Seat Leon FR
-
De PLUS
- Dynamesch sportiv
-
De MINUS
- Sëtzer
Seat mat engem Hauch Lamborghini gëtt et haut am Automag.
Wéi dat fonctionéiert, verréit eis de Christian Schmit. Well dee war mat der 4. Generatioun vum Seat Leon ënnerwee.
Eigentlech sollte mir eis well Enn Mäerz zu Barcelona kenneléieren. Den neie Seat Leon an ech. Mee du koum, dir wësst scho wat, an doraus gouf dunn mol näischt. Elo dann op Lëtzebuerger Stroossen, wann och just vu kuerzer Dauer.
Born in the sun stoung grouss um Testauto, bon eisen éischte Kontakt war mol am Schloreen. Mee an der Sonn konnte mir herno awer och nach fueren.
Seat mat engem Hauch Lambrghini, dat geet, well allebéid Marken zum grousse VW Grupp gehéieren. Seat huet jo nach ëmmer e bësse méi di temperamentvoll Roll am Konzern gespillt, an déi Kéier goufen et Applikatiounen um Amaturebried, déi un den italienesche Sportswon erënneren.
De Leon koum eng éischte Kéier 1999 an de Showroom. Ëmmer mat där e bësse méi temperamentvoller Optik, wéi di aner Modeller aus der VW a Skoda-Famill. Net evident fir de Spuenier made in Martorell, sech do duerchzesetzen. Well bei Volkswagen ass alles kloer definéiert a strukturéiert.
Optesch grouss Iwweraschungen beim neie Leon?
Also di däitsch Kolleege géife soen „das Design verschärft“, an dat trëfft et och zimmlech gutt. En duerchgehend LED-Liichtband um Mallendeckel fält engem gläich an d’A. D’Proportioune goufen och verännert, wat bedeit, dass deen Neien elo e Radstand vun 2m69 opweist. Bal 9 Zentimeter méi laang gouf en, op 4m37, an awer dofir méi schmuel a manner héich. Wierkt méi harmonesch géif ech soen.
An d’Mall passe weiderhin 380 Liter fir op d’Rees oder Akeef. Nei Faarwen sinn elo ze kréien. Dat „Desire Red“ steet dem Leon ganz gutt, heescht dann awer och schonn 860 Euro méi investéieren. Di zweediereg Versioun SC ass net méi am Programm. Mir sinn di optesch ganz sportiv Variant, den FR, gefuer.
Bannenan och vill Neies ze notéieren?
Do ass elo alles digital. Den Ecran fir Navi an Infotainment ass op 10,25 Zoll gewuess. Digital vernetzt vun Online-Navigatioun a Remote Accès via App. Apple Wireless Carplay fonctionéiert iwwer Bluetooth, WLAN an Android Auto mat Kabel Verbindung.
Eng Sprooche-Steierung ass och elo u Bord. All ze vill spuenesch muss een elo net kënnen, fir dass de Leon engem seng Wënsch fir Temperatur a Musek ännert.
D’Ergonomie fält positiv op, d’Sëtzer op deenen e Plaz hëlt, manner. Fillt sech wéi Schaumstoff un, a fir meng Begrëffer och ze mell. D’Mulitfunktiouns-Steierad läit gutt an der Hand, an iwwer d’Veraarbechtung gëtt et och bis op haarde Plastik, wéineg auszesetzen.
Wat gouf dann ënnert der Hauf gebueden?
Hei dierf sech Seat jo am VW Regal zerwéieren. An esou war et den 1.5 e TSI 4 Zylinder mat 150 PS, konventionellem Turbo an 48 Volt Mild Hybrid. En plus en 13 kw/h Akku, 250Nm Dréimoment a wann erlaabt, 210 km/h. Mat 6,5 Liter Verbrauch léisst sech liewen. Mam Sportfuerwierk, an der 7 Gang DSG Boîte passt dat gutt zesummen. Fuerverhalen ass neutral, den Handling ouni Surprisen an dobäi, trotz FR Emblème, nach confortabel.En deelweist autonoomt Fueren ass elo dran, virausgesat et léisst een de Volant net méi wéi 15 Sekonne lass.
Resumé a Präislëscht dann nach wannechgelift?
Och de Seat Leon Nummer 4 bleift di méi feiereg spuenesch Alternativ zum Golf. Dynamesch sportiv am Alldag, a mat 27.765 Euro au départ gënschteg. Mee villes wat e gären hätt, kascht extra, an esou koum den Testauto op 34.365 Euro.