Renault Captur
-
De PLUS
- Präis-Leeschtung
- Individualiséierungsméiglechkeeten
-
De MINUS
- Ze vill Knäppercher um Steierrad
- Elektronik-Problemer
Am Automag vun haut schwätze mir iwwert e Vertrieder aus der Kategorie vun de klengen SUV’en.
Et ass ee vun de meescht-verkaafte Modeller bei Renault, deen a senger zweeter Oplag e bësse gewuess ass. Mir schwätze vum Renault Captur.
Jo, den neie Renault Captur ass liicht gewuess am Verglach mat sengem Virgänger. Hie baséiert elo op der neier Clio-Plattform an ass ganzer 11 Zentimeter méi laang wéi virdrun, a kënnt op 4m23 Längt, wat quasi sou laang ass ewéi e VW T-Roc. An der Breet ass en 2cm gewuess. An der Héicht bleift ee mat 1m57 quasi um Niveau vu virdrun.
Duerch déi nei Dimensiounen ass natierlech och d’Mall gewuess, vu virdrun 455 Liter op elo 536 Liter, wann een d’Réckbänk liicht no vir réckelt, wat iwweregens ganz einfach vun der Mall aus mat enger Hand geet. Wann een d’Réckbänk dann nach ëmklappt, huet ee ganzer 1275 Liter Plaz... do kritt ee sou munches eran.
D’Ausmoosse sinn awer wuel kaum dat eenzegt wat geännert huet?
Nee op kee Fall... Den ale Captur ass dann dach e bëssen an d’Jore komm, dofir gouf beim neien eemol alles op de Leescht geholl. Et erkennt een en ëmmer nach ganz kloer als Captur, ma souwuel baussen, wéi och banne gouf e komplett moderniséiert. E krut méi e breede Grill un der Front, schwaarz Loftaläss ma virun allem falen déi nei geformte Luuchten am LED-Design op, déi staark un de Renault Clio erënneren.
Am Banneraum gouf eemol alles op d’Kopp gedréint an nei entwéckelt. D’Veraarbechtung ass ganz gutt muss ech soen, ma dat hänkt wuel och domat zesummen, dass mir wierklech den Topmodell als Test-Auto zur Verfügung gestallt kruten, nämlech d’Editioun “Initiale Paris”. Wat d’Instrumenter ugeet, ass am neie Captur alles digital. Do fält virun allem den 9,3 Zoll groussen Touchscreen an der Mëttelkonsol op, vun deem aus een alles steiere kann. Do gehéieren Apple Carplay an Android Auto dann och zum Basisequipement. Och den Tacho ass komplett digital an et kann een auswielen, wéi eng Informatiounen ee wëll ugewise kréien. D’Steierrad läit ganz gutt an der Hand an et huet ee vun do aus schonn e sëllechen Astellméiglechkeeten... vläicht souguer en Tick zevill, well ech hu mech ëmmer nees dobäi erwëscht, wéi ech rof op déi vill Knäppercher gekuckt hunn, fir sécher ze sinn, wéi een ech dann elo drécke muss. Den Auto ass dann och mam Internet verbonnen, wat virun allem beim Navi zegutt kënnt. Plaze fir säi Portmonni, den Handy oder d’Schlësselen hinzeleeën, ginn et der dann och e sëllechen.
De klenge Fransous kann een och staark individualiséieren?
Jo Renault selwer gëtt un, dass et bis zu 90 Captur-Variante ginn, wann een am Katalog déi verschidde Faarwen a Stoffer asw zesummekombinéiert. Déi hunn ech awer elo net nogezielt a vertrauen hiren Aussoen einfach emol. Ech hat wéi gesot den Topmodell als Testauto, wou baussen Chromelementer dominéieren, an am Banneraum Liedersëtzer, déi iwweregens ganz bequeem waren, an e Bose-Soundsystem, dee fir en agréabele Musekgenoss suergt.... wann en da funktionéiert. De ganzen Audio-Deel hat sech wärend mengem Test nämlech emol fir e puer Stonnen ausgeschalt. Wärend där Zäit hat ech d’Geleeënheet ze lauschteren, ob et iergendwou quietscht oder kréckelt... ma dat war net de Fall.
Wéi gesäit et da bei de Motoriséierungen aus?
Ech konnt den 155 PS Turbo-Bensinner a Kombinatioun mat enger 7-Gang Automatik testen. Dee Motor huet definitiv genuch Leeschtung fir de klengen SUV. D’7-Gang Automatik huet mech dogéint net wierklech iwwerzeegt. D’Schaltvirgäng waren deels immens lues a virun allem wann ee beim parken tëscht Drive an Hannerzegfueren huet musse wiesselen, hat d’Boite dann awer sou déi eng oder aner Denkpaus agebaut. A wann een dann de “Park-Knäppchen” gedréckt huet... ass de Motor ausgaangen..., awer direkt nees ugesprong, wat wuel esou net geduecht war. Renault huet mer awer verséchert, si géife sech där Saach unhuelen. Mat engem Software-Update dierft dat alles an de Grëff ze kréie sinn.
Et ginn dann nach Bensinner mat 100 an 130 PS, grad ewéi en Diesel mat 115 PS.
Den Testauto war uginn mat engem Duerchschnëttsverbrauch no WLTP vu 6,5 Liter. Do sinn ech mat menge 6,7 Liter dann och bal drun erukomm, wat méi wéi korrekt ass.
Zu gudder Lescht dann déi üblech Fro nom Präis. Wat muss een ausginn, wann een den neie Renault Captur fuere wëll?
Lass geet et an der Basis mat “ouni” Optioune bei 17.700 Euro. Den Topmodell “Initiale Paris” läit dann awer scho gutt équipéiert bei bal 31.000 Euro. Do huet een dann awer alles dobäi, wat ee sech wënsche kann. Sief et e gliesene Panorama-Toit-Ouvrant, Liedersinterieur, e sëllechen Assistenz-Systemer, eng 360 Grad Kamera, behëtzte Steierrad, asw asw...