100 Joer ginn am Automag gefeiert. De japanesche Konstrukteur Mazda feiert e ronne Gebuertsdag.

De Christian Schmit huet emol fir eis an der Chronik gebliedert, an hat Rendez-vous mat Mazda Klassiker.

Automag: 100 Joer Mazda

100 Joer anescht wéi di aner, esou kéint een di 100 Joer Mazda ëmschreiwen. Ëmmer mol erëm eppes hannerfroen, an do wou anerer gemengt hunn dat gëtt näischt, huet Mazda bewisen dass et nawell fonctionéiert.

Esou gesäit dat och de Gilles Deltgen dee mat der Mark Mazda, déi am Mee 1969 an d’Land koum, grouss ginn ass. Si hate vum éischten Dag un ëmmer eppes Spezielles a sinn ëmmer géint de Stroum gefloss, sou de Gilles Deltgen.

Wie Mazda seet, deen ass och séier beim Wankel Moteur. 1967 kënnt deen éischte Modell, de futuristeschen 110 S Cosmo op de Marché. De weltwäit éischten Auto mat Kreeskollwemotor en série. Mat deem sollte si och Geschicht schreiwen andeems se emol direkt LeMans gewonnen hunn. Dat war 1991.

Eng gutt Portioun Innovatioun huet et och am Grënnungs Joer 1920 gebraucht. Zu Hiroshima gouf Toyo Cork Kogyo an d’Liewe geruff. Kork war deemools immens knapp, mee an der Manufaktur des Ostens, huet een en héichwäertegen Kork-Ersatz hiergestallt.

Mam Jujiro Matsuda gouf dunn 10 Joer drop op Maschinnebau ëmgestallt, an e motoriséiert Dräirad als Pick-Up presentéiert. Et sollt ee vu ville Bestseller ginn.

Mazda steet net nëmme fir de Konstruktiounspatriarch Matsuda, mee och fir Ahura Mazda, de persesche Gott vum Liicht an den Ursprong vun den ëstlechen a westleche Kulturen.

Och de 1960 lancéierte ganz butzegen Mazda R360 Coupé, am japaneschen Kei-Car-Segment, hat dat, firwat Mazda haut nach steet. Usprochsvoll technesch Léisungen, Design a Fuerspaass mat Passioun. Haut geet vu Kodo-Design rieds. Eng Zen Linn an och Design a Beweegung.

Eng remarkabel Success Story ass déi vum ugeschwate Wankelmoteur. Mazda sollt et geléngen iwwer 1 Millioun Autoen ze verkafen, haaptsächlech Sportsween wéi en RX7 an RX8.

Modeller wéi 323, 626 a 929 sinn eis nach geleefeg. Verschiddener erënnere sech och nach u Xedos, mat där Mazda sech an der gehuewener Mëttelklass wollt etabléieren.

Mee den absolutte Glécksgrëff war de puristesche Roadster MX5, deen als Modell Miata 1989 an de Showroom koum, a sech verkaf huet wéi waarm Bréidercher. Et ass de meeschtverkaafte Cabrio op der Welt, esou de Gilles Deltgen. Et gëtt den MX5 elo 30 Joer, wat och extra gefeiert gouf mat enger Spezial-Serie, am Orangen, vun deenen et der just 3.000 op der ganzer Welt goufen.

Di zwee hate sech fir e Foto Shooting getraff. An ee vun deenen 3.000 Exemplaire hu mir dierfen e puer Deeg beweegen, dat am Kader vun der Foire Agricole Digitale, wou mir duerch d’Land domat ënnerwee waren. Wann 184 Päerd, en 2 Liter 4 Zylinder an 1.000 Kilo eng Eenheet bilden, dann ass Fuerspaass garantéiert. E Genoss dee Roadster mat der knackeger 6-Gang-Boîte ze beweegen. An e puer Sekonnen, a quasi mat enger Hand, geheit een d’Kaputz aus Stoff hanneru sech. Iwwerall wou mir domat opgekräizt sinn, goung den Daum no uewen. An d’MX5-Communautéit gréisst sech ënnereneen.

Mat Stil an Dynamik geet et an 21. Joerhonnert. Sky Activ Technolgie bleift, an elo léisst och d’Elektromobilitéit net méi op sech waarden. An et geet mam MX 30 iergendwéi och “back to the roots”. Mazda huet den Ursprong am Kork gemaach, an am MX 30, dem éischte Vollelektresche Modell bei Mazda, ginn et Uspillungen am Interieur, am Design, wou se Kork mat verbauen, fir ze soen, wou se hierkommen.

Happy Birthday Mazda. 100 Joer anescht wéi déi aner. Ma da prost op déi nächst 100.