Alpina
-
De PLUS
- Veraarbechtung
- Exklusivitéit
-
De MINUS
- Präisser
Alpina ass am bayereschen Buchloe doheem, an et huet ee sech op BMW-Modeller spezialiséiert.
Den Konstrukteur vu ganz exklusiven Ween hat dëser Deeg op eng Presentatioun an Däitschland invitéiert, an de Christian Schmit war mat dobäi.
ALPINA hat op Bad Driburg an en Health and Balance Resort invitéiert fir seng neiste Kreatiounen ze presentéieren. Ma wann dat kee gutt Omen war.
1965 geet et lass. Vun jee hir hat ee sech dem „Haut de gamme“ a sportive Modeller vun BMW verschriwwen. 1983 konnt de Firmegrënner, Burkard Bovensiepen sech Autokonstrukteur nennen. D’Mark Alpina war dunn offiziell enregistréiert. Et blouf bis haut bei klenge Serien an exklusive Modeller. Grad emol eng 1.600 Stéck d’Joer ginn ausgeliwwert. De père en fils geet et viru bei Alpina. Nom Burkard elo den Andreas Bovensiepen.
Nei an d’Gamme kommen elo de B3, den D3 S, an den groussen XB 7.
Alpina hat eegens de Bilster Berg gelount. Eng Rennstreck, déi eréischt viru 7 Joer ageweit gouf. Ideal fir esou sportleche Kandidaten op den Zant ze fillen. Whoaw, déi 4,2 Kilometer Piste hunn et an sech, an Bravo un d’Alpina-Team aus der klenger exklusiver Auto-Schmëtt am Ostallgäu.
Di ganz Gamme konnte mir iwwer de Circuit joen, mee esou en Alpina léisst sech mat sengem top-ofgestëmmte Fuerwierk an der X-Drive Traktioun, sou guer net aus der Rou bréngen. Besonnesch beandrockend war dat u Bord vum 2,7 Tonne schwéieren XB 7, dem neie Flagscheff bei Alpina.
Um Programm awer och Technik-Presentatioun a Fuerimpressiounen op der Landstrooss. D'BMW Mild-Hybrid-Technologie mécht deen neien Alpina elo effizient, trotz där ausgepräägter Dynamik. Sou ass dee jéngsten Alpina als Dieselmodell eng gutt Alternativ fir deen, dee sportiv ënnerwee wëll sinn, an awer net ze vill Sprit well verbrauchen.
All Modell entsteet an enker Zesummenaarbecht mat BMW, mee et ginn och technesch Eegenentwécklungen. Beispillsweis de ganz raffinéierte Killsystem oder Tri-Turbo, fir di Motoen, déi op Diesel oder Bensinner extreem gutt am Fudder stinn.
Beim Sprint op 100, an och am Kapitel Endvitesse ass een eigentlech ëmmer e Schrack viraus. Houfreg betount een, dass bei Alpina, anescht wéi bei der Konkurrenz, keen Oppräis fälleg ass, fir méi wéi 250 km/h dierfen ze fueren.
Genee wéi ënnert der Hauf gëtt och bannenan feinsten Zwier gebueden. D’Lavalina-Lieder einfach e Genoss. Jo a well den Alpina-Importateur fir Lëtzebuerg eis frëndlecherweis en Testauto zur Dispositioun gestallt huet, hate mir schonn um Wee dohin Geleeënheet eis vun de souveräne Fuerleeschtungen an dem Confort ze iwwerzeegen.
Alpina, eng vun de leschten Automobil-Manufakturen, schéin dass mir eis kennegeléiert hunn.