Volvo V60 Polestar
-
De PLUS
- Fuer-Leeschtung
- Look
-
De MINUS
- Uschafungspräis
Wann een u Volvo denkt, denkt een u sécher Autoen, vläicht och u Kombien, awer sécher net u sportlech Modeller.
Mee genee esou een huet Volvo mam V60 Polestar Engineered zanter Kuerzem am Programm, an den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp huet deen neie Modell méi genee ënnert d’Lupp geholl.
Richteg Sportsmaschinnen gëtt et bei Volvo am Prinzip keng. Dorunner ännert och den neiste Vertrieder aus der 60er-Serie vu Volvo näischt. Well genee dëse Famillje-Kombi huet de schwedesche Constructeur bei säin Haus-Tuner Polestar geschéckt an eraus koum eng interessant Mëschung tëscht Sportkombi an Alldagsauto, bei där ech mech och nom Test nach net wierklech festleeë kann a wéien imaginären Tirang dëse Modell passt.
An dat läit mat Sécherheet net un der Optik, well déi ass eendeiteg déi vun engem Sportler.
Den Traitement vu Polestar ass net vun der Hand ze weisen. Fir den dynameschen Optrëtt suerge baussen ënner anerem de schwaarz-blénkege Külergrill an e méi schnëttege „Polestar“-PareChoc. Dat ass awer esou dezent, dass et der als Net-Volvo-Expert eventuell entgoe kéint. Ma spéitstens déi gëlle lackéiert Bremssuedelen an déi 20 Zoll grouss Rieder verroden der, dass un dësem Familljekombi iergend eppes anescht kéint sinn. Bannendran hu sech d’Designer zeréckgehalen. Woubäi och dat relativ ass, well de Sécherheetsgurt gräift déi gëlle Fuerf vun der Bremsanlag op. An dat trëfft mat grousser Warscheinlechkeet net jiddwerengem säi Goût.
Mee och d’Motorisatioun dierft net jiddwerengem gefalen, dee sech fir sportlech Autoen interesséiert. Well mir hunn et hei mat engem PlugIn-Hybrid ze dinn.
Hybrid ass net gläich Hybrid. D’Technik kann der hëllefen, fir spuersam vun A op B ze kommen. Se léisst sech awer och op d’Leeschtung hin optiméieren. A genee dofir huet sech Volvo entscheet. Ënnert der Motorhauf schafft an éischter Linn en 2-Liter 4-Zylinder-Bensinner mat enger Leeschtung vun 318 Päerd. Ënnerstëtzt gëtt dëse vun engem Elektromotor un der hënneschter Achs, deen nach emol 87 Päerd bäisteiert. An dat mecht ënnert dem Stréch 405 Päerd, bei engem Dréimoment vu 670 Nm. A well Leeschtung näischt bréngt, wann d’Fuerwierk net passt, gouf och dëst iwwerschafft a krut Stoussdämpfer vun Öhlins mat op de Wee.
Wann ech dat esou héieren, stinn all d’Zeechen op Sport. An awer sees de, dass et kee Sportler ass.
De V60 Polestar Engineered huet zwee Gesiichter. Grad wann s de just gemittlech ënnerwee bass, oder owes no der Aarbecht am Trafic matschwëmms, verbrauchs de praktesch kee Bensinn. Als Plug-In Hybrid liwwert e vollen Akku genuch Energie fir bis zu 50 Kilometer reng elektresch ze fueren. An der Praxis waren et der knapp ënner 40, wat awer och vum rietse Fouss ofhänkt. Domat muss de zwar all Owend an der Garage un d’Steckdous oder Wall-Box, mee no enger Nuecht ass den Akku erëm voll. Mee et dierf een net vergiessen, dass et kee rengen Elektroauto ass, och wann een domat elektresch fuere kann.
Du hues d’Fueren ugeschwat: wéi fiert e sech dann iwwerhaapt?
Beandrockend, virun allem wann een d’Gewiicht vun iwwer 2 Tonnen am Kapp behält. De Sprint vun 0-100 ass a 5 Sekonnen gepackt, allerdéngs just wann den Akku gelueden ass an déi zwee Motoren zesummeschaffen. Mee och wann d’Batterie bis eidel ass, sinn d’Fuerleeschtungen ëmmer nach gutt, awer den Ënnerscheed ass kloer ze spieren. D’Sprëtzegkeet ass fort, an den Duuscht gëtt vill méi grouss. Tëschent 9 an 11 Liter op 100 Kilometer huet de Bordcomputer am Test ugewisen. Dat si Wäerter, wéi déi vun engem richtegen Sportswon. Et ass also sënnvoll, reegelméisseg nozelueden.
Et ass awer net just de Verbrauch, deen deier gi kann, mee och d’Uschafung.
Den Design, dat optimiséiert Fuerwierk an de liichte Plus u Leeschtung par rapport zum normalen V60 Plug-In Hybrid léisst Volvo sech bezuelen. 69.300 Euro kascht de V60 Polestar Engineered an der Basis. Eise gutt equipéierten Testauto huet un de 77.000 Euro gekraazt. Wien bereet ass, déi Suen auszeginn, kritt dofir vill Auto fir vill Geld.
Wien awer e reng elektresche Volvo wëll, muss sech nach gedëllegen. Den XC40 Recharge steet an de Startlächer. Oder du ëmkucks dech bei Polestar, well dat ass zanter 2017 eng eege Mark, déi sech bei Volvo ëm déi reng elektresch Gamme këmmert.