déi dëser Deeg vu ville Chauffeuren um Wee an de Süde benotzt ginn.

D’Hallschent vun den Tunnellen erfëllen d’EU-Standarden net. Éisträich schneit am Test am beschten of, a Kroatien hunn zwee vun dräi getesten Tunnellen d’Ufuerderungen erfëllt. Suergekand bleift Italien: vun 8 getesten Tunneller erfëllt just een d’Ufuerderungen zum Deel, déi aner 7 sinn duerchgefall.

Knapp d’Hallschent vun den Tunnellen hu keng Pannebuchten, an zwee Tunnellen ass den Ofstand tëscht zwou esou Buchten ze grouss. Änlech gesäit et beim Brandschutz aus: bei bal all zweetem Tunnel gëtt et keng ausräichend Versuergung mat Läschwaasser. Weider Problemer sinn feelend Noutausgäng oder Noutrufftelefoner déi feelen.

E Liichtbléck bleift awer: och wann den Delai vun der EU scho virun engem Joer ofgelaf ass, gouf zum Test-Zäitpunkt nach a 6 Tunnelle geschafft.

De Verbrauch vum eegenen Auto léisst sech bequem um Bordcomputer ofliesen. Ma trotz modernster Technik ass dëse Wäert oft ongenee. Zu dësem Resultat koum d’Auswäertung vun 80 Automodeller duerch den däitschen ADAC. D’Miessunge goufen dobäi allkéiers an identesche Konditiounen duerchgefouert.

32 Modeller hunn ongenee Resultater ugewisen, woubäi de Bordcomputer eng Ofwäichung vu méi wéi 5 Prozent no uewen oder ënnen ugewisen huet. 22 Modeller ware mat enger Ofwäichung vu bis zu 5 Prozent tëscht Bordcomputer a Realitéit nach präzis genuch a 25 Modeller hunn exakt dat ugewisen, wat se verbraucht hunn. Bei dësen Autoen loung d’Ofwäichung bei maximal 2 Prozent.

Interessanterweis fuddelen déi meescht Bordcomputeren am Interessi vum Autofuerer a weise méi en héije Verbrauch un, wéi dat wat den Auto a Realitéit verbrennt. Vu 64 getesten Autoe mat Verbrennungsmotor hu just 13 Modeller méi verbraucht, wéi se ugewisen hunn.

Déi gréissten Ofwäichung am Test hat den Audi Q2 35 TDI quattro: säi Bordcomputer huet de Verbrauch 0,8 Liter ze héich uginn. Domat louch d’Ofwaichung bei 13,8 Prozent zum eigentleche Verbrauch.

De Coronavirus huet besonnesch an dësem Summer dofir gesuergt, dass den Auto als Verkéiersmëttel fir an d’Vakanz nach méi beléift ass, wéi un anere Joren. Et läit op der Hand: am Auto kann ee sech net bei Friemen ustiechen. Fir dass de Wee an d’Vakanz awer och technesch ouni Komplikatiounen verleeft, heescht et den Auto virum Depart nach emol duerchzekucken. Besonnesch d’Verschläissdeeler sollen dobäi am Mëttelpunkt stoen. Oppassen sollt een op Ofnotzung a Rascht un der Bremsanalg, dem Auspuff, um Fuerwierk oder un der Karosserie.

Besonnesch wien am Alldag nëmme kuerz Strecken fiert, riskéiert eng Rei Problemer. Gëtt den Auto net waarm gefuer, ka sech Waasser an der Ofgasanlag usammelen, wouduerch den Auspuff vu bannen no baussen duerchraschte kann. Korrosioun ass och en Thema bei der Bremsanlag. Wien just virsiichteg bremst, muss domat rechnen, dass sech mat der Zäit Rascht usammelt an net méi déi voll Bremsleeschtung zur Verfügung steet, wann et drop ukënnt.

Wien op Nummer sécher goe wëll, kuckt sech säin Auto virum Depart am Detail un a fëllt déi néideg Betribsflëssegkeeten – vum Motorueleg bis d’Wëschwaasser - no. Och d’Kontroll vum Loftdrock an de Pneue gehéiert zum Check. Alternativ kann ee säin Auto och am Garage vum Expert duerchchecke loossen, fir um Wee an d’Vakanz keng béis Iwwerraschung ze erliewen.