Ford Explorer

© Ford
-
De PLUS
- Plaz
- Iwwersiicht
- Verbrauch
-
De MINUS
- Cockpit-Orientéierung
- Präiskategorie
Déi aktuell Moud an der Autosbranche kéint ee mat "kleng an héich" ëmschreiwen.
"Kleng an héich", esou kéint een déi aktuell Moud an der Autosbranche ëmschreiwen. Déi sougenannte Kompakt-City-SUVs leien am Trend. Mä am Test vun haut hu mir de komplette Géigendeel dovunner. E richteg grousse Full-Size-SUV am XL-Format. De Ford Explorer. En Test vum Serge Pauly.
Et ass dee gréisste SUV, dee Ford am Programm huet. 5m06 laang, dat si 45 cm méi wéi de Kuga beispillsweis, oder 10 cm méi wéi de Volvo XC90, wat jo scho kee klengen Auto ass. Et ass en amerikanesche Modell, e gëtt och zu Chicago gebaut, mä Ford huet decidéiert, dass e weltwäit soll verkaf ginn, also och bei eis. Den Explorer feiert also säi Comeback an Europa. Déi éischt Generatioune gouf schonn hei verkaaft, an den 90er Joren, mä do waren hei SUV's nach net esou gefrot, a Ford huet den Explorer-Export erëm gestoppt. Déi 6. Generatioun soll et dann elo besser maachen.
Den Optrëtt ass awer net nëmme vun den Dimensiounen hir richteg amerikanesch?
Et ass e groussen Auto, an e probéiert guer net dat iergendwéi ze kaschéieren. E steet wierklech selbstbewosst do, mat sengem groussen opfällege Kühlergrill. D'Längt vum Auto gëtt mat laanggezunne Ligne an duerch déi relativ schmuel Fënstere wierklech betount. Net dass mir eis falsch verstinn: en ass net plomp oder protzeg wéi e Cadillac Escalade, mä einfach nëmme richteg grouss. A fir esou e Flantes wierkt en iergendwou esouguer nach e bëssen elegant. De Virdeel vun esou engem XXL-SUV ass natierlech: am Plaz, Plaz, an nach emol Plaz. Vir ass d'Raumgefill wierklech herrschaftlech, mä och an der zweeter Sëtzrei hu labber 3 Leit mat laange Been Plaz. Déi drëtte Rei sinn natierlech keng vollwäerteg Plazen, do muss ee schonn Ofstrécher an der Kapp- a Beefräiheet maachen, mä et ass awer manner "Schwéiermamms-Sëtz" wéi bei anere 7-Sëtzer déi et esou ginn. Och d'Mall ass riseg. Bis zu 2300 Liter passen dran, wann een d'Sëtzer all ëmklappt, do kéint ee scho bal domadder plënneren.
D'Finitioun wäert awer hoffentlech besser sinn, wéi bei esou enger Plënner-Camionnette?
Absolut. Also d'Amerikaner hu sech duerchaus Méi ginn. Beim Choix vun de Matièren gouf opgepasst, dass et eenegermoossen héichwäerteg a sober ausgesäit. Op amerikanesche Blingbling gouf beispillsweis verzicht. Mä bon, fir eis europäesch Aen a Fangeren wierkt et dann awer net grad esou Premium, wéi een sech dat vun engem 75'000 Euro Auto erwaarde géif. Do ass awer dat eent oder anert Stéck Plastik, wat net esou 100 Prozenteg passgenau agebaut gouf. Et sinn awer éischter Schwächten am Detail. Wat mech do scho méi gestéiert huet, ass de generellen Design vum Cockpit. Deen ass nämlech net op de Chauffer zentréiert. Du hues zum Beispill e risegen héichkant-Ecran an der Mëtt vum Tableau, an dee steet komplett riicht, amplaz dass en e bësse Richtung Chauffer gedréint ass. Ass fir déi aner Passagéier natierlech méi flott, mä chaufferzentréiert gefällt mir besser.
Kucke mir ënnert de Capot. E richteg fetten amerikanesche V8 wäert een do wahrscheinlech ëmsoss sichen?
Leider kee V8... Bei eis an Europa gëtt eng eenzeg Motorisatioun ugebueden. Et ass en 3-Liter-V6 Plug in Hybrid. 380 Bensins-Päerd, plus 100 Elektropäerd, maachen ënnert dem Stréch 450 Päerd an 825 Newtonmeter. Du hues richteg héieren: 450 Päerd... bon, wann ee weess, dass den Explorer plakeg 2,5 Tonnen op d'Wo bréngt, relativéiert sech dat erëm. Mä effektiv, du bass mam Explorer net ënnermotoriséiert. Wann s de d'Gaspedal duerchdrécks, da sprint en duerchaus zackeg no vir, mä vum Wiesen hir ass et definitiv kee Sportswon, mä éischter e kräftege Cruiser. D'Zesummespill tëscht Elektro- a Bensinsmotor klappt perfekt. D'10-Gang-Automatik schalt extrem douce... Vum Undriff hir ass dat wierklech eng Reussite.
An de Verbrauch? 450 Päerd, Allrad, 2.5 Tonnen, ech fäerten dat schlëmmst...
Um Pabeier stinn 3.1 Liter an ech hunn och éischter mat 31 Liter gerechent. Mä guer net! Ech war wierklech positiv iwwerrascht. Wann s de deng Batterien reegelméisseg doheem oder am Büro opluets, dann dréckt dat de Verbrauch op 6 Komma eppes. Mä esouguer ouni Opluede ass e Verbrauch vun ënnert 10 Liter duerchaus realistesch. Et ass keen 3-Liter-Auto, mä awer och net esou duuschtreg, wéi een dat op den éischte Bléck menge kéint. A propos Oplueden: reng elektresch si gutt 20 Kilometer méiglech, wann s de zum Beispill mam Full-Size-SUV nëmme bis bei de Bäcker fuere wëlls...
Wéi fiert sech dat Schëff dann?
Ech hu virdru scho gesot: "kräftege Cruiser". Dat passt och op d'Fuergefill. En ass ganz confortabel, an e léisst sech net esou séier aus der Rou bréngen. Esouguer a Kéiere bleift e relativ laang cool, virausgesat du fiers net ze vill op Attack. Vun den Dimensiounen hir ass et sécher e Schëff, mä e schaukelt definitiv manner wéi vergläichbar amerikanesch Full-Size-SUVs. Positiv opgefall: en ass nach relativ iwwersiichtlech, dat mécht d'Parken op enke Parkplazen e bësse méi einfach. Du gesäis op d'mannst wou et net duergeet.
Leschte Fro: de Präis?
Ëm déi 75'000 Euro... Ambitionéierte Präis, fir en Auto, deen zwar net schlecht ass, mä deem et am Verglach zur europäescher / däitscher Konkurrenz dann awer e bëssen u Prestige feelt...